Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Waissen Pabeier 1

 
Waissen Pabeier 1
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.01.2007
  • Gekuckt:
    41532
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    32
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    180 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x543
  • Späicherplaz:
    123 KB
  • Originaldatum:
    ....23.01.2007
  • Fotoapparat:
    Canon EOS D60
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro
Extras:
- RAW
- Waissen Pabeier
- Rouden Bletzfilter riicht op den Pabeier
- Bletz ouni Filter op den Plafong geriicht

Fir anzesetzen: [pg_img=14055]
Kommentar vum Fotograf:
Rem eng Arbecht vir d'Schoul. Thema: Pabeier


Making Of
MarcGerard 23.01.2007 - 23:28

erennert verdächteg un déi wallpapers um mac-systembigsmile wat elo net heesche soll dass déng iddi "geklaut" as, mee ech fannen dat heien immens flott!!!
yoshi 23.01.2007 - 23:30
jop, haat am ufank net gemengt, dass se sou flott geifen gin. haat och bessi bei den mac wallpapers gekuckt closed_eye mee wanns de dran schaffs, kommen bessi nei ideen mat ran. d'haaptidee ass och net vun mir, dei ass vill gesin closed_eye mee ideen "klauen" dierf een jo, wann et herno gudd emgesaat ass, dann ass et gudd smile merci
MarcGerard 23.01.2007 - 23:39

ganz genee méng meenung. dofir "geklaut" a gänsefüssecher ;D eng foto oder iddi klauen, dat gett et BAL net smile
ppit 23.01.2007 - 23:32
Jop, ech schléisse mech dem Maggele un! Setz déi mol erop als Wallpaper fier de Mac! : )
Mier gefällt se neemlech och ganz gudd.
yoshi 23.01.2007 - 23:41
Merci, ech wert se dann och lo an den nächsten minuten na als wallpaper roplueden.
gloda 23.01.2007 - 23:56
Elegant, simpel, glaat, duuss. Gefällt mer ganz gudd.
yoshi 23.01.2007 - 23:56
daat freet mech natierlech closed_eye merci gloda
Johny 24.01.2007 - 00:16
Kéint scho bal am PS gemaach sinn ... immens propper gemaach.
yoshi 24.01.2007 - 00:49
dankösähr
JADE 24.01.2007 - 00:43
ass wierklech impressionnant ... an dass daat "nëmmen" Pabeier an faarweg Luucht ass ...
gesäit praktesch wéi een Airbrush aus ...
yoshi 24.01.2007 - 00:48
smile stemmt, ass immens flott gewiercht daat do ze maan an (elo wert ech eng kettenreaktioun ausleisen) guer net schweier...
Focus 24.01.2007 - 16:49
Wat fir en schéinen Design! Kann mer just nach net sou richteg viirstellen wéis du et gemaach hues. Besonnech Form vun den 4? Blieder... plus 1 am Hannergrond?
yoshi 24.01.2007 - 19:00
ok.. do bass de um holzwee.
et waren effektiv 4 blieder, mee op der foto gesais de der nemmen 3, ass just en ausschnett vun der konstruktioun.
hun dei blieder all eenzel gediebelt (ronn gediebelt, ouni dass eng kant entsteet) an se praktech zu engem spatzen "O" zesummen gepescht. daat gesait een hei un denen 2 kanten dei vun lenks kommen, daat ass een blaat. dei uewen an dei ennen sin och esou gefaalten blieder just eben den emgedreintenen wee dohigeluecht.
am hannergrond ass keen blaat, et as aus enger perspektiv fotografeiert, wou een op d'bliedertflächen gesait (giel).
well et alles su ronn ass, kommen do eben dei sanft iwwergäng vun giel op roud zum virschain.
Treverer 24.01.2007 - 18:40
nickel chrome!!! Qu'est ce qu'on peut faire avec un papier blanc .... impressionant!
yoshi 24.01.2007 - 19:01
smile merci
Graziano 24.01.2007 - 19:30
sohen nemmen 60/60tongue ass flott gemasmile wat een alles sou mat waissem pabeier an fuerfen kann maachen wann een genucht fantasy huetsmile
yoshi 24.01.2007 - 19:44
hehe wiers du nemmen meng proff closed_eye
mee dei huet dfoto boch scho gesin (awa nemmen um fotoapparat) an se war awa schon ganz eh... positiv iwwerrascht closed_eye
merci
Graziano 24.01.2007 - 23:14
een prof deen mei jonk ass wei den schûlersmile

kann ma fierstellen dat den proff positiv iwwerrascht warsmile

eng an dei 45 bis 60 bestemmttongue
yoshi 25.01.2007 - 15:17
jo mol kucken closed_eye ech muss nämlech net nemmen 1 foto ofgin, mee emmer su 4-8 demno weieen sujet, wees hei mol guer net weivill... fannen et awer am fong domm sou vill fotoen mussen oofzegin.. well du hues nimols bei all sujet 8 ennerschiedlech ideen
Graziano 26.01.2007 - 18:40
hmm sou viel dat ass zwar schiel.
also sou 2 bis 4 geiw ech jo nach verstohen mee 4 bis 8 verreckt
yoshi 27.01.2007 - 12:40
bon dovir ass se awer och net streng an den punkten closed_eye
alma 24.01.2007 - 21:42
ech kann mech mengen firriedner nemmen uschleissen impressionant

ass et net meigelech,dass du eng making of foto eroplueds fir dass een sech deng construction besser firstellen kann?
yoshi 24.01.2007 - 21:46
ech kucken mol op ech eng hun, wou een daat keint rausgesin, also hun se an der schoul gema, an daat an 20 min 75 fotoen, do war net vill zait vir en making of, mee kucken mol op ech eppes fannen woumat een epes gesin kann, merci smile

Edit: ech hun mol keng sou eng foto, ech froen awer mol muer an der schoul no op keen eng gema huet. Dei sin do all hondrem gegeechtert dei Zait closed_eye
Kwitchibo 25.01.2007 - 01:09
TOP
yoshi 25.01.2007 - 15:17
smile
Rabicop 25.01.2007 - 14:32
weilt sou gär de making of vun deem bild gesin smile
yoshi 25.01.2007 - 15:22
ech kucken dass ech haut na eng foto maan wou ech daat ganzt na eng keier ähnlech opbauen.
muss daat zwar dann doheem maan an des foto hun ech an der schoul gema, mee et geet jo em den prinzip closed_eye
yoshi 25.01.2007 - 22:14
Den Making Of ass lo online, steet hei beim Kommentar vum Fotograf.
dendan 25.01.2007 - 22:59
Super Foto... einfach awer schéin... déi Fuerwverläf sin de Glanz....Respekt fir d'Idee an nach méi fir d'Emsetzung!!
yoshi 25.01.2007 - 23:13
merci dan
MarcGerard 10.04.2007 - 00:22

déi ganz serie as superflott. et as cool ze gesin wéi een mat e bessi pabeier a luucht genial forme ka man.
ps: RAW as keen extra! RAW as "normal" jpeg as eng sekt!
yoshi 10.04.2007 - 00:26
hehe jo, ech hun och bei denen leschten fotoen daat nemmi dobai geschriww.. mee ka... wollt den ufänger hei weisen dass et och eppes anecht gett wei jpg... dovir hun ech et emmer dobai geschriww.. mee mettlerweil nervt et mech daat emmer ze schreiwen closed_eye
freet mech dass d'serie der gefällt! merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 372 Gäscht online