as zu Treier... leider ouni Stativ, doofir sin meng aaner och verwackelt gin :(
hun se mol bei Digital Art gesaat, well ech alles ausser den Grafiti s/w gema hun!
och yea! gudd verschafft!
intressanterweis hun ech an enge anere foto déi selwecht fotoe gesin (also graffittien mat s/W+faarweg! an do ass 't diskussioun opkomm iwwer 't rechter vun deene fotoen! well jo amfong graffitti ee konschtwierk ass. zumol wann een tagg dobäi steet! mee nom gesetz ass et erlabt eng foto dovunner ze publizéieren soulang de graffitti NET legal ass... (hei ass dat wuel de fall!
ass interessant, hun gären s/w + fuerw... mee 10 punkten fannen ech dann awer bessi iwerdriwen, well esou revolutionär an extravagant ass se jo dann awer och nees net!
Iddi ass ganz flott a schéin emgesat mat dem s/w a faarweg. Allerdéngs hätt ech perséinlech uewe lénks entweder nach e bëssi méi vun der Strooss mat dropgeholl, oder awer dat Stéck wou een eropgesäit ewechgelooss. Ansonsten awer tiptop, a wéi gesot, gudd emgesat!
jo, ech wosst och net, wei ech ses olt oofschneiden.. mengen hun et awa sou beser fonnt, manner dann wieren grafitien oofgeschnidden gin an mei.. souvillsmei wa net op der foto drop
Jo flott ass se secher gin, mee uewen hätt ech mei oofgeschnidden. Daat hellt deen ganzen Floss vun dem Tunnel erem weg an steiert mei. Soss ass d'Foto gelongen an soen juste: weider sou!!!
Ganz flott an propper geschafft, bis an Details, wars bestemmt eng gudd Zaitchen amgaang. Fannen et flott dass et an den Tunnel eran en méi oder wéineger fléissenden Iwwergang vun faarweg op schwarz gett. Wanns de d'Bild selwer net s/w gema häss wier daat hei net su schéin erauskomm.