Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lexus

 
Lexus
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.06.2008
  • Gekuckt:
    26146
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    499x750
  • Späicherplaz:
    362 KB
  • Originaldatum:
    30.06.08
  • Fotoapparat:
    Nikon D3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:
-Verschidden zorte Luuchten
-Marc

Fir anzesetzen: [pg_img=28209]
Kommentar vum Fotograf:
Net dat na ee mengt ech wier en Autosfreak, absolut guer net! An Fussball na manner, dofir ass daat gescht den Owend gudd gaang :) wollt daat schon emmer mol probéiren... wär dofir emsou méi frou iwwer ureegungen.
galileo 30.06.2008 - 14:03
sin och keen Autosfreek , mee muss awer soen: cool !

D'Reflets baussen an d'Luucht ennert dem Auto sin super. Dat mauve bannen am Auto passt fir mäi Goût iergenwéi nët richteg bei d'Faarw vum Auto - kann der awer elo och nët soën wéieng Faarw datt dann elo bannen dran bësser géif wierken...

Kéint mer och den Himmel méi däischter virstellen...Esou guer ganz ouni Himmel an den beton's Ufo do, ass d'Foto gudd - zwar anescht, mee awer gudd.



klex 30.06.2008 - 17:26
Dat mauvt-blot ass usech orginal, mee ech probéiren et awer mol engkéier an enger aanerer Fuarw! Merci smile
big-basti 30.06.2008 - 17:08
Froen mech zuar firwa soss keen eps schreiwt ...

Also gefällt mer zimmlech gutt dat doten .. Emsetzung ass ganz gutt. Wann ech su op den eischten Bléck kucken fällt mer neischt fehlerhaftes op.

Beliichtung ass tiptop mat den Reflektiounen. Hues de vun hannen beliicht ? Wann jo, misst ennen fir och luucht sin oder ?! Wees lo net weis de dat gema hues closed_eye
Wei den Galileo sot, bannendran as et vleit su en mauven Toun. Hat di Foto als eischt an der Schoul gesin gehaat mee war mer net secher well dei Computeren net sou immens sin..

Haas de deen Moment vleit probéiert di fiicht Luuten unzemaan?! Géing bestemmt gutt ausgesinsmile

Jo soss hun ech net vill ze meckren, fällt mer opjiddefall neischt mei op an muss soen propper geschafft, sin emmer rem begeeschtert.

