Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

say goodbye...

 
say goodbye...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.04.2007
  • Gekuckt:
    18625
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    589x800
  • Späicherplaz:
    135 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=17676]
Kommentar vum Fotograf:
em ech well fier den Moment äddi soen, ech hun dofier och des Foto passend fond well se an hierer sou einfacher form awer genial ass (meng mehnung)

deen Schleek ass am Moment nach an sengem Heisschen sou wei ech och am Moment sin an wann deen Schleek bereed ass fier rem rauszekommen dann geet en activ , an ech gin dann och rem activ an man flaisseg Fotoen!

daat huet vill Grenn firwat ech lo fier eng Zeitchen oofschleissen fängt un mat menger Cam, meng leiwt zum Hobby an desem Site!

Mat der Zait krut ech vill Kommentarer mee am Moment ass et TOTE HOSE wei een sou schein seet!
Ech kreien och baal keng Roodschlei mei...

Meng Fotoen commenteieren baal emmer dei selwescht Lait an ech well ob desem Wee deenen MERCI soen dei mer emmer flaisseg Kommentarer geschriwwen hun!

M E R C I

et sin puer Lait hei um Site mat deenen ech mech wiekelech gudd verstin an well deen Kontakt och weiderhin behaalen!

Ech verschwannen lo net ganz vun der Bildfläsch (wärt heiansdo online sin)ech kommen rem mee wini wees ech nach net!

Bis dann
Patty

Rolacro 29.04.2007 - 21:33
Scheint schleekenhaischen...
Dann "ressourceier dech gudd an dengem schleekenhaischen, et kann een net emmer op 200 sin... Maach weider schein fotoen, haaptsaach sin jo och net emmer comments, ass virun allem och spaas ze hunn, an momenter festzehaalen, dei epps besoneges fir een sinn... wanns du nach comments wells, dann geif ech soen dat all dei di deng fotoen hei schon kommenteiert hunn berred sinn dir der ze gin, du wees jo wou mer all ze fannen sin!closed_eye schein "vakanz", wann ech sou ausdrecken dierf... an komm eis zreck... smile
mabG
Rom@in
patty 29.04.2007 - 21:38
smile merci dei wär ech hun! ''jo vakanz kann een sou nennen'' bigsmile

ech well rem mei Spass hun wann ech Fotoen man an net emmer drun denken waat soen dei vun Photogen zu der Foto? waat fier en vote geif ech do kreien etc. ...
Un sou Saachen därf een net denken!
yoshi 29.04.2007 - 22:07
eng richteg flott foto smile
alles huet eppes positivt.. sou och dain abgang hei: du kenns erem! :D
freen mech schon op daat neit patty smile
huel der souvill zait weis de brauchs, op dei schein saachen am liewen waard een gären.
mhjo... vir den recht gett et jo emmer nach msn, gedu smile
patty patta pattum... wie krieg ich die zeit nun rum? :P
patty 29.04.2007 - 22:13
lol d bass verreckt lo hun ech awer missen laachen (am gudden senn)

merci! smile
Jefferson 29.04.2007 - 23:08
S/W passt gudd bei foto
Schued dass de gees mee du hues jo deng grenn an en Auszeit deet engem heinsdo gudd
an du kenns jo rem smile mat neier "energie" an fleit och mat puer neien super fotoen smile)
patty 30.04.2007 - 08:39
villmols merci bigsmile jo ech kommen rem (laafen net wait fort) closed_eye
Nicon07 29.04.2007 - 23:11
Mach et gudd patty. Eng kreativ Paus as ganz wichteg, fir datt et weider geet. An di meeschte Fortschrëtter mécht een heemléch, wann een näischt dervunner mierkt. D'Liewe schenkt engem gären nei Saachen, vun Zäit zu Zäit. An da kënnt een an eng Phase, wou een "d'Flemm" huet. Mais dat as nëmmen esou een Androck, deen een huet, well een nach net versteet, wat geschitt. An da get ee roueg, et zitt een séch zréck, fir duerno méi frësch a verwandelt neess erauszekommen. Dat versteet een awer meeschtens réischt, wann d'Verwandlung bis geschitt as. Wi ech däin Alter hat, hun ech méch a mäi Liewen ëmmer mat engem Raup verglach, deen eng Kéier ee Päiperléck wëllt gin. Haut sin ech et mi oder wéinech, mais bis et su wäit war, hun ech méch dacks misse verpoppen.

Au revoir, (net äddi), Patty, mach et gudd, a bis ganz geschwënn.

Schéi Gréiss,

Nico
patty 30.04.2007 - 09:11
waat en leiwen an flotten text bigsmile

BIS GESCHWENN smile

sin och nach eng Raupeclosed_eye
JuZi 30.04.2007 - 08:05
Hei Patty, lees de eng kleng Paus an?
Schued, haat deng Fotoen richteg Gären, dei eng mei, an anerer manner. Awer dei mescht hunn mer emmer gudd gefall, och wann ech nett oft Commentsen ginn hunn.
Sinn fier den Moment och e beschen mei rouech, extrem vill Aarbecht.
Hoffen dass de eis nett fier emmer verleis, meng E-mail hues de jo (Profil)
Wär frou wanns de mer hei ans Do een klengen Coucou geifs schecken

Julien
patty 30.04.2007 - 09:05
smile NEE NEE ech kommen rem smile

ok man ech! bigsmile
ChLo 30.04.2007 - 09:09
Patty, deng Photoen waren eng Bereicherung fir PG.
Schued datt mir lo eng Zeit keng méi ze gesin kréien.

Mee wann ett just eng Paus as an keen Ophaalen, daat as d'haapt Saach. Sou kann ech mech op deng nei Photoen freen, déi dann kommen wärten.

Ech wënschen dir alles Guddes.

Christian
patty 30.04.2007 - 09:10
smile villmols merci daat ass wiekelech ganz leif vun der! smile
elmuzo 30.04.2007 - 11:06
Dann ressourcéier dech goud. Kreativ Pausen sin emminent wichteg. Bis geschwënn.
patty 30.04.2007 - 12:03
smile jo do hues de rescht

bis geschwenn!
Neckel 30.04.2007 - 20:03
Mkay

Msn gett et awa nach, tip-top smile
patty 30.04.2007 - 20:35
jop sin nach online smile
annemie 01.05.2007 - 00:26
Gib mir ein H... Humba humba humba tätäräääää !!!! smile)
Jo sou een Schleekenhaischen ass vun Zait zu Zait ganz praktesch... iwregens gefällt deng Foto dozou mer och gudd... smile
Ma dann... dass de daat wats de am Schleekenhaus sichs (rem)fënns an dann bis geschwën ;o)
patty 02.05.2007 - 17:54
humbasmilebigsmile cool

bis geschwenn
Kwitchibo 01.05.2007 - 23:01
MERCI FIR DENG PHOTOEN!! smile
patty 02.05.2007 - 17:53
smile deen saatz ass wonnerschein smile merci fier d'kuken closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 507 Gäscht online