Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Autsch

 
Autsch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.04.2008
  • Gekuckt:
    56519
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    30 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    540x800
  • Späicherplaz:
    185 KB
  • Originaldatum:
    ..05.04.2008
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:
- Pickegen Drot
- Selwer gekachtent "Blut"

Fir anzesetzen: [pg_img=26155]
Kommentar vum Fotograf:
Bessi en aneren Portrait. Brauch wann méiglech séier Kritiken, dass ech nach Saachen verbesseren kann firun dass ech se an meng Mapp man.

nei versioun:
Autsch 2

MarcGerard 07.04.2008 - 23:59

ausser dass 't bludd méi no gebeess ausgesäit ..

fannen 't foto cool, mee 't faarwe sin net "krank" genuch bigsmile
yoshi 08.04.2008 - 00:04
ehehe, wei krank mussen se dann sin?
emmerhin kann ech lo soen: HA!! et ass awa keen gebeess cool
ass net su eimfach realistecht blut ze bastelen... hu laang probeiert an daat ass daat bescht waat ech hikruut... mee geif soen et ass haaptsächlech dei riets straif nierft der nues? mengen daat geif ech na hikreien dass dei nemmi su no gebees ausgesait... oder mengs de all blut gesait net gudd aus?
MarcGerard 08.04.2008 - 00:07

alles ... ! 't faarw an 't mass.... et as ze hell ....
yoshi 08.04.2008 - 00:11
ok, dann schedden ech na besis roudwain dobai cool

oder mengs de lo ganz foto ze hell?
MarcGerard 08.04.2008 - 00:17
à la vite ..

ausserdem fannene ch dass de mond relativ gelangweilt as.. entweder giff ech en déck ugestrengt man, also dass ech 't péng spieren.. ODER eben doud... oder erschötongueft... an dann net nemme bludd, mee och tréinen (!!!)

ps: hues du komplexer oder sou?? bigsmile oder WAAT as DAAT rem vir ee projet? bigsmile
yoshi 08.04.2008 - 00:22
dain "à la vite" ass mer dann zwar bessi ze blostecheg cool mee okay verstin an weieng richtung. kucken waat sech mmaachen leist.

hm mam mond kann ech op dei schnelle lo net fill änneren, hun zwar na fotoen wou besis su sin wei wann et richteg wei deet, mee gesait komech aus oder gesait een nemmi richteg dass drot am mond as. ass bessi domm...

komplexer.. hm.. nee bigsmile keng ahnung. misst iergentswei bessi mi extra saachen maan fir an meng mapp an iergentwann ass mer su eppes an den kapp komm. hat na puer aner ideen, dei ech awa net emgesat hun, fir eng selbstportrait serie.. mee jo kennt flaicht na eng aner keier smile
klex 08.04.2008 - 17:27
a la vite gif ech just na mi gring amplaatz blo maan, mee de wee ass de richtegen!
MarcGerard 08.04.2008 - 18:19

op wéiengem bildschierm? bigsmile
yoshi 08.04.2008 - 18:52
op deem deen op den drecker agestalt ass bigsmile
MarcGerard 08.04.2008 - 18:59

lol... da post emol däi profil, dasse mer all kënnen eise schierm op däin drécker astellen XD
StraiGht-P 08.04.2008 - 22:21
du kriss eseu falscht blut ze kaafen an da staat an engem bastelbutek closed_eye
yoshi 08.04.2008 - 23:32
stemmt mee et schafft een spontan mat deem wat een huet smile
gloda 08.04.2008 - 01:27
Wat dem Marc säin Kommentar zu den Faarwen ugeet, probéier mol am Channel Mixer ze spillen. Den gréngen Channel kéint der gefalen fir Portrait'en an dësem Styl. Dann kéint e bëssen Dodge & Burn um Hals, an un den Linnen déi dat Baussegt vum Mond mam Baussegten vun der Nues verbannen nach Wonner wierken.
arwa 08.04.2008 - 07:48
grad sou gudd wei d'Foto gefaalen mir dei Kommentarer smile

sin zwar lo nët den Fan vun sou Saachen, kucke mir se awer ëmmer rëm un an bewonneren dei Ideeën an och dei Aarbechten !!