mbG, Sebastian closed_eye
klex 30.06.2008 - 17:32
Dat mat de Luuchten un wär net méiglech gewierscht well di vill ze hell gei wären :/ de ganzen Auto ass mam Handy beliicht, da kanns de der firstellen dat gaaaaanz wéineg Luucht gebraucht gin ass an daat mat der Lucht un net méiglech gewierscht wär, well suguer wann se just kuurz ugemat gi wär wär schon alles iwwerbeliicht gin.
Jo, enner aanerem ass och vun hannen ennendrenner beliicht gin (net mam Handy) an d'Luucht ass Fier nemmi su stark, mee trotzdem ass de Buedem awer besse beliicht! Daat gesais ee gudd wann ee mat där Foto vergläicht wu keng Luucht vun hanne kennt...
A wi ech zum Galileo soot, den Intérieur wuar déi Fuarw, mee probéiren daat mol an enger aanerer smile
Merci, freet mech dat se der gefällt!
big-basti 30.06.2008 - 17:35
Ok merci fir d'Erklärung smile mam Handy ? net schlecht closed_eye
Focus 30.06.2008 - 19:38
an ech sin en Autosfreak an fannen se genial!! Supert Färfspill. Den Lak as Top. Cadrage mam Turm as mega.
Wann ech extreem pingelesch sin dan as et just den Rand an den Zillen um Buedem; iwweral sälwescht wir nach méi flott; mä bon - wollt nemmen irgend eppes fannen closed_eye
klex 01.07.2008 - 17:28
Cool, merci smile freet mech wanns de se flott fenns! Mee wi mengsde daat mam Rand un den Zillen? Dat di an der mett gespléckt gin an an 2 richtungen gin? Daat wuar ma mol guer net opgefall am ufank well et wiirklech stachdäischder wuar. Mee de Marc (Kwitchibo) hat daat dono bemiirkt an ma hu fonnt dat dat awer na bessen dynamik gif gin dem Bild...
Shantideva 30.06.2008 - 19:53
Ech kann mech hei denen aaneren just uschléissen. Hei stemmt einfach alles. D'Liichtspill am Lack ass immens flott gin. Sauber Aarbescht! Ech gief se awer net aanescht beliichten am Intérieur, wann den Intérieur déi Faarw huet. Daat kéint eventuell dann onnatierlech eriwerkommen. Se ass souwiesou gudd sou.
klex 01.07.2008 - 17:28
Probéiren mol wi et dann ausgesait, daat wär flait interessant nach eng 3 Fuarw am Bild ze hun, féait Beige? mol kucken smile merci fir dai Kommentar!
Jean-Jos 30.06.2008 - 23:10
ech si begeeschtert vum Auto, deen iergendswéi aus engem SciFi-Film ze komme schéngt (gëtt nach ënnerstëtzt durech d'Verzerrung vum Waassertuerm);
den Himmel a 'rubine red' an den Tuerm a gro: dann wäer d'Fiktioun fir mech perfekt, mengen ech emol closed_eye
klex 01.07.2008 - 17:29
ech wert et testen! smile
merci
Clod 30.06.2008 - 23:16
Ech fannen se einfach just gudd,d'idee ass super an och gudd èmgesaat,gefällt mir mega.
klex 01.07.2008 - 17:29
merci!
Rolacro 01.07.2008 - 16:11
Also, teschnech gesin fannen ech d'beliischtung vum auto wierklech top! Mee di faarw am himmel an iwerhaapt d'perspektiv vum auto (och weinst der brennwait an dengem vollformat) gefaalen mir perseinjech net richteg... Wierkt net sérieux genuch... Außer du hues lo en karrikaturalege style gesiischt, dann ass se gelongen closed_eye

AD: mech geif et intresseieren weis du dat mat den luuchten ronnbruecht hues... weivil haas du der, respektiv, wei hues du se agesaat?? Geif ech wierklech gäaeren wessen...
klex 01.07.2008 - 17:32
Also d'Perspektiv wär o net aanescht mat engem 17mm um DX wi engem 24mm um Vollformat smile Mee du hues räscht et wirkt o net ganz serieux, et soll jo och bessen iwerdriwwen sin, dowéinst och dem Himmel. Haat och mat manner Wäitwénkel priobéiert, mee daat huet einfa net gepasst well keng Dynamik mi dra wuar.
Mat de Luuchten, wi ech sot, de ganzen Auto ass mat enger Handyluucht beliicht gin, just nach e bletz vun hannen ganz duus, enner den Auto, an namol an d'Hecken hannendrun fir na bessen opzehellen. Ech si mam Handy rodrem den auto getreppelt an hun en ''ugemoolt'' mat der Luucht.
Rolacro 02.07.2008 - 17:44
Ah, huff! Ech haat mech schon gefrot, handyluucht?! Damned! Lo verstin ech... Do freet een sech fwa et na lait gin di deier luuchten kaafen, wann een esou en resultat gesait! smile
klex 02.07.2008 - 17:50
Majo wuar och iwwerrascht smile wuar secher net fir d'läscht dat ech soueppes gemat hun... well su riese Softboxen fir alles auszeliichten hun ech net :/
SchlappiFuzzi 01.07.2008 - 17:05
Gefällt mir och ganz gudd daat do, weilt ech haett sou Fotoen vu mengem Auto.

Gudd geroden den Klex(us)
klex 01.07.2008 - 17:32
Merci smile
spako 01.07.2008 - 19:33
immens.. ass schon alles gesoot gin .. ( mech erennert den Waassertuerm ganz vill un dei Serie dei ech emmer als Kand gekuckt hun "Tripods" (oder "Die Dreibeiner"closed_eye mee haechstwahrscheinlech kennt rem keen dei closed_eye
klex 02.07.2008 - 10:56
also ech mol net closed_eye hun mol gegooglet fir ma eppes kennen drenner firzestellen...
merci! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 432 Gäscht online