Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The Dome(reloaded)

 
The Dome(reloaded)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.04.2007
  • Gekuckt:
    52329
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    69
  • Beliichtungszäit:
    180 sec
  • Blend:
    f/F22
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    662x1000
  • Späicherplaz:
    229 KB
  • Originaldatum:
    04.04.2007 20:18:44
  • Fotoapparat:
    Canon Eos 350 D DIgital
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase  
Extras:
Stativ, an eng kaal Fra, dei huet schein geschwaat misten kreien:)

Fir anzesetzen: [pg_img=16813]
Kommentar vum Fotograf:
Also dann hei nach eng Keier ouni Cropläscher.
Gescht Owend zu Köln no engem ganz laangen Daag fir mech...wor mat mengem Haerz shoppen, an duerno konnt de Papp sech och denen Saachen witmen, dei hien intresseieren.
DRI aus 4 Fotoen entweckelt aus engem RAW.
Typech Postkaartenfoto, wei een se vill zu Köln gesait. Ech fannen d'Motiv einfach grandios, wann een bedenkt, waat dei Leit freier ouni technesch Moyen op d'Been gestallt kruten....an waat fir en Schais haut gebaut get.
krautheim 05.04.2007 - 19:05
Elo as absolut näicht méi auszesetzen. Respekt smile
Paukl 05.04.2007 - 19:07
Mercismile
spako 05.04.2007 - 19:07
Eng genial Foto! ech ka mech nemme widderhuelen, ech fanne se Top!
mir gefalle besonnesch dei verschidde Faarwen... fier sou schein waarm mat deem verschwommene Wasser an dann hannen den Dom, deem seng kaal Fuerwe sou schein bei kaal Steng passen.. wiirklech gelongen!
Paukl 05.04.2007 - 19:08
Merci fir d'Mei....closed_eye
Focus 05.04.2007 - 19:09
Superschein Paul !!!
Paukl 05.04.2007 - 19:10
Thx a lotsmile
-Laurent- 05.04.2007 - 19:11
genial !!!

hei fannen ech awer lo och wirklesch neicht ze meckeren smile
Paukl 05.04.2007 - 23:36
smile Thx
CHAREL 05.04.2007 - 19:34
Also fannen hei och neicht ze meckeren, einfach super, an allen hinsiichtensmile
Paukl 05.04.2007 - 23:37
Merci Charel
kola 05.04.2007 - 20:38
Respekt Paukl, méi kann ech do nët méi soen !
Daat do ass eent vun mengen Draammotiver !

D'nächst Kéier sees du Bescheed wann's du op Köln fiers, dann ginn eis Dammen zesummen shoppen an mir hun dann genuch Zeit fir vill Fotoen ze maachen smile
Paukl 05.04.2007 - 23:38
Merci Kola
Daat mat Köln ass deal....just schued dat d'Butteker geing 19:00 Auer zou maachen, dei Zait wou et intressant ass Fotoen ze maansmile)
Mee et keint een sech wirklech eng Keier treffen?
No_Saint 06.04.2007 - 00:13
Fier esou eng schéin Foto kann ët der Fra rouëg ë bësse kaal ginn, Du mëss daat jo nët all Daag.
Paukl 06.04.2007 - 10:10
smile laut him awer.....Merci awer
ChLo 06.04.2007 - 07:35
Super Photo. Fir mech as se TOP.
Bildopbau an d'Farwen sin perfekt. 10/10
Paukl 06.04.2007 - 10:10
Merci Chlo
CANON 17.04.2007 - 01:02
Ech hunn die selwescht mehnung wie den CHLo 10/10, mei geet nett
Paukl 17.04.2007 - 18:46
smileThx
alma 06.04.2007 - 07:41
wow, alles wei et soll sin
meng stemm hues du
Paukl 06.04.2007 - 10:10
Merci Alma
Kleent 06.04.2007 - 14:00
Immens schéin Foto! Ech si begeeschtert smile
Paukl 06.04.2007 - 15:11
Thxsmile
Jury 06.04.2007 - 21:31
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Paukl 06.04.2007 - 23:03
En decke Merci un d'Jury, daat motiveiert mech wirklechsmile
JADE 06.04.2007 - 21:40
YEEEEEAAAAHHHH !!

***** closed_eye)))) *****
Paukl 06.04.2007 - 23:03
smile
Sevy 07.04.2007 - 13:08
tres bien smilesmile congratulations
Paukl 07.04.2007 - 13:29
Merci Sevy
Tiramisu 07.04.2007 - 16:56
/removed/
Paukl 07.04.2007 - 18:20
smile Dain Avar ass herrlech. Merci fir den Comment
Focus 07.04.2007 - 18:47
Hun nach eng Kéier missen kukken; doll!! Kussi fir Frauchen déi gedëlech gewart huet; war derwaert!
Paukl 07.04.2007 - 19:12
Ech sin irgendwei platt dat dain kritecht Aan naischt fennt, do mist et dach eppes gin oder?closed_eye
spako 07.04.2007 - 19:10
Super! freet mech dat des Foto geholl gouf! All Respekt un dech!
Paukl 07.04.2007 - 19:13
Ech muss dir Merci soen, du hues se jo och firgeschloensmile enplus hues de dain Comment misten 2 Mol schreiwen also en doublen Merci
Focus 09.04.2007 - 11:18
Sou, sin rem hei ukomm; an WOW; nach emmer begeeschtert. Gratuléieren zur Topfoto, Paul!
Paukl 09.04.2007 - 12:37
Merci och fir dain Vote....Wei fenns de dei aaner dannn?
galileo 10.04.2007 - 13:56
...waat een nët alles esou verpasst wann een mol 1 Woch keen Internet bei Hand huet...

