NikonD80
Grünschnabel
Dabei seit: 10.09.2007
Beiträge: 5
|
|
Elo, wou mein Fotogeschäft zu Dideleng definitif zou gemach huet, ech war do iwer 30 Jor lang Client, vir d'éischt beim Baltes Aly, duerno beim Dichter, hat ech e Problem, wou ech géif meng Sachen an Zukunft kafen. Ech wollt mir elo den 16-85 vun Nikon kafen, an hat an den Zeitungen d'Praiser besse studéiert. De normale Prais war tëschent 550,- an 600,-€. Vue que dat den neien Saturn sou bellëg sollt sin, sie hassen schliesslech "deier", sin ech och dohin kucken gangen. Mee, oh Schreck, do leit dat Objektiv fir 736,-€ an der Vitrine. Iwer Internet hun ech dun "Fotemia" an Daitschland fond. Do war dat Objektiv fir 489,-€ annoncéiert. Ech hun do bestallt, an no enger Woche hat ech d'Objektiv am Grapp.
Den 16-85 mat UV-Filter vun B+W, mat Versandt fir 532,-€.
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von NikonD80 am 06.12.2008 07:32.
|
|
06.12.2008 07:30 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
RE: Wou elo Material kafen ? |
|
mir hu jo hei am Land nët vill Fotogeschäfter mei, leider. Mais, daat as wei mat allem, am I-net as bal alles mei bëlleg an daat mëcht d'Geschäfter futti. Jo, och ëch hu schon an den USA kaaft, hun och en besselchen e schlecht Gewessen, von wegen, mir mussen eis Händler ënnerstëtzen asw.......... mais, wann en Objektiv , daat hei oder och am Deitschen I-net 1.300.- Euro kascht, an den Usa awer "nëmmen" 1.050.- , dann denken ëch, dat dei méescht Leit daat verstinn. Et war nat. och nëmmen eng Zeitchen, wou den Dollar sou deif war, haut as den Ennerschéed, denken ëch, nët mei sou grouss !
Ech hun awer och schon zB. zu Ettelbreck gënschtegt Material kaaft. Wann éen mam Patron schwätzt, dann as best. och heiando nach äppes ze maachen ! Gudd Nikon Preisser hun ëch och schon beim -Fototrade- zu Hollerech gesinn !
|
|
06.12.2008 10:18 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
RE: Wou elo Material kafen ? |
|
Zitat: |
Original von arwa
Gudd Nikon Preisser hun ëch och schon beim -Fototrade- zu Hollerech gesinn ! |
eigentlech och gudd Canon-Präisser.....hu grad verschiddenes do kaaft - zwar bëssen méi déier wéi um I-net, mee ech denken och et soll een nët op 50€ kucken, déi et evtl. am Geschäft méi déier ass wéi um I-net - dat sin grad mol 2 Pizza'en mat eppes ze drénken an engem Dessert. Wëll wann eng Kéier e Garantie-Fall ass, dann ass een mam I-net-shop zimlech blöd drun....
nujee - jidfereen decidéiert dat fir sech.
|
|
06.12.2008 10:52 |
|
|
Jean-Jos unregistriert
|
|
Ech kann op alle Fall de Mirgain an der Stad recommandéieren: ech hat do uganks dës Joers mäin 10-22mm-Sigma kaaft, et allerdéngs schon 2 x an der Reparatur op Garantie misse gin. Wéi et déi 2. Kéier ze lang gedauert huet (woufir de Mirgain jo näischt konnt), hun ech schrëftlech reklaméiert an onkomplizéiert e neit kritt. Als Vendeur rekommandéieren ech do onbedéngt de Franck (franséisch-sproochég): e kennt eppes a beréid gutt. Vun dénen 3 anere sin ech nët begeeschtert.
