Kann et sin dass se liit iwerschäerft ass, oder mengen ech daat?!
Ass awer mol eng aaner, mee super teinung... och eng schein perspektiv.. geniessen se ol vun däer ze gesin
Mech irriteieren, awer nemmen liit, dei blieder ander mett riets op der sait...
jo, déi blieder sin dom wéi schäiss! tjo! wollt se mol net ewechman. si lidderech! mee et as do dann coh sou eidel. wieren 't blieder e bessi méi am ënnechten deel vun däer säit giff ech et esouguer gäil fannen! bessi ofnegere géif da schon duergoen ...
an iwwerschäerfen as méng spezialitéit! do kënnt keen u mech erun du bass et just net gewinnt schaarf fotoen ze gesin mat dénger schiebel!
Ech hun nach esou ee Buch aus de 60er Joeren mat Fotoen aus der Stad vum Edouard Kutter Jr. Des Foto géing och ganz gudd doranner passen. Dat as elo ee Kompliment un déch, net datts du méch elo falsch verstees! Ech fannen des Foto sou wéis do as, einfach nëmme schéin. De Kadrage, d'Teinung, di düster Luucht. du hues et op de Punkt bruecht. Ech gesin dës Foto a Gedanken mat enger schwéierer Opléisung vun 360dpi op engem DIN A2 Matte Photopaper-Ausdrock a gestache scharfer Qualitéit, wou ee bis an de klengsten Detail alles erkennt, an dann deet et mir leed, datt een aus méi wi verständléche Grënn hei um site "nëmmen" jpeg Qualitéit huet. Mais ënnert deene Contrainten as des Versioun exzellent.
Den Bildopbau gefällt mer ganz gudd, bis op 2 Detailer:
- d'Bréck ass ze däischter, et erkennt een nët genuch Detailer dran
- dass den Auto just hannert dem Luuchtepotto ass
ech wollt se jo esou. mee ech muss dann coh domat rechnen dass net jidderengem et gefällt mee stin awer dozou! deen auto as souwisou schiel! fir de fall dass dat déngens engkéier op pobeier kënnt gëtt den auto ewech gemach!
De Bildoppbau ass tip top a gudd Emsetzung an Grootéin. Mech stêiert et net esou, dass d' Bréck esou däichter ass, ech fannen dass dat e gudde Kontrast zum hellen Himmel mecht. Ass halt wéi emmer afg.