SUPER ! Dat ass eng stark Foto !

Paukl 11.04.2007 - 16:38
Merci Glileo Freed mech
yoshi 11.04.2007 - 14:31
sali, majo wollt awa ona soen das dei foto hei super gin ass, war der wert d'fra warden ze loossen closed_eye super bildopbau, schärft, faarwen.... hun naicht ze soen ausser "just great" meng 2 wieder bei super fotoen, hun dei lang nemmi gebraucht smile
Paukl 11.04.2007 - 16:39
Deck cool Merci Yoshismile
Olivier 11.04.2007 - 19:41
FLott!
Paukl 11.04.2007 - 21:15
Mercismile
patty 13.04.2007 - 12:31
wow wow wow ..... wooooow wei flott den wahnsinn smile
och en vote 10 vun mier
Paukl 13.04.2007 - 13:11
smile Merci Patty freed mech
tinchen 13.04.2007 - 23:00
einfach super!
Paukl 14.04.2007 - 05:41
coolen Avarsmile) Merci Tinchen
Annick 20.04.2007 - 18:46
wow supper genial *sprachlos* och fu mir VOTE 10
Eng verdingten TOPfoto
Paukl 20.04.2007 - 18:52
Merci Annick deck feinsmile
Annick 03.06.2007 - 17:48
smile
Focus 27.04.2007 - 17:28
Déi eenzeg Topfoto fir den Mount Abrëll smile
Wat mer immens gefällt as den Herlechen warm/kaal Contrast. 70% warm obwuel Wasser kaal as an 30 % blo/gro Skyline. Genoss!
Paukl 27.04.2007 - 17:38
Also esou technesch hun ech se nach nie betruecht. Ech denken mol net dat daat gewollt wor, et wor eischter aus dem Bauch eraus fotographeiert. Thx
elmuzo 30.04.2007 - 17:05
Huch hei hun ech jo nach guer net geschriwen wéi supertonnenmegahypaflott ech deng Prise hei fannen. Den Recht ass ganz sëcher scho geschriwen ginn. Thumbs Up, Paul closed_eye
Paukl 30.04.2007 - 20:39
Gin mer Mei...Thx Elmuzo
Knipser 27.06.2007 - 19:13
Genial ! ech wees net op ech dein Text richteg deiten, 4 Photoen aus enger RAW opnahm gemeht, oder 4 Opnahmen ?
Paukl 27.06.2007 - 23:50
Merci Knipser
4 Photo aus engem RAW woren et.
Knipser 28.06.2007 - 07:05
merci, an Gratulation.
MarcGerard 14.07.2007 - 13:47
Das Blau und das Gelb
Paukl 14.07.2007 - 13:50
Salut Marc
Ech verstin dain Kommentar mengen ech net ganz...aklärungsbedarfsmile
MarcGerard 14.07.2007 - 17:20

siehe mäi profil; diskussioun mam JADE an tinchen smile sorry ...
Klot 04.12.2007 - 01:20
Deck gudd dei do! Hun daer och vill gemaach, mais leider mat engem analogen Apparat...muss mol nees eng keier dohin goen. Den Kader hätt vlaicht keinten en Tick mei schmuel sin, mais bon, affaire de gout geif ech do soen...
Paukl 18.04.2008 - 10:20
meri klot
Polinger 01.03.2008 - 20:41
büüüüsecooldeii ass neeeeeeet schlecht cool
Paukl 18.04.2008 - 10:21
merci
sommerspross10 17.04.2008 - 18:11
ohhei, en coleeg fun mia, huet baal dei naemlech gemaacht wou mia do waren, wei och bei senger foddo, gefaalen mia d faarwen, d luuchten an den scheid fun der brèck am waasser. immens (: Ech sin verleiwt an köln (;
Paukl 18.04.2008 - 10:21
smile meng Fraa och...shoppen!!
jegas 15.05.2008 - 16:15
Op Postkaartenmotiv an Milliounefach geknipsst oder net, daat Bild ass einfach super.

Wat heescht héi waat haut fir een Sch... gebaut get, den Viaduc de Millaut oder déi Bréck teschent 2 Scandinavischen Länner an déi an China déi se desläscht a geweit hun kann enn net als Sch... bezeechnen, och modern Brécken an soss Architekturen kënnen flott sin. Déi Bauten aus den 60er- 70er Joeren déi an villen Länner an leider och bei éis gebaut goufen, déi kann een als décken Sch... bezeechnen.

Alain75 16.10.2008 - 14:06
Super Foto. Mei geet et net ze soen. Absoluten Wahnsinn. Paul weider sou.
svartedauen 23.01.2009 - 12:17
schein photo, firun allem dei schieter um wasser sin saugudd gin.
mee bon den kölner dom as nach net sou aal.. d mettelscheff hällt nemmen zesummen well se daat reischt am 19. jhr matt enger stohlkonsruktioun gebaut hun. ausserdeem fällt deen krepeng dauernd aussernaaner. hun 2 joer zu köln geschafft an dauernd koup iergendeppes eroofgetrollt. an haut gin och flott saachen gebaut: calatrava & co.
Paukl 23.01.2009 - 12:44
smile ooh freck daat geing een awer net soen wann een firdrun steet. Bon et faellt zwar op daat emmer do geschafft get.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 452 Gäscht online