Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Palais du Louvre

 
Palais du Louvre
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.10.2007
  • Gekuckt:
    36822
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    61
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1400x604
  • Späicherplaz:
    230 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=23078]
Kommentar vum Fotograf:
180° Vue vum Louvre oder aanescht ausgedreckt 12 Photoen am Portrait uneneen gehaangen.
>>klicken<<
Pelz 23.10.2007 - 15:18
Ey Paukl..Echt gäilen Pano. daat doten!!!
JuZi 23.10.2007 - 15:27
Whouuuuu,
an keng Leit, daat hunn ech ereischt eng Keier gesinn fierun Joren, an zwar geint 02.00 Auer Muerges
Top,Top,Top
Focus 23.10.2007 - 15:27
excellent!
DigArt 23.10.2007 - 15:28
einfach eng hammer foto, ganz staark arbescht, dei beschte foto dei ech je vum louvre gesinn hun!
JuZi 23.10.2007 - 15:29
Merci DigArt, wollt och elo grad TopFoto fierschloen,
Bon dann sinn mer jo schons zu 2 dei des Foto Top fannen.
An elo all dei aner, gudd Kritiken mat Top an gudd Bewärtung,
mier wärten dei hei jo an TopGalerie kreien
DigArt 23.10.2007 - 15:31
closed_eye also dei ass et wierklech derwärt
Mika 23.10.2007 - 15:33
Jap, Topfoto bigsmile
eppes annescht huet dei do net verdéngt....einfach perfekt...daat geet ee Wahnsinnspouster tongue!

10/10 (fir mech di eenzeg méiglech Bewäertung closed_eye )
Paukl 23.10.2007 - 15:39
@all ech sin iwerwälltegt vun aeren leiwen Kommentaren....haat schon gemengt dat se iech gefällt mee direkt esou.....decke Merci un iech
Keup 23.10.2007 - 16:05
Excellent ass mega flott deen Panorama
alma 23.10.2007 - 16:08
meng stemm hues du

wei mess du daat fir keng reflexionen vun der luecht an der foto ze hun?
(der kleng blo flecken an sou)
Paukl 24.10.2007 - 08:36
Dei hun ech Almasmile
Et get do en Trick, an zuar huelen ech eng Gradationkurv an zeien dei vun der Mett aus diagonal an den lenksen Eck. Daat mech d'Bild immens hell...an duerno stemplen ech d'Flecken einfach ewechsmile
Rolacro 23.10.2007 - 16:14
Perfekt! Genial! Top!
spako 23.10.2007 - 16:38
wiirklech immens gelongen!!
JADE 23.10.2007 - 16:57
OK ... du hues däin Examen gepackt! closed_eye
DigArt 23.10.2007 - 17:00
matt "mention: très bien" closed_eye
yoshi 23.10.2007 - 17:06
Daumen héich... allen drai bigsmile
Rabicop 23.10.2007 - 18:26
hui di do as gelongen smile

ech hun mech deemols net getraut se sou ze knipsen weint deene blöden barrikaden...

dofir meng:


LOUVRE


ähnlech awer net sou gefellt wi deng smile

tip top - flait klappt et jo bei diir zuer top foto, bei mir huet jo wi et schengt na bessi gefeelt smile
JuZi 23.10.2007 - 18:49
Daat matt den Barikaden haat ech och gesinn, an wei ech mech kennen, hätt ech Gemengenoarbechter deck verflucht, keng Foto gemach an mech dann an enger Roserei matt mengem Aparat bei daat nächst Objekt gemaach.
Awer trotz den Barikaden ass se nett schlecht, kann een eben nett emmer Perfekt Conditiounen hunn
chilimcclean 23.10.2007 - 18:57
Also do get et einfach näischt méi hinzu zu fügen. Einfach Top. Et stemmt wirklech alles. Wirklech décken Respekt fir déi Leeschtung!!! Et kritt een net genug vun der Foto.
JuZi 23.10.2007 - 19:02
10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10-10
Allez PGisten,
Voten, Voten, Voten, Voten, Voten, Voten, eng 10
Fleicht kennen mer eis TopfotojuryGuruen iwervoten.
Kwitchibo 23.10.2007 - 20:28
se as guud...top fir mech...
yannhellers 23.10.2007 - 19:17
wann daat keng topfoto gett, kennen mer all anpaaken smile
JuZi 23.10.2007 - 19:20
RICHTEG
patty 23.10.2007 - 19:24
wiekelech ganz schein , daat keint rem eng topfoto gin!
fier mech ass et lo schon eng! vote 10 och vun mier!
eng super schärft , ganz schein farwen, d'Rumm ass tiptop se passt einfach perfekt!

