Den James Blunt, den 29.3.08 an der Rockhal!
Mier huet de Concert ganz gutt gefall... ech hoffen och d'Foto gefällt.
Ween méi wëllt gesin, deen fënnt weider Fotoen ënnert:
www.danthuy.lu
Deen hun ech geschter am Fliiger vun Pareis op Lëtzebuerg gesin. Am Bus hun ech mir geduecht dass den Jong bestemmt op Pareis Guitarre üben war. Ech hun en net erkannt well en zimmlech schei mat enger Kaap un am Eck stung an nach vill méi jonk ass wéi en hei op der Foto ausgeseit. Ereischt wou e puer Meedecher hier Autogrammen gefroot hun, hun ech mir sou meng Froen gestallt.
Super Foto awer, wéi emmer bei dengen Concertsfotoen!
Jo Armand, daat as eng Kamera.
An 2 aner Kameramänner sin nach virun den Fotografen dauernd hin an hier gefuer mat hieren groussen Kamera'en op Rieder, an daat Gefilms gouf während dem Concert op groussen Leinwänn gewisen... war e flotten Effekt!
Genialen concert...
Ganz gelongen foto, war bestemmt net einfach eng gudd vun him ze man, well en huet dach beim sangen dauernd grimasse geschnidden...