Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

eyes of the tiger

 
eyes of the tiger
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.03.2009
  • Gekuckt:
    40066
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/800
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    150 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x831
  • Späicherplaz:
    386 KB
  • Originaldatum:
    2009:03:19 11:58:34
  • Fotoapparat:
    NIKON D70s
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
2. Kategorie: Déieren »» Misc
Extras:
Sigma 50-150mm 2,8

Fir anzesetzen: [pg_img=34640]
Kommentar vum Fotograf:
Tjo, wann d'Proffen sech eng Woch mei laang frei huelen, dann gi mir allt och mol an den Zoo hei fier d'Zait ze verdreiwen. ;-)

Hätt eigentlech net geduercht datt se hei zu kaiserslautern och Tiger an Leiwen hun, sen awer positiv iwwerascht.

Hun mech allt mol fier d'Zait emzekreien mam Tele amüseiert am Zoo, an lo den Nowend Aperture an Photoshop bessen an Usproch geholl.

Tiger fannen ech am allgemengen zimlech faszineiert deiren, hei konnt ech en och nemmen ouni Gitterstäb knippsen duerch eng grouss Blend an dei richteg Distanz.

Hoffen, e gefällt eech, den Igor, den lauterer Tiger!
JADE 19.03.2009 - 22:46
fannen ech immens schéin gin déi Foto ...
den Model, mee och/zemols wéi's du en presentéiers

(wéi déi Proffen huelen sech eng Woch méi lang Vakanz? wéi geet daat dann? Streik? smile ...)
ApplEric 19.03.2009 - 23:04
Nee, mee d'sen nach vill Proffen dei nach verbesseren an hirr Projekter fierbereeden.
D'nächst Woch geht et lo richteg lass, och wann et des Woch offiziell sollt ugoen. closed_eye

Vilmols Merci fier d'Luew. Sen frou datt d'Foto gudd ukennt, sou ass et awer net fier naischt datt ech lo hei zu Lautern setzen an awer keng schoul hun. closed_eye
burningsharky 19.03.2009 - 22:58
heielei, nach een vun lautern smile waat studeiers de dann scheins do? (denken jo mol dass de student bass)

war och bessi iwerrascht vum zoo an den deieren dei se do hun mais vill fotoen haat ech net gemach deemols.
dei do fannen ech awer tip top getraff smile
ApplEric 19.03.2009 - 23:07
Salut!
Ma ech studeiren Virtual Design hei op der FH.

Wor och matt engem Virtual Designer de metten Fotoen maan, mer hate jo keng Schoul. closed_eye
Deen hudd allerdings eng Canon 1D mark 3, ass e bessen en Ennerscheed zu menger D70s. closed_eye

Merci fier den Luew, sen frou datt ech den 2,8 hat, dann hudd een d'Gitterstäb net dropp. den Zoo ass wierklech net nemmen sou een Streichelzoo, sen positiv iwwerrascht gewierscht, och wann mer nach Elefanten an Giraffen gefehlt hun. smile
Poly 20.03.2009 - 00:02
faszinant foto,
wosst emol net dat do en zoo vir
ApplEric 20.03.2009 - 10:59
Villmols Merci!

Dach, hei as en Zoo. closed_eye
Zenter der WM 2006 ass en ennert neiem Management an ass doweinst och vum Deirepark oder sou weg, lo kommen souguer Leit aus Frankfurt bis roof wochenends.

Nuje, d'ass allt e klengen Zoo, ween mol e richtegen gesi well muss dann schons op Berlin oder Hannover fueren.
suraki 20.03.2009 - 00:40
wow, ech wéilt ech kéint iwer eppes mèckere,
mé sou wéis de déi hei wéis ... muss ech passen ((-:
ApplEric 20.03.2009 - 11:02
closed_eye
Villmols Merci!

Mir ass gescht awer nach eppes opgefall wei ech d'Foto am grousse gekuckt hun hei um Site, wat mer am Photoshop op mengem 15" MacBook pro net opgefall ass.
Op der rechster Seit, dee schwarzen Deel, kennt nach bessen vum hannergrond duerch, well ech en am Ufank just bessenwollt oofdonelen, hun dun awer radikal mam Brun-Tool dat ganzt schwarz gema.
Well ech am Photoshop bei Fotoen vun 2000px breed awer net matt 100% vergreisserung schaffe kann, soss geseit een jo nemmen e klengen Deel vum gesamt, hun ech dei Plaatzen wuel iwwersin, hun et awer well verbessert, lueden se awer lo net nachemol rop, well jo nach keen et hei gemierkt hudd. closed_eye
suraki 20.03.2009 - 16:21
ech schaffen och mat engem (kalibréierten) MacBook an kann elo, wous du mech opmierksam mechs en Hauch gesin. Et stéiert mech awer absolut nët !
Gaga 20.03.2009 - 01:03
super foto, gut presenteiert an verschaft ! respekt !
ApplEric 20.03.2009 - 11:03
Villmols Merci! smile
Jeanny 20.03.2009 - 06:12
e wonnerscheine Tiger-Portrait.
ApplEric 20.03.2009 - 11:03
Och dier villmols Merci! smile
Ray 20.03.2009 - 12:19
Super emgesaat smile, do muss ech och mol hin
elmuzo 28.04.2009 - 22:02
Uaa, Eric ... sorry ... hun déi nach net gesin gehaat. TTP closed_eye TopTigerPortrait. Mengs de eng Canon hätt der hei besser gedengt? Nope...
CHEERS
MUZ
ApplEric 28.04.2009 - 22:08
Nee, natierlech hätt mer hei en Canon net besser gedingt, flait awer eng besser Nikon. smile
Nuje, sen um iwwerleen, mee dei 100 €uro dei Nikon engem lo rembouseiert bei enger D300 retten mech och net. Sen awer nach vill Suen.
Dann awer leiwer nei Objektiver. closed_eye

Merci awer fier den TTP. closed_eye
bdriver 25.11.2009 - 19:46
die foto do fannen ech an eist klengt laura einfach top
ApplEric 26.11.2009 - 19:27
Villmols Merci! closed_eye
endorphine 30.09.2010 - 00:06
dei as io iwwerdriwwen!!!bigsmile
ApplEric 30.09.2010 - 00:09
An wei fern iwwerdriwwen? Iwwerdriwwen am senn vun kitscheg oder am senn vun gudd? closed_eye
endorphine 30.09.2010 - 00:09
iwwerdriwwen gudd
ApplEric 30.09.2010 - 00:10
Aaah, ma dann villmols Merci! smile
Blimchen 30.09.2010 - 00:10
hihi ech hunn en schon live gesinn den Igor

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 318 Gäscht online