Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

emotion III

 
emotion III
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.01.2007
  • Gekuckt:
    20264
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/3.4
  • Brennwäit:
    6.5 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    459x600
  • Späicherplaz:
    60 KB
  • Originaldatum:
    30.01.2007
  • Fotoapparat:
    u700,S700
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:
opgemoolten treinen;)

Fir anzesetzen: [pg_img=14254]
Kommentar vum Fotograf:
wua zimlech laang mat deser photo am gaangen
d flecken op der haut sin express net retuscheiert;) hun fonnt eng perfekt haut geif hei net an d konzept passen=) sin ma awer net ganz secher bei deser photo...
Pinocchio 30.01.2007 - 15:07
Le regard est amplement assez triste. Les larmes me semblent de trop, elles enlèvent même un part de réalisme à la photo.
galileo 30.01.2007 - 15:37
dee Faarwtoun mecht dat ganzt zimlech surrealistesch - ech fannen et zwar nët schéin, mee a sengem genre secher nët esou schlecht.

Hues du den Hannergrond retouchéiert ? Gesäit beim Baak a beim Kënn komesch aus....
Neckel 30.01.2007 - 16:17
Wat ech gemach hätt ? ..Hm ech hätt op dei opgemoolten Drepsen, richtesch Drepsen gemach closed_eye) Soss wirklesch flott !
OK-Photography 30.01.2007 - 16:56
++Aan
+cadrage fum gesiit
+dFaarw an dStemmung
-treinen...waaser hett wascheinlich besser gemeet...oder mat manner detailer,einfach
schwarzer molen
-gesiichtsform...wees nik opsde drun rondremgeschaft hoss mee firunallem ennen beim
ken gesait den iwergang gesiicht/hannergrond GANZ knubbelesch aus...

ausserdem as ennert denger leps eps komeches...gesait no stempel aus mee kenne o meng aan sen wou mech täuschen...

giff son dass et nemmen kleng verännerungen wieren dei des geifen besser man...closed_eye
spako 30.01.2007 - 16:58
Flott Iddi! den Bleck ass wei de Pinocchio scho soot traureg genuch, Treine fannen ech zwar eng gudd Iddi aawer ech haett der dann net grad souvill gemaach, vlait souguer nemmen eng ganz ob der Sait vum Aen...D?Fuerwe gefaale mir gudd, ech fanne just den iwwergang vum Gesiicht ob den Hanergrond e bessi komesch.. an iergendswei feelt mer den Usaaz vum Hals e bessi.. gesait su aus wei wann de Kapp ausgeschnidde wier an ob ee schwaarzen Hannergrond gepescht gi wier... ech ka mech natierlech och ieren closed_eye
Pingu 30.01.2007 - 17:05
mier gefällt d'Foto u sech mega gudd, Ausdrock, Faarwtoun a Kadrage, mee wi di aaner scho sooten, den Iwwergang beim Kenn ass dach ze onrealistesch... uewe mat den Hoer gefällt mer dogénit zimlesch gudd... an zu den Tréinen... wees net wierklesch waat ech dovun haale soll... ouni wier bei desem Bild wuel éischter ubruecht, well d'Aan wierklesch mega ausdrocksstaark ass... d'Iddi vun den Drepsen fannen ech dennoch mega gudd... kann dofier net soen opch se besser mat oder ouni fannen...
Fruny 30.01.2007 - 17:14
maio merci fier är kommentarensmile
-wärt d photo nach eng keier neimaachen mat all deenen tips dei ech hei kriit hunsmile
also d gesiit hun ech net ausgeschnidden an op den hannergrond opgepescht;)ech hun de kontrast ropgesaat an deen huet den hannergrond esou schwaarz gemaach, mee hätt dat beim kenn wierklech retuscheieren kennen mia wua dat net opgefall!
- d idee mat den opgemoolten treinen wua schon bewosst gewielt gin;)mee wann ech d photo nach eng keier nei maan dann huelen ech heichstens 2! 4 ass wierklech bessen vill... an wei den pinnocchio soot dei 2 saachen sin ebessen vill beieneen mee ech denken wann ech dat ganzt mat nemmen 1 trein maan dann wierkt et bessersmile
-@black panther; io gseit ganz no stempel aus sry mein feeler :S
maio op jiidenfall na eng keier mercismile den 2ten versuch ass ennerwee;)
-Laurent- 30.01.2007 - 18:31
sou gesin meng aan och ongeschminkt aus cool

hmm ennen geseit gesicht eckesch aus soss awer ganz interessant hmm
Fruny 30.01.2007 - 19:20
lol xD
TomEwert 03.02.2007 - 14:57
schein aussagekräftiges Photo. gudd cadreiert ... interessant opnahm ... geheimnisvoll ... (dat heiten ass elo nemmen ganz perseinlech ...ech haett vielelicht nach en besseli mam contrast gespillt fir dei saach nach mei krass ausgesin ze losssen ... mais dit ass meng meenung closed_eye )

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 406 Gäscht online