just waat bessen steiert mee dofier kanns de naischt ass daat scheld /plakat direkt fierum Louvre wees net ob schon een daat erwähnt huet?!Bei suenger scheiner Foto ass daat wiekelech schued dass daat bessen steiert!
DigArt 23.10.2007 - 19:30
ech perseinlech hätt deen och weg gemaach, vill aarbescht wier et jo net... mee awer fannen ech se top closed_eye
klodinchen 23.10.2007 - 20:04
Ech kann mech all deenen aaneren nemmen uschleissen :o)

Wieklech eng ganz schein Aarbescht deis du do geleescht hues

Sam 23.10.2007 - 20:08
Den Glanz! Hoffen gett eng Topfoto well sie huet et definitif total verdengt an mengen Aaen!
TomJung 23.10.2007 - 20:20
wow. mega.top.super. genial.
the_zipper 23.10.2007 - 20:29
dei welt ech mol an enger voller greisst gesinn ounie se ze downsizen vir den internet
kola 23.10.2007 - 20:32
RESPEKT !
CK 23.10.2007 - 20:56
D'Verzerrung vun den 180° hues de gudd gehandhabt... et geseit een se zwar bessen, mee ass awer naischt schlemmes. Exzellent Foto!
elmuzo 23.10.2007 - 21:18
Thumbs Up Paul, ganz gutt. Ass Portrait een Programm oder wolls de Pano soen?? An dengem Kommentar?
REGARDS
MUZ
Sam 23.10.2007 - 21:20
Portrait mengt en wei en d Foto gedreint huet... hei eben den heigen wee closed_eye
No_Saint 23.10.2007 - 21:21
Portrait heescht an dësëm Fall woul "héichkant" ging Ech mengen.
elmuzo 23.10.2007 - 21:26
A sou!!!! Ech Tuppes.bigsmile Wéi am MS Word, mee do ass dat dach awer Landscape, loo maacht mech emol hei duercheneen.
Sam 23.10.2007 - 21:35
Jo also d Foto wei se hei ass ass am Landscape (den breede wee) gedreit mee hien huet 12 Fotoen am Portrait geholl an se uneneen gehang... Sou hun ech dat mol verstaanen
elmuzo 23.10.2007 - 22:19
Jep, merci Sam, ech elo och.bigsmile
No_Saint 23.10.2007 - 21:23
Excellent, déi schwaarz Rumm ënnerstëtzt hei nach méi d'Wierkung vum Bild.
marischen 23.10.2007 - 21:35
eieiei smile do bleiwt mer zwa wierklech de Mond opstoen. bigsmile
Immens!
JADE 23.10.2007 - 21:56
ech gesin, ech gesin ...
hues deen souwisou schon ëmmer esou grouss opstoen ... Garfield .. smile)))
Jean-Jos 23.10.2007 - 21:49
mes compliments!!!
top
.
NikonD80 23.10.2007 - 22:32
hei ass schons alles gesot gin, Respekt...
galileo 23.10.2007 - 23:12
*klapp*klapp*klapp*klapp*
*klapp*klapp*klapp*klapp*
*klapp*klapp*klapp*klapp*

Perfekt Arbecht. Wirklech.
Paukl 24.10.2007 - 08:43
...also ech sin total platt wei dei Photo hei bei iech ukennt. Ech well iech heimadder alleguer villmools Merci soen. Daat do motiveiert mech mega vill an spornt mech nach mei un, flott Fotoen ze maan. Nach eng Keier en decken Merci un all iech.
JuZi 24.10.2007 - 09:10
Paukl, keen Problem,
So eis just bescheed weini dass de dei "Palais du Louvre" Party organiseiers.
Dann kennen mer eis alt prätongueareieren an deen Daag freihaalen
:::---)))
Nach een scheinen Daag,
an,
richteg gudd geschaft, nach eng Keier Bravo,

JuZi

kim 24.10.2007 - 11:52
exellent Paukl! ein scheint steck aarbescht!
Paukl 24.10.2007 - 11:53
smile deck fein Merci Kim
TomJung 25.10.2007 - 17:15
wei net als Topfoto ugeholl gin. schuedunhappy
JADE 25.10.2007 - 17:31
hmmmm ... majoooo ... ech hun mir se emol nach eng Kéier genau ungekuckt ...
an ech muss soen ...
fir een Schnappschoss ass se awer pas mal du tout ... smile))
DigArt 25.10.2007 - 17:41
also menger meengung no kann et nemmen un den barikaden leien...

