Klappt wonnerbar. Déi eenzeg Ureegung wou ech nach hätt wier dass en klegen Schiet riets op der Mutz nach gudd wier fir dass se net sou an den Hannergrond iwwerleeft. Vläit léisst sech dat am Postprocessing maachen, einfach den Schiet vun lénks spigelen an driwwer setzen?
Dat wat mech am meeschten beandrockt as wéi gudd déi verschidden Elementer duerch Luucht an Cadrage ausbalancéiert sin. Et as näischt dran wat sech zevill opdrängt.
Technesch: Wisou ISO200? Ech huelen un du haas Studiosluuchten, da wier et vläit grad sou gudd gewiercht den ISO rofzesetzen wéi Blend?
Majo D2H minimum ISO= 100 :l
Effektiv, riets kint manner iwwergang sin! Am raw ass nach dran, misst do nach kennen raushulen, wann net kopéieren ech... gudd iddi
merci
Jo, hat huet eng ganz collectioun gestréckt fir de projet dee mer an der Schoul hun, a wann een di mutz do lénks dréint, do ass en flott rosa muster dran waat een hei lo net gesäit... Setze fläit na di eng oder aaner vun de Kleeder rop...
merci fir de Link, do si ganz flott Fotoen ze kucken!
Boah...de Gloda denkt EMMER scho mei wait wei ech Deen eenzegen "hmm-punkt" wu ech font hat wuar dat mat der Mutz a mam Hannergrond, an do huet de Gloda jo schon e Virschlaag gemaa Hehe...
Just fir et nach op de Punkt ze brengen: mäer gefällt se absolut gudd! Dat nennen ech d'Luut genee richteg agesaat.