Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Freedom? (2)

 
Freedom? (2)
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.01.2007
  • Gekuckt:
    33739
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    765x528
  • Späicherplaz:
    282 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D50
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner
Extras:
paint.NET (huet mam Verkléngeren definitiv un qualitéit velruer, souwéi och bem Zesummesetzen)

Fir anzesetzen: [pg_img=13311]
Kommentar vum Fotograf:
Héi as dann och déi Zweet Versioun bun menger Foto. Ech haat nach bei der éischter fiergeholl se nai ze maachen. An hun d'Kritiken och hoffentlech évitéiert, respektiv ausgebessert.

Fiergänger: Freedom?


Neckel 02.01.2007 - 14:26
Mega, super Idi deen Collage, an dann vereenzelt Saachen ze fierwen .. hues dech gutt amseiert, gefällt mer closed_eye))

D'Rumm ass vleicht bessen "iwwerdriwwen", mee stiert mech net besonnesch tongue ...
Tip-top

B-)
sanitel 02.01.2007 - 14:35
Du gleews jo net waat ech mer en Kapp gemaach hun fir eng einegermosse passend Rumm fir de Collage ze fanne bigsmile
alléng d'Rummauswahl huet mech 2/5 vun der arbescht kascht bigsmile
Hun fir genee ze sin nach 6 aaner fotoe mat verschiddene Rumme und desem Collage..
Merci awersmile
Neckel 02.01.2007 - 14:38
smile)) ... hehe
LaaChkiChelChen 02.01.2007 - 14:30
Mer gefällt den Collage zwar super! An d'Rumm fannen ech fir mein Geschmack lo net iwwerdriwwen well ech fannen dass se zimmlech vill bei der Foto riets uewen ausmecht smile

Weider hunch naicht ze soen smile
sanitel 02.01.2007 - 14:37
Merci villmols fir dain Kommentar closed_eye
Kleent 02.01.2007 - 14:31
Ganz schéinen Collage!
Mech stéieren d'Rummen vun de Fotoen iwwerhaapt net... am Géigendeel, fannen se passen immens an di ganz Atmosphäer smile
Flott zesummegsaat... gudd daats de dech ameséiert hues closed_eye
sanitel 02.01.2007 - 14:38
Hehe.. Thx smile
Paukl 02.01.2007 - 14:34
Fannen dain Collage vun der Auswahl hier top. D'Fotoen sin schein cadreiert an hun schein Faarwen.
Allerdengs sin d'Rummen vun denen verschiddenen Biller an mengen Aan e bessen ze dominant. Trotzdem alles an allem eng mei wei gelongen Bildkomposition.
sanitel 02.01.2007 - 14:39
Wier frou wannsdu mer och soen géings, waat'sdu besser fanne géifs? aaner Fuerf, aaner déckt, ...?
Merci jiddefalls fir déng Kritik smile
Neckel 02.01.2007 - 14:41
Hm also d'Faarf ass schweier, vun der Deckt hir giff ech se bessen mi denn machen ...
Paukl 02.01.2007 - 14:47
Ech haett probeiert se e bessen mei denn ze maan an vielait zwou Faarwen, zb eng ganz kleng waiss Rumm an dann e bessen mei eng deck schwarz. Oder nach vielait eng ganz denn schwarz rondrem dei drai Fotoen. Du muss et ausprobeieren. Vielait gesait daat jo och am Endeffekt net gudd aus....

Hei ee beispill: Roud Bréck



Ech haat mech och mol am Collage probeiert:
Jaguar MK II
sanitel 02.01.2007 - 14:51
Sou ähnlech wéi'sdu et mir héi beschriwen hues, hun ech et och versicht,...allerdéngs kann ech net osne dass et schlecht wier, well ech mat méi denner Rumm d'Bildgréisst änneren muss, damadd den Rummesputt tescht de vershciddene Bille rméi oder wéineger glaich blaift.
Ech versichen et einfach nachemol fir mech. post scriptum: bei sou Beispiller hun ech mech waat zesummestellen betrefft orientéiert smile
Paukl 02.01.2007 - 15:01
smile Merci merci. Mee ech hun meng Collage mat engem super bellegen Fotoprogramm gemaach, an zwar mam Picture It vun Microsoft, well ech deemols nach keen PS haat, geschweige denn domadder emgoen konnt. Ech mengen dat den bei all Windows Version dobai ass...oder?
THE-BAUER 02.01.2007 - 14:41
geseit wirklecj flott aus,fannen den cadrage och gudd.
et geseit en dass de dech schein amüseiert hues
an scheinen Himmel smile
sanitel 02.01.2007 - 14:42
Thx Jeff !
Knolles 02.01.2007 - 15:35
/removed/
sanitel 02.01.2007 - 23:23
Merci fir all déng Komplimenter!
NoHa 02.01.2007 - 18:00
Fannen ech och ganz flott, an flott zesummensetzung!
sanitel 02.01.2007 - 23:24
Thx smile
Sevy 02.01.2007 - 21:54
Dei Faarwen smile Ech hät villäicht na eng ganz denn schwarz Rumm rondrem dei 3 Fotoe gema fir ze weisen dass se zesummen geheieren, sou wei den Paukl et scho gesoot huet. Mee dat ass affaire de goût. Soss fannen ech nix drun auszesetzen closed_eye 8/10
sanitel 02.01.2007 - 23:25
Thx fir den Comment, & dain Vote closed_eye
No_Saint 03.01.2007 - 00:46
Gefällt mer gudd !!
sanitel 03.01.2007 - 00:59
Merci villmols smile
Charly 04.01.2007 - 10:59
D'Iddi an Realisatioun fannen ech ganz flott, mee d'Photoen mat dem Kand sind schlecht kadréiert. Am lénken Bild misst d'Kand no beim lénke Rand sin an an dem aaneren méi riets.
sanitel 04.01.2007 - 13:40
Du méngs déi typesch , generell ,,perfekt'' vue, dass d'motiv am 2/3 vum Bild steo nsoll, mee de bléck an 'dmett riwwer geht..?
Kennen ech shcons, mee ech hun net fonnt dass daat bei souenger Zesummesetzung noutwendeg wär. Merci jiddefalls fir d'kritik an d'argumentéierung closed_eye
Charly 04.01.2007 - 23:13
Ech hun daat och net gesoot wéinst der Regel un sech, mee well mir duerfir effektiv déi zwee Biller mam Kand net esou gudd gefaalen. Daat wir och de Fall wann et déi Regel net géif gin. Ech sin secher keen deen sech stur un déi Regelen hält. Et hänkt vun all Bild eenzel of op esou eng Regel Sënn mecht oder net. Bei Biller mat Leit drop ass daat meechtens de Fall.
sanitel 04.01.2007 - 23:19
Ganz onrecht huesde net, daat stemmt ...
Losse mer sou soen, daat as....dem Model séng schold !Wärt et mengem Brudder soen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 414 Gäscht online