.
|
|
06.12.2008 11:41 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ettelbréck - fotocenter (www.fotocenter.lu)
an sech en Verkeefer eraussichen aus e puer fir dass een eng gutt Berodung kritt, muss een do och net
__________________ 404 - Not found
|
|
06.12.2008 13:10 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
Zitat: |
Original von Jean-Jos
Ech kann op alle Fall de Mirgain an der Stad recommandéieren....... Vun dénen 3 anere sin ech nët begeeschtert.
. |
Hmmm - opgepasst awer mat de Präisser - locker 10% méi déier wéi den Fototrade - ofgesinn vun denen aneren 3 wou's de nët begeeschtert bass -do kéint ech Saachen verzielen....loossen dat dann awer mol einfach
|
|
06.12.2008 13:12 |
|
|
Jean-Jos unregistriert
|
|
Präisser: awer och do léisst sech handelen (méng Erfahrung).
zu denen aneren 3: do kéint ech och vill erzielen, grad dofir, onbedéngt nom Franck froen
|
|
06.12.2008 13:38 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
[i]
Ech ka mech dem Johny do just uschléissen: Fotocenter zu Ettelbréck! |
soën ëch jo
also, an Zukunft, all op Ettelbreck :-))
|
|
06.12.2008 15:53 |
|
|
NikonD80
Grünschnabel
Dabei seit: 10.09.2007
Beiträge: 5
Themenstarter
|
|
ech soen iech merci fir d'äntwerten
d'objektiv hun ech elo, an wahrscheinlech brauchen ech an der nächster zeit naischt méi, mee kann een jo nie wëssen...
op jiddenfall wësst dir, dat mam saturn, ausser de promotiounen, och kee geschäft ze machen ass.....
|
|
07.12.2008 06:32 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von NikonD80
ech soen iech merci fir d'äntwerten
d'objektiv hun ech elo, an wahrscheinlech brauchen ech an der nächster zeit naischt méi, mee kann een jo nie wëssen...
op jiddenfall wësst dir, dat mam saturn, ausser de promotiounen, och kee geschäft ze machen ass..... |
Et wonnert mech, dass déi Butécker esou gudd lafen. Ech hat mer och hier Photossaachen ugekuckt an hu nemme gestaunt, wat d'Präisser betrefft. Kafe kann een do effektiv nemmen dat wat an er Reklamm as.
Vläit sollt ee nach Photo Schäffer (de Fränz) vu Remmeleng erwähnen. Ganz kompetent an d'Präisser sin och dacks an der Rei. Mee wéi laang nach? Wann den Här Schäffer sech d'Pensioun eng KÃer gönnt, dann hu mer erem eng Adresse manner.
|
|
07.12.2008 11:53 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Ech kaaffen mein Material schon seit Joeren an Deitschland
an daat aus verschieden Grenn :
1) well se mei belleg sin wei hei. Wann een hei fir verschieden objectiver 20%oder mei muss mei blechen wei an Deitschland wier een en idiot wann een saachen geif hei kaaffen.
2)Sie hun Saachen do op Stock, an wann net hun se et an enger Woch. Am kloer text heescht daat wann ech mer well en 300mm 2,8 kaaffen, gin ech dohin an et leit do, hei muss ech 6 meint drop waarden. ausser fir dei 08/15 lensen fir 100 eur dei fir neischt ze gebrauchen sin.
3) Letz fiert iwert Canon Belgium, an mat deenen sin ech net grad ganz frou, well all keirs wanns de deenen en apparat ranschecks brauchen dei 3 meint an daat ding geet duerno nach emmer net. Anescht an Deitschland. Camera freckt, war grad do, eng woch drop haat ech per post(!!!) net email, den devis do leien waat freckt ass an weivill et kascht.net schlecht, wann een bedenkt dass dei den apparat mussen ranschecken, canon muss kucken waat freckt ass, dei mussen d'infos weider gin un geschäft an dei schecken mer en breif an post ass jo net grad dei schnellsten
an et war em Chrechtdag, wou dei jongen an aarbescht ersaufen.
an dofir gin ech an Deitschland
|
|
08.12.2008 09:44 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
Zitat: |
Original von Schlimpitz
Ech kaaffen mein Material schon seit Joeren an Deitschland
an daat aus verschieden Grenn :
1) well se mei belleg sin wei hei. Wann een hei fir verschieden objectiver 20%oder mei muss mei blechen wei an Deitschland wier een en idiot wann een saachen geif hei kaaffen.
