wow!gesait flott aus mat dem Hannergrond an den Drepsen wou an der Schwièf henken!wierklech flott!
mengen awa wann se insgesamt na mei hell wier giffen dDetailer na besser rauskommen...wi huesde dBeliichtung gemaach? gesin sou direkt keng Reflexiounen....
ech well elo net de klugscheisser spillen, mee ech fannen déi foto as net verdéngt an der reih vun de wochefotoen.
natiirlech well ech dat och begrënnen:
d'flëssegkeet déi aus dem glas fäll hues de -wéi et ausgesäit- opgehellt. an dobäis besse zevill an d'schieter ophelle gangen. soumat hëlls de der foto op deene wichtegste platze kontrast woubäi de recht vum bild e méi héige kontrast huet. déng iddi do méi hell ze man woar ganz richteg a gudd, mