Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pensif

 
Pensif
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.11.2007
  • Gekuckt:
    34600
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    66 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    795x786
  • Späicherplaz:
    260 KB
  • Originaldatum:
    2005:08:31 15:02:11
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 20D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=23542]
Kommentar vum Fotograf:
...
Kwitchibo 12.11.2007 - 00:17
ganz eierlech do mus ech neischt soen ...




RESPEKT...
Garry 12.11.2007 - 00:17
/removed/
No_Saint 12.11.2007 - 00:22
Wann ee seng Harddisken duerchwullt fënnt een heiansdo eng Pärel.
annemie 12.11.2007 - 00:20
Do gefällt mer einfach direkt alles... smile (also: keen langen Text)
Super!
JADE 12.11.2007 - 00:27
...




Daerf ech déi weisen, NoSaint? ... am Kontext vun "Altern ..."
MarcGerard 12.11.2007 - 01:19

ganz schéin! zuper einfach..
déi situatioun an dat boot hannen, déi beem déi déift an dee penseur.. alles super-cool!!!
galileo 12.11.2007 - 08:03
Gudd !!
alma 12.11.2007 - 08:06
ass schon alles gesoot

gefällt mir ganz gut
gloda 12.11.2007 - 10:05
Lausanne?
No_Saint 12.11.2007 - 20:36
E bëssen méi südlëch: Lago di Garda , méi genee Torre Del Benaco.
Keup 12.11.2007 - 10:58
Wow super Foto. Respekt
marischen 12.11.2007 - 11:20
schéin smile
Paukl 12.11.2007 - 11:53
schleissen mech denen aaneren un....flott Photo
spako 12.11.2007 - 12:40
wiirklech eng immens schein Foto! mir gefaellt alles derunner, du hues immens vill Ebenen dran an daat gefaellt! wull mol na weider an dengem Haardisk
Dan 12.11.2007 - 14:11
Hei kann ech mech och just uschléissen!
Daat aas sou eng Foto wou einfach alles passt!
An deem Sënn... genial!
JADE 12.11.2007 - 14:36
2nd time:

oh mei! ... do sin (do kënnen) esouvill Symboliken an dësem Bild (sin)

ech zielen just eng hei ...

° den Mann sëtz op enger Bänk --> eng Etappe/een Abschnitt vun sengem Liewen,
° an ët sin nach Bänken do, déi Richtung Mier verlaafen --> also nach Etappen fir derduerch ze goen
° awer vun deenen weideren Bänken gesäit een schéin degressiv ëmmer manner --> hien kënnt no an no un säin Ziel (arrivée) erun an den Wee fir dohin gëtt ëmmer méi kuerz
° an do ass een Schëff waat hien dann oofhuelen kënnt fir den Passage "zur aanerer Säit" ze machen (de l'autre côté de la rive = de l'autre côté de la vie)
° hien denkt no ...
iwer waat denkt hien no? ...
iwer déi Zäit déi hien nach brauch fir all déi Bänken duerch ze hun, bis seng lescht Rees endlech unfänken kann? ...
iwer den Kapitän vum Schëff (wien begleet mech an deem Passage?)?
iwer déi aaner Säit, an wiem hien do begéinen waert? ... etc



OOOOOODER ... hien seet sech einfach nëmmen :
"tongueffffffffff ... boaaah! ... waat sin ech esou duuschtereg!! ... hätt ech elo mäin Portemonnaie nët vergiess, dann kéint ech elo een Pättchen huelen goen ... tjooo ... Pesch fir mech, ne! ... hmmmmm ... wéi kéint ech dann soss un eng Schlippchen Waasser kommen?? ..."
... closed_eye)))))

wéi gesoot ...
d'Richtungen vun den Interpretatiounen kënnen hei um 180° variéieren ... closed_eye)

daat hescht also ... deem Kritère no .... ass daat hei definitiv eng exzellent Foto ...
esouwuel fototechnesch gesin , wéi och vum Sënn vun der Szene aus gesin


jo ... wull du emol nach weider ...
No_Saint 12.11.2007 - 20:29
Merci Jade,
Gefällt mer echt gudd deng Interprétatioun (besonnësch déi philosophësch).
E puer vun denge Gedanken dozou haat Ech och, mé Du hues daat awer nach vill méi déifgraifënd analyséiert.
Natierlëch kanns'te déi weisen, Du weess op jiddefall Eppes douzou ze zielen.
JADE 13.11.2007 - 07:42
Merci ... smile
Focus 12.11.2007 - 14:52
fantastesch!
klodinchen 12.11.2007 - 15:38
Wonnerschéin, wei aus dem Film, wei gemolt, do haaste wieklech Chance an och richteg erkannt dass dat eng super Foto geif gin!!
luxtom 12.11.2007 - 22:31
Mega, wonnerbar, einfach gudd. Eng foto bei daer een einfach henkebleiwt an net direkt weiderklickt. TOP !
No_Saint 12.11.2007 - 22:40
Merci, freet mëch !
Nicon07 13.11.2007 - 19:23
Ech sin e bësse spàid u, fir nach laang Kommentärer ze schreiwen. Dat meescht as jo scho gesot gin. Dofir zéihen ech just mäin Hutt a soen: Respekt! Sou Fotoë brauch as Welt mi dacks.

Merci datts du eis déi gewisen hues.

Schéi Bonjouren, Nico
No_Saint 13.11.2007 - 23:13
Merci Nico, et wor mer e Plaiséier.
NIKONIANER 07.12.2007 - 10:26
Super Photo!
Montage?
No_Saint 09.12.2007 - 22:14
Nee, kee montage just eng zwou Leitungen an e Schëld
eweschretuschéiert.
TomEwert 18.08.2008 - 12:41
expressioun pur
orlok 25.08.2012 - 19:51
Eng Topfoto.
Super Schnappschoss!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 277 Gäscht online