2)Sie hun Saachen do op Stock, an wann net hun se et an enger Woch. Am kloer text heescht daat wann ech mer well en 300mm 2,8 kaaffen, gin ech dohin an et leit do, hei muss ech 6 meint drop waarden. ausser fir dei 08/15 lensen fir 100 eur dei fir neischt ze gebrauchen sin.
3) Letz fiert iwert Canon Belgium, an mat deenen sin ech net grad ganz frou, well all keirs wanns de deenen en apparat ranschecks brauchen dei 3 meint an daat ding geet duerno nach emmer net. Anescht an Deitschland. Camera freckt, war grad do, eng woch drop haat ech per post(!!!) net email, den devis do leien waat freckt ass an weivill et kascht.net schlecht, wann een bedenkt dass dei den apparat mussen ranschecken, canon muss kucken waat freckt ass, dei mussen d'infos weider gin un geschäft an dei schecken mer en breif an post ass jo net grad dei schnellsten
an et war em Chrechtdag, wou dei jongen an aarbescht ersaufen.
an dofir gin ech an Deitschland |
..du kriss awer gären eng lëtzebuerger Pei, oder och léiwer eng däitsch ?
...mee et ass sécher däi gudd Recht et esou ze machen, wéi's du schréiws...
|
|
08.12.2008 10:57 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Dass mer mat eisen Akeef am Ausland eisem Land secher e besse schueden streiden ech nët of.
Mee wéini erkennen eis Geschäftsleit dann endlech, ENDLECH, dass mer hei zu Lëtzebuerg nach esou zimmlech hannert dem Mound liewen, wat schnell Verfügbarkeet an Top-Präisser betrefft?
|
|
08.12.2008 11:44 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von galileo
..du kriss awer gären eng lëtzebuerger Pei, oder och léiwer eng däitsch ?
...mee et ass sécher däi gudd Recht et esou ze machen, wéi's du schréiws... |
waat huet daat mat enger deitscher pei ze din?
ech gesin et net an hei ankaaffen ze goen an iwerheischt preiiser ze bezuelen, gehierlos liewerzeiten ankaaf ze huelen mat engem service apres vente deen schrott ass. (natierlech gin et och ausnahmen)
Desweideren erenneren ech dech drun dass letz vun der theorie hier mei belleg missten sin wei preisen. 15% tva anstatt 19. Vill manner steiren wei preisen. asw
Deen do sproch heiren ech bei all concert wou eng letz band spillt : Kaaf eis CD fir 20 EUR, sie dacht zwar neischt mee weinstens supports de letz musek scene
(dofir brengen se der jo och all mount 5 raus well et sou vill domm leit gin dei se jo kaaffen, et muss een jo supporten)
Daat ass genau sou eng iwerleeung
Wann ech muer en geschäft opmachen wous de 50% mei bezills wei an Deitschland, kenns du dann och bei mech kaaffen sust fir letz wirtschaft ze supporten?
Geif mech interesseiren, well wann jo machen ech muer en geschäft op
|
|
08.12.2008 12:12 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von patrickr
Dass mer mat eisen Akeef am Ausland eisem Land secher e besse schueden streiden ech nët of.
Mee wéini erkennen eis Geschäftsleit dann endlech, ENDLECH, dass mer hei zu Lëtzebuerg nach esou zimmlech hannert dem Mound liewen, wat schnell Verfügbarkeet an Top-Präisser betrefft? |
do gin ech der recht.
Letzebuerg mengt nach emmer et wir eng insel.
