Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Dexia Belval

 
Dexia Belval
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.04.2007
  • Gekuckt:
    24483
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    267 KB
  • Originaldatum:
    2007:04:11 18:40:51
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 20D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=17515]
Kommentar vum Fotograf:
Well den Himmel monoton blo war, hunn Ech de Buedem, respektiv d'Strooss, méi am cadrage berücksichtëgt.
the_zipper 23.04.2007 - 23:15
Schein schein gudd gesinn gefellt mer immens gudd! Geseit alles sou bessen irrealistesch aus an alles sou propper!
Olivier 23.04.2007 - 23:17
Gefällt mir extra gudd... ganz flott...
CHAREL 23.04.2007 - 23:39
super: flott dynamic duerch den pfeil um buedem. den cadrage ass spitze mei gett et net ze soensmile tip top
Kleent 24.04.2007 - 00:04
Genial Foto! Gefällt mer absolut...
JADE 24.04.2007 - 01:19
an daat war genau daat ... waat hei ze machen war!
Focus 24.04.2007 - 07:09
excellent work; No_saint!
Cadrage;
Perspektief;
Grotoun (immens);
...
2 idien / à discuter : den Fade am Himmel an eventuel den rand vun der Stroos an den weissen Strech genau an den Eck ze bréngen. HUelen un das dan Bild nach e beschjen méi bedrolech get wäll den Pfeil dan nach méi op deen geriicht as deen Foto kukkt. (just Idien)

JuZi 24.04.2007 - 08:07
Ausser Excellent fällt mer do neischt mei an...
Formidabel Cadreiert an verschafft, Chapeau
++++ et 10/10
KeeBlitz 24.04.2007 - 08:52
Meng Vierriedner hu schon alles gesot: super Foto
nebu 24.04.2007 - 09:06
WOW gefaellt mir super gudd an schleissen mech allen aneren un.
krautheim 24.04.2007 - 09:47
Super, vun allen Dexia-Fotoen ass dat doten meng Favourite!
Knolles 24.04.2007 - 09:54
/removed/
Nicon07 24.04.2007 - 13:47
Fir méch ass se top, ech fanne grad deen däischteren Himmel mécht d'Atmosphär an deem Bild aus, an et as esouzesoen de Spigel vum Stroossebelag. An déi "smoothness", oder wéi seet een dat? fannen ech passt och glad!!
Knolles 24.04.2007 - 15:29
/removed/
Pelz 24.04.2007 - 14:28
Wow, wei dramatesch! Deng Foto gefällt mier wierklech gudd. Flott Faarw vum Himmel an eng gudd gewielten Perspektiv!
Neckel 24.04.2007 - 15:49
Staark Foto ... super S/W, den Kontrast gefällt mer extrem gutt smile
No_Saint 24.04.2007 - 18:47
Merci emol fir d'éischt fir är comments

@ Focus: Ideen sinn ëmmer wëllkomm. De Verlaaf am Himmel ass ë bëssen stark, mee well Ech insgesamt d'Kontraster stark verännert hunn: d'Stroos méi daischter, de Feil méi hell d'Gebei méi kontrastéiert, hunn Ech och den Himmel missen matt abezéien, eben och aus dem Grond wou den Nico ugëtt, fir den Equiliber am Bild ze erhaalen.
Zum choix vum cadrage: Ech hunn nët méi no lénks cadréiert well Ech dann éischtens déi nächst Luut am Bild gehaat hätt an och nach d'Héichiewen, d'Gebei als Haaptelement hätt dann u Gwiicht verluer an de Feil wier och méi kleng ausgefall.

Ech hunn nach een änlëcht Bild vun der aanere Stroossesait gemeet, lueden daat nach eng kéier no.
Zur Bildatmosphär: wann een déi aal Héichiewen emol ausklaamert wierkt déee site effektiv zimmlech steril, loosse mer hoffen datt dé Quartier geschwënn zum Liewen erwäscht, well momentan fillt een sëch nët onbedingt wuel wann een derduerch spazéiert.
yoshi 26.04.2007 - 00:36
ech geif dei usech gären am farwegen gesin. ganz flott foto smile
OK-Photography 05.06.2007 - 16:26
simply great!en WIERKLECH gudden s/w!ausserdem immens perspektivarbescht...stung dlescht o op dä plaatz mee mengn ech wier nii am liewen drop komm den feil do sou ant bild mat ran ze huelen...
einfa en genoss!!
No_Saint 05.06.2007 - 22:05
Wann nët vill do ass muss'te dech matt dem eremklappen waat sëch ubitt, an probéiern an der Verarbëchtung e Maximum erauszehuelen, waat fier mëch ëmmer e besonnege Reitz duerstellt.
Waat derbai eraus kennt ass nët méi onbedingt daat waat Ech real gesinn hunn, mee d'Resultat vun dem waat dé Sujet a mär bewegt huet, eng "künstlërech Ausënanersetzung" kéint'een daat och nennen.
OK-Photography 05.06.2007 - 22:31
hehe...weise gesprochen...cool ech gin da awa apsolut rescht...ech probeiren ma oft wärend dem knipsen schons firzestellen waatsch am PS damat welles hun mee mengn hai huesde wierklec FILL draus rausgeholl!gratuleiren!closed_eye
No_Saint 05.06.2007 - 23:37
Merci !!
OK-Photography 05.06.2007 - 23:38
closed_eye
Keup 27.05.2009 - 09:53
Ganz flott. Fannen dei S/W-Emsetzung wierklech staark.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 280 Gäscht online