Thema: Canon service Letzebuerg |
kola
Antworten: |
8 |
Hits: |
33.809 |
|
|
Ech haat virun zwou Wochen mein an dem alma sein Tele 70-300 IS weinst dem berühmten Schärfteproblem an Deitschland bei hir Vertragswerkstatt op Willich agescheckt fir ze reparéiren.
Innerhalb vun 6 Deeg nom Fortschecken stoung den DHL-Männchen mam Pack bei mir op der Hausdiir. Déi zwee Objektiver waren gefleckt an funktionnéieren elo einwandfrei !
Daat nennen ech ´service rapide´
Hei d´Adress :
Canon Deutschland GmbH
CCI Service Center Willich
Siemensring 90-92
D-47877 Willich
Mat der ´Eingangsbestätigung´ kritt een eng Auftragsnummer mat der een op hirem Site permament kann verfolegen wou den Apparat grad drun ass !
|
|
Thema: Team Contest |
kola
Antworten: |
195 |
Hits: |
474.891 |
|
|
Ech hun elo grad gesinn, den Contest ass verlängert ginn bis den 03. August ...
Daat ass relativ schlecht, well den Weekend vum 03. bis den 05. August sinn ech nët do !
Ass et dofir nët méigelech den Contest bis den 03. September ze verlängeren ?
|
|
Thema: Team Contest |
kola
Antworten: |
195 |
Hits: |
474.891 |
|
|
an een weider Team wär dann alma/kola
|
|
Thema: Rätsel am Forum |
kola
Antworten: |
54 |
Hits: |
96.937 |
|
|
Ass daat nët deen, den esou immens frouh ass mam Diekrëcher Béier ... obschons hien guer nët aus dem Eck ass ...
|
|
Thema: Canon Objektiv |
kola
Antworten: |
5 |
Hits: |
25.477 |
|
|
Also bei mir sin bei all mengen leschten Landschaftsfotoen déi 28mm nach ëmmer gudd duer gaangen. Wann et dann eng Kéier nët sollt duer goen, kanns du jo nach ëmmer d'Kitobjektiv huelen oder e puer Fotoen nierwendeneen machen, an dann als Panorama zesummensetzen
Ech vermëssen am Fong just een Weitwenkel an der Stadt an dobannen
|
|
Thema: Canon Objektiv |
kola
Antworten: |
5 |
Hits: |
25.477 |
|
|
Majo wann's du niewt dengem Tele een Objektiv wells waat's du relativ vill a verschidde kanns asetzen, dann kann ech dir d'Canon 28-135 IS recommandéieren. Ech hun mir daat dëst Fréijoer kaaft, hun ët den gréissten Deel vun der Zait drop, an sin ganz zefridden dermat, haaptsächlëch wéinst dem Bildstabilisator. An den Preis fannen ech och ganz an der Réi.
Daat eenzegt ass, dann hues du keen richtegen Weitwenkel méi, mee do musst du kucken ob's du den wirklech oft brauchs ! An wann nët, dann kanns du fir déi puer Kéieren jo nach ëmmer d'Kitobjektiv huelen
|
|
Thema: Contest Concept |
kola
Antworten: |
249 |
Hits: |
507.769 |
|
|
Jean-Jos, vun mir kriss du Thema 'Signalfaarw ROUT'
|
|
Thema: Contest Concept |
kola
Antworten: |
249 |
Hits: |
507.769 |
|
|
@yoshi : Fir mech ass déi Reihenfolge ok.
Ech setzen dann den Jean-Jos hannendrun, dann gesait d'Ketten sou aus :
JADE -> Moggy -> Laurent -> Ploro -> Neckel -> Mojoo -> mmphotos -> Johny -> Maggele -> olimi -> patty-> Lydie -> yoshi -> Knolles -> Dan -> kola -> Jean-Jos
|
|
Thema: Contest Concept |
kola
Antworten: |
249 |
Hits: |
507.769 |
|
|
An d'Ketten gët ëmmer méi laang, well ech maachen och mat
|
|
Thema: Waat ass daat`?! |
kola
Antworten: |
11 |
Hits: |
27.751 |
|
|
16.05.2006 00:13 |
Forum: Misc |
Stell emol den Waissofglaich op Konschtliicht, dann misst ët besser gin.
|
|
Thema: Missed the target?? |
kola
Antworten: |
22 |
Hits: |
57.878 |
|
|
Ech géif virschloen op déi 1.Sait déi genau Zielsetzung vun dësem site mol ze erklären. Sou gesait dann all neien User direkt wat fir eng Sorte Fotoen hien hei kann eroplueden. Op der selwëchter Plaatz kéint een dann och nach aner Saachen wéi z.Bsp. de Sënn vun den Kommentaren resp. de Vote-System erklären.
|
|
Thema: Esch Belval (Arcelor) |
kola
Antworten: |
9 |
Hits: |
34.849 |
|
|
Géif mëch och interesséieren, hänkt awer och dervun of wéini ët ass !
|
|
Thema: [Coming] Voting (et muss eps aenneren) |
kola
Antworten: |
103 |
Hits: |
183.543 |
|
|
@Johny : Du sees dass fir richtëg d'Leit sëch och lo (ouni Andeelung vum Voting ) schon SOLLEN Gedanken iwert alles maachen, all Aspekt vun der Foto, an dat läit just un de User selwer.
Do gin ech dir vollkommen Recht. Mee grad well dat just um User eleng lait ob den sëch déi Gedanken mecht, an dann seng Kritik dohinnerschréift oder nët entsteht ganz oft folgend Situatioun :
http://www.photogen.lu/index.php?page=vi...&old_new_page=1
Dës Foto déi mat 2 gevote gin ass, an wou dann als enzeg sou e onbrauchbaren Kommentar derbai steet, wat soll den Auteur vun der Foto dann elo doraus léieren ?
|
|
Thema: [Coming] Voting (et muss eps aenneren) |
kola
Antworten: |
103 |
Hits: |
183.543 |
|
|
Fir dass d'Votes erëm méi Bedéitung sollen kréien, an fir dass se och méi sollen aussoen, géif ech proposéieren dass eng Foto nët soll mat enger globaler Note bewert gin, mee den Voting soll opgedeelt gin an verschidden Rubriquen wéi z.Bsp Originalitéit, Ëmsetzung, Technik, asw. Aus dësen Eenzelbewertungen géif dann e Gesamtranking gerechent gin. (An der Schoul gët an verschidden Fächer jo och esou bewert) Doduerch géif den jeweilegen User och éischter erkennen wat un senger Foto gudd oder nët gudd ass, an dann doraus léieren.
Dëst schléisst awer nët aus dass een dernierwend och nach am Comment kann eng Remarque maachen.
Fir den Voting dann nach e bëschen ze vereinfachen, mengen ech wier ët villaicht fie verschidden Leit eng kleng Hellef wann bei all Zuel der Votingslëscht géif en Wuert derbai stoen (am Moment just 10=top, 5=mëttel, 1=schlecht) wat déi Zuel dann soll bedéiten(z.Bsp. exzellent, ganz gut, gut, durchschnëttlëch, ...)
|
|
|