mee wann ech mer e puer aaner topfotos ukucken... wees et jo net mee bon...
Johny 25.10.2007 - 23:07
Bei der anerer Foto hun ech jo scho vill Erklärung geschriwwen mee hei schreiwen ech dann nach en aneren Aspekt: Et däerf een net vergläiche matt "alen" Topfotoen well den Niveau vun de Fotoen ass matt der Zäit och an d'Luut gaang. Wann een aktuell Fotoen net als Topfoto ugesäit, ass daat affaire de gout (ass et dat sws net emmer ...)
DigArt 25.10.2007 - 23:18
do gin ech der recht, ass emmer affaire de gout, well et konscht ass an dei gett nunmol vun jiddferengem aanescht interpreteiert, daat ass jo och daat gudd un der saach closed_eye

et gin awer och einfach perfekt fotoen

ok... lo no baal 2 deeg kucken geing eng se eierlech gesoot och net als topfoto wielen wann ech keint, wou ech se fir d'eischt gesinn haat war ech zevill begeeschtert closed_eye

d'barikade fort, da wier et awer eng absoluten topfoto, oder net? closed_eye
Johny 25.10.2007 - 23:22
Perfekt Fotoen ... soen mer mol, doriwwer léisst sech gehierlos laang streiden closed_eye

D'Glännere geifen schonn en Riesen-ënnerscheed maachen, do hues du Recht. De Problem ass wann een daat schreiwt kennt als Äntwert (wann och net vum Paukl direkt mee vun aneren) dass de Fotograf jo awer dofir näicht kennt. Stëmmt! An trotzdem ass doduerch d'Foto net esou gutt wéi se kéint sinn. Wéi wuel jiddree wees ass emmer eng Saach vu Chance och bei gudde Fotoen an sou eppes ass eben de Géigendeel, LEIDER natirlech.

Ech fanne se gutt, mee daat ass well ech scho 6x zu Paräis war an ech gesinn alles waat do fotograféiert gëtt liit aanescht wéi déi meescht closed_eye
DigArt 25.10.2007 - 23:26
gin der vollkommen recht closed_eye
Biiissen 25.10.2007 - 23:41
Also 12 Héischkant Fotoen, do misst jo awer genuch MPix Spill sinn fir déi Glänneren verschwannen ze loossen...
An dem Sënn: hien hätt NACH MÉI kënnen draus maachen. smile
Johny 25.10.2007 - 23:56
Naja also zemols lenks a riets wou vill Detailer am Hannergrond si vun de Glänner, do ass daat awer scho schwéier...
DigArt 25.10.2007 - 23:58
gepiddels, brauch een zait a gedold closed_eye
Biiissen 26.10.2007 - 00:20
Hu jo nët gesoot, dass ët an 2 min gemaach ass closed_eye
Mee an 2 Stonnen misst een awer doduerch sinn, an en plus bei der Gréisst wéi se hei um Site stin geet dat dach nët sou genau...

Wann d'Glenner vun Ufang un an der Mëtt weg gewiescht wir, ging och keen dat riets an lénks sichen goen closed_eye
Biiissen 25.10.2007 - 17:46
Sou hummer dat gäer! Eng Symetrie ze frecks... smile
Wann déi Deppen déi Oofspärung nach méi zentréiert hätten wir se suguer nach besser, mee dofir kanns du jo nët!
Déi beliischten Gebeier häss de vlaischt bessi méi däischter kënnen maachen, soss awer wonnerschéin gemaach! smile
JuZi 26.10.2007 - 07:52
Wollt un sech eppes ganz aneres schreiwen, awer daat hei geet och duer

>>> No TopFoto <<<

Trauregen Verein
an wei soot den yannhellers
" wann daat keng topfoto gett, kennen mer all anpaaken smile "
Paukl 26.10.2007 - 13:36
@all nach eng Keier vill mools Merci fir ei super Ennerstezung an den Feedback. Haat eigentlech och aus dem Grond mat enger Topfoto gerechnet...mee nuje et hätt net sollen sin. Ech hätt mech jo natiirlech driwer gefreed, mee am Nachhinein huelen ech et awer sportlech. Et geet jo am Fong drem Photoen ze maan an sech lues an lues ze verbesseren. Weider freen mech wirklech mega doriwer, wann aaner Leit meng Photoen schein fannen, waat jo hei den Fall wor.
Ech kann awer och verstoen, dat en et Leit an der Jury gin, dei dei Barikaden steieren. Allerdengs wann een aaneren dei Photo do eropgelueden hätt an ech an der Jury wär, hätt ech dofir gewielt. (daat ass elo guer net fir d'Jury ze kritiseieren, mee ech soen just main Standpunkt, wann ech Jurymember wir)
Ech waert doudsecher weider versichen schein Fotoen ze maan, an vielait klappt et jo eng aaner Keier.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 498 Gäscht online