Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Foto vun der Mëllechstrooss déi ech an der Vakanz gemaach hunn. Ech hat eigentlech wëlles der nach méi spéit och ze maachen, allerdings waren ëmmer relativ vill Wolléken um Himmel an herno huet de Mound mer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach well deen ze no dru war an dann alles iwwerstrahlt huet.
Se ass gemaach op der Insel "Moorea", direkt nieft Tahiti.