Baba
Eroberer
Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver
|
|
Salut Alleguer
Ech brauch allt erem mol är Hëllëf.
Ech gin an 2 Wochen op NY an mier do geplangt och Owes Fotoen maachen ze goen. Virunallem ginn mier bis an Brookly eriwer fier Nuetsopnahmen vun der Brooklyn-Bridge an am Hannergrond NY-Skyline. Elo hun ech awer guer keng Erfaarung domadden.
Waat fier en Objektiv wier do ubruecht?
Wéi soll een Beliichtungszäit an Blend astellen? Ech wees dann kann een och ausprobéieren mee ech wollt awer elo nët deen ganzen Owend domadden verbrengen fier ze probéieren.
Ech wollt och en groussen Panorama maachen. Wéivill eenzel Biller sollt een minimum maachen? Ech wees datt een do schon sollt emol déi nà mlech Beliichtungszäit huelen an och déi nämlecht Blend. Mier wärten nët parallel zu der Breck sinn, waat et nët méi einfach mecht.
Nojee dier gesidd ech sinn en Noob
Ech soen iech elo schon villmols Merci fier är Hëllëf.
Alain
alias Baba
__________________
|
|
04.12.2010 19:58 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Dat kléngt elo krass, mä wann s de net motivéiert bass fir en ganzen Owend ze probéieren ass al Rot deen s de hei kriss souwisou fir d'Katz. Setz d'Theorie opmannst eemol an d^Praxis ëm iers de eng wichteg Foto esou wëlls maachen.
Sich der eng Blend mat der alles schaarf gëtt, pass d'Beliichtungszäit un bis däin Histogramm ok ausgesäit, wiel eng Brennwäit déi fir den Kadrage ugepasst ass. Et mécht net vill Sënn der Zuelen ze nennen, well di sinn an all Situatioun anescht.
Vill Spaass beim probéieren, an Bonne Chance zu NY.
__________________ www.gloda.net
|
|
04.12.2010 20:15 |
|
|
Baba
Eroberer
Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver
Themenstarter
|
|
Merci gloda
Et ass nët datt ech nët motiwéiert sinn, am contraire. Mee ech wees jo nët wéi daat genau elo do ass
Mee ech wärt probéieren d'Théorie esou gudd emzesetzen wei meiglech.
Waat ass dann vun Objektief am beschten ubruecht. Ech hun just zwee Objektiever. En Sigma 18-200mm F3,5-6,3 DC OS an en Sigma 24-70/F2,8 EX DG Asp. Makro daat ganzt un enger Canon EOS 1000D. Ech wollt mier eventuell nach een Objektief , villäicht en UWW, leinen. Mee ass daat iwerhaapt ubruecht fier Panorama Fotoen zemaachen?
__________________
|
|
04.12.2010 21:39 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
trépied, fernauslöser, blend 8-11 wenst der déiftenschärft, iso 100 je no fotoapparat, UWW ass eng gutt iddi
vill spass
|
|
07.12.2010 10:02 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Salut Baba,
den xaph sot schon..Stativ ass wichteg....mais duerf net mat an den Fligger...
an wei den gloda schon sott, wär en testlaaf net schlecht.
Also deng Knips apacken, en waarm Jacket un, an lass.....an hei wesien waat dobäi erauskom ass.
kuck och mol HEI
Hoffen daat helleft e bessi
Steve
|
|
07.12.2010 10:46 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
"Stativ ass wichteg....mais duerf net mat an den Fligger..." an d'valise awer
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
07.12.2010 11:34 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von mmphotos
"Stativ ass wichteg....mais duerf net mat an den Fligger..." an d'valise awer
|
jo do hues du vollkommen recht, mais awer verlueren Platz an der Valise....bei enger Rees an d'States war meng Valise nach emmer ze kleng fir Heem
|
|
07.12.2010 11:40 |
|
|
Baba
Eroberer
Dabei seit: 03.10.2008
Beiträge: 54
Herkunft: Woiver
Themenstarter
|
|
Merci xaph32 an McQueen an gloda an mmphotos
Jo en Stativ hun ech an daat geet an d'Valise.
Jo a wann ech erem kommen wärt bestemmt net genuch Plaaz an der Valis sin. Mee mier sinn zu 11 déi op NY ginn dann fënnt sech emmer an enger Valise genuch Plaaz
Ech sin ganz benzeg fier op NY.
Merci fier är Hëllëf.
Merci och McQueen fier den internet-Site deen ass ganz interessant.
__________________
|
|
09.12.2010 22:48 |
|
|
|