Firwaat soll ech fir eppes 1500 eur bezeulen wann ech et an deitschland fir 1000 eur kreien? Sust fir dass den Letz. geschäftsmann sech nach e mei decken auto kann kaaffen wei ech schon huet? (daat ass lo allgemengt bezun)
daat mat der verfügbarkeet waat Canon lo ungeet dofir kann letz neischt, daat ass en Canon Belgium problem, deen iwregens schons seit joeren bekannt ass.
|
|
08.12.2008 12:16 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von Schlimpitz
Zitat: |
Original von patrickr
Dass mer mat eisen Akeef am Ausland eisem Land secher e besse schueden streiden ech nët of.
Mee wéini erkennen eis Geschäftsleit dann endlech, ENDLECH, dass mer hei zu Lëtzebuerg nach esou zimmlech hannert dem Mound liewen, wat schnell Verfügbarkeet an Top-Präisser betrefft? |
do gin ech der recht.
Letzebuerg mengt nach emmer et wir eng insel.
Firwaat soll ech fir eppes 1500 eur bezeulen wann ech et an deitschland fir 1000 eur kreien? Sust fir dass den Letz. geschäftsmann sech nach e mei decken auto kann kaaffen wei ech schon huet? (daat ass lo allgemengt bezun)
daat mat der verfügbarkeet waat Canon lo ungeet dofir kann letz neischt, daat ass en Canon Belgium problem, deen iwregens schons seit joeren bekannt ass. |
a propos Pei,
eng Deitsch Pei geseit awer - gaaaaaaaaaaaaaanz - aanescht aus, wei eng Lëtzebuergesch, lo kënnt éen jo soën, dann as ët jo och richteg, dat d'Material mei genschteg as ................ mais daat as och rem nët wouer
dat mat déenen decken Autoën, daat gët sëch och nach eng keier, nët nëmmen bei de Geschäftsleit, an du wärs gesinn, daat géet mei seier, wie mir all zielen kënnen !!
an dann déen bekannten - Canon Belgium - Problem, do gin ëch dir - vollkommen recht, as awer leider nët nëmme bei Canon sou, mais bei ganz villen Firmen, wou mir da leider mussen iwwer Beljikistan eist Material an eis Wueren bezeihen
hat lo kuerz nach e Problem mat - Loewe - , wat jo awer och nët grad neicht as, mais ëch kann dir soën, meng gepäffert - mailen - dei ëch schlussendlech an D gescheckt hun, dei haaten op éemol Wierkong an der Belsch................. daat alles nëmmen, weinst engem Garantiefall !
|
|
08.12.2008 12:39 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Du dierfs net Netto Pei kucken mee waat een aarbeschter den Patron kascht
ok mettlerweil mat hieren 1 eur jobs do kann ech mer firstellen dass se do avantager hun.
Gleewen awer net dass an dem buttek wou ech ankaaffen gin där do schaffen, daat sin all ausgebilten fotografen dei schon joeren do sin.
mee meng net dass den klengen vendeur an engem buttek eng mega pei huet. dei hun meeschtens den mindest loun.
Natierlech wärt et sech eng keier gin, nämlech deen moment wou keen letz hei eppes mei kaaffen geet well et hei einfach vill mei deier ass wei am ausland.
Jo, also Canon sin net dei eenzeg dei mat deem Benelux problem ze din hun, kennen do och nach tonnen firmen.
Waat Fotografie unbelangt rsp Canon, well ech neischt mei mat Canon Belgium ze din hun, mein knipsi war deemols bestemmt 3-4 mol angescheckt gin, en ass iwregens nach emmer net gefleckt. Do geseit een kompetenz.
|
|
08.12.2008 12:55 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Keins du mer mol verroden wous du an deitschland saachen 25% mei belleg fens? Echgesin neemlech oft den Contraire (wann een lo net grad iwwer inet keeft)
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
08.12.2008 12:58 |
|
|
|