wa deng gallerie lo nach net kucken, mee hues de eng wu heen zum schluss vun der box gesprongen ass an eng wu den saenger vun eternal tango baal vun der bühn getrollt ass?
Freet mech dass se dier gefällt... géi roueg méng Gallerie kucken... vläicht ass do nach déi eng oder aner dobäi déi dier gefällt...
Ech därf bei baal all Concert leider nëmmen déi 3 éischt Lidder äus dem Pit eräus fotograféiren! Leider géifen déi bescht Fotoen awer eréischt méi spéit entstoen.... well d'Band dann richteg warm gët an méi Action bidd!
Mee an deem Fall gëllt et sech un d'Spillregelen ze haalen...
asou ok... schued, well dei 2 scenene waren genial!! XD
wa schon kucken, hun mech suguer ob 2 fotoen entdeckt, stung vun der bühn aus gesin lenks relativ vier.
Dierf ech aus firwetz froen mat wivill mm Brennwait déi heiten entstaanen ass? Ech hun d'Bühn zimlech héich an den Photogruef zimlech schmuel fonnt. Mais ech war jo och just fir ze kucken do, an net fir ze photographéieren
Ma du sees (schreifs) daat waat ech mir och schon laang denken. Ech mengen hei hun verschiddener Angscht (dat well elo net heeschen dass den Dan dozou gehéiert) eng Kritik ze kréien wéi "häss de den Iso méi erop gesaat dann..." oder "bei där beliichtung häss de awer kéinten...". Just well ech wees wéi d'Astellungen waren kann ech nach laang keng Foto kopéieren.
Also ech fier mäin Deel kann dier nët soen vierwaat méng Exif Daten nët mat gespäichert gin...
Nodeems ech d'Foto mam Aperture op d'Photoen Gréisst exportéiert hun, gin d'Exif Dateien nët méi matgespäichert!
Wann ee wees wéi ech daat kann änneren, wier ech frou et gewuer ze gin!
Hm, ech kennen deen Fall. Den Neat Image zb läscht déi Donnéen och aus den traitéierten Fotoen. Well ech den Aperture awer net kennen kann ech der do och net verroden wéi oder obs de daat änneren kanns