ps. mam Méedchen alles an der Reih ?
pps. wetten, dei geseit souguer an SW gudd aus !
yoshi 10.04.2008 - 23:28
merci, s/w gefällt se mer net su gudd, gesait suguer bal banal aus fannen ech smile
meedchen ass an der reih bigsmile
annemie 08.04.2008 - 08:38
Ausgefaalen Mappen sin cool.
Ech fannen deng Iddi rau, mee dei eng Straif "Bludd" riets niewt der Nues gesait definitiv mat am onrealisteschsten (puh!) aus. Di aaner keinten nach duerchgin closed_eye
Sai Mond gesait mer nach bessen zevill noo "Kuck Yoshi ech hun Droot am Mond" an net no "auua" aus ;D (du verstees mech schon) Wann se bessen mei noo Péng ausgesait, dann gett se rau!!!! (freck, wei krank klengt daat dann!! sad)

humba smile
gloda 08.04.2008 - 11:48
LOL. Dat kléngt wéi wann den Yoshi drop kéint äntweren: "Gudd gemach, komm mer maachen eng Foto dovun fir der Boma ze weisen."
annemie 09.04.2008 - 00:12
Gloda! closed_eye
(SOUwait wier ech lo net gaang)
kola 08.04.2008 - 09:25
Cool Idee !

Fir den Gesichtsausdrock fannen ech passt dem annemie seng Formuléierung am beschten : 'zevill noo "Kuck Yoshi ech hun Droot am Mond" an net no "auua" aus'
Den Gesichtsausdrock misst e bëschen méi verkrampft sinn !

Fir d'Blut muss du nach dann nach e bëschen un dengem Kachrezept schaffen closed_eye

ploro 08.04.2008 - 14:32
hm oofgesin vum gebees wei den maggele schon soot, muss d foto mei dreckeg gin smile
probeier mol mat engem 2. layer brongt lieder (Daitsch: Leder) iwwert d haut ze leen oder soueppes an am ganzen mei donkel ze machen
Knipser 08.04.2008 - 17:15
Och wann dat net den Genre Foto ass op deen ech onbedingt stinn, ech fannen déi Iddi an och Réalisation Genial, et sin ewéi schon gesot gin as bestemmt nach Sachen ze verbesseren, ech kann der do leider keen Tipp gin, ech kennt et net besser.
elmuzo 08.04.2008 - 17:37
Di Comments hei sin nëmmen de Glanz,bigsmile. Et deet zua och schons esou wéi ... ouni dat wats de, laut Kommentaren, nach alles solls änneren.
CHEERS
MUZ
CHAREL 08.04.2008 - 21:12
also dei rout faarw do trefft mech voll dei rou hellluucht drengt an mech ran biss an mei wurzelschakra
yoshi 08.04.2008 - 21:17
hehe du telemedialen kolleg bigsmile
n0brein 10.04.2008 - 00:35
wei gesoot... oui ketchup wier et besser...
yoshi 10.04.2008 - 23:29
majo ech well ierch alleguerten en groussen merci soen fir är total hellefraich kommentarer, ech hätt daat net erwaard! MERCI
lueden eng nei versioun och lo rop
JADE 10.04.2008 - 23:31
dierf ech nach just eppes klenges bemierken? ...
majoooo ... déi kleng metallen Bull lénks um Droot ... ech muss ëmmer erëm drop kucken an sichen waat ët ass ... grrrrrrrrmmmllll
yoshi 10.04.2008 - 23:51
hehe gudd gesin, dei ass bei der neier versioun schon wech closed_eye war bessi seier geschitt oder war midd, wees nemmi.. ass en rescht fun dem droht , hun den missten e bessi rofsetzen, well en soss net mat deem am mond gepasst hätt :P wanns de na eng keier dohi kucks mierks de och dass d'hoer och vergiess gin sin unzepassen cool
awer pssst... bigsmile
LuCy 06.06.2008 - 21:08
woow einfach nemmen den TOP!!cool
yoshi 07.06.2008 - 11:28
merci, gei awer mol dei mei nei versioun kucken closed_eye
also hei ennert der foto ass den preview "Autsch 2"

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 505 Gäscht online