Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ha... ech hun dech fonnt !

 
Ha... ech hun dech fonnt !
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.07.2007
  • Gekuckt:
    21624
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    55 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    237 KB
  • Originaldatum:
    16.07.2007
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=20297]
Kommentar vum Fotograf:
Just for fun.
JADE 18.07.2007 - 10:22
ech fannen se awer gutt ...

Argumenter (closed_eye BP):
° Faarwen
° Schärftenspill
° Cadrage (jo, jo ... och esou, deen Wee an den Eck gesaat)

an dann ... an och baal extra dowéinst ...
° vun der Idee hier ...
well keen se esou geholl hätt ...
an wann, dann hätt en se wahrscheinlech direkt vertikal klasséiert ... an nët hei gewisen ...
ech fannen dëss nawell originell ... an "osé" ... closed_eye) ...
emol eng Kéier keen ganzen Millermooler (hehe closed_eye ) ze gesin ... mee verstoppt ... esou wéi ët och bestëmmt war fir déi virun d'Lëns "ze fänken" ...

bon natierlech, wanns du elo nëmmen lauter esou mëchs an eroplueds ... dann kéint een sech emol Froen stellen ... hmmmm ... quoique ... kann och en Style sin/gin ... closed_eye)))

P.S.: ... an den Titel erklärt och alles ... smile))
Kleent 18.07.2007 - 19:34
Merci JADE, ech hun deng détailléiert Analysen schon emmer bewonnert tongue closed_eye
KeeBlitz 18.07.2007 - 13:57
ech fannen de Cadrage gut an och d'Iddi, dofir muss de Peiperlék awer dann richteg knackeg scharf sin. Bei där kuerzer Brennweit an Blend 5.6 ass dat awer schwéier wann net richteg focusséiert war, an ech denken dat as e bessen de Schwachpunkt un deser Foto
KeeBlitz 18.07.2007 - 14:08
@Kleent.
ech war elo deng Galerie nach bessen kucken an du sés selwer bei aneren Biller dat hinnen e bessen u Schärft félt. Fannen der allgemeng net vill déi richteg knackeg scharf sin. dofir emol puer Froen(fir der weiderze hellefen): wéi fotograféiers de an wat fir en Objektiv hues de op denger EOS400? Wou kaaft?
OK-Photography 18.07.2007 - 19:06
löl!woilah dei unzuel komentarer dei dei foto verdingt huet!! bigsmile

an mengn Aan as dei foto do mei wei gelongen...
iergendswei hunsch bei den Faarwen un eng Ärdbier missen denken (as et eng Ärbiersplanz?)an sou wei den Koleesch sech hannert dem Blaat verstoppt kent rischtech flott riwer!
dei 2 eenzesch punktn wou ech keinte -besser- (anescht whatever) sen wier eng dueschgehend schärft um Flilekk (ok....mengn et as ONMEIGLECH den anescht scharf z krein.............cool) an e bessi manner kontrast ennen riets am ekk (dei waiss blimmschen stecht ma eng grimmel zefill raus...closed_eye)

soss eng flott makro mat ganz speziellem schärftenverlaaf!gefellt mer!!

thx@JADE fir dArgumenter
an @Ikarus: wansde direkt schreiws WISOUs DU se sou grottenschlecht fönns huet keen mensch en problem mat denger aussoh...gerechtfertescht huesde dech neemlech dann andemsde gudd argumenter geliwert hues... take it isiih! ;oD
Kleent 18.07.2007 - 19:41
Daat mat der Schärft ass mer bewosst. Daat mat dem Kontrast ass mer elo opgefall, merci closed_eye
Kleent 18.07.2007 - 19:24
@Ikarus, wann ech keng Kritik géif verdroen, géif ech mengen ech keng Foto méi roplueden oder ech wier mol netméi hei um Site vertrueden closed_eye

Zu menger Verteidegung soen ech nemmen: Kuck den Titel an d'Kategorie (witzech Fotoen) déi ech gewielt hun. Des Foto ass nët eng vun menge beschten, ganz secher nët, do gin ech der Recht, mee ech hun se op eng Aart a Wéis flott fonnt ze kucken, well mer direkt deen gewielten Titel dobäi agefall ass. Wéi aanerer daat elo ophuelen, ass ganz verschidden closed_eye Daat ass och de Grond dofiir daat ech déi Kategorie gewielt hun... mee vläicht gett déi Kategorie och einfach bessen "ze eescht" geholl. Wann ech mech dobäi ieren, dann muss een mer erklären firwaat :P

Bon wéi och emmer, ech hun des Foto nët eropgelueden, well ech duercht, se wier gigantesch genial, mee einfach, well ech se witzech fannen :P closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 380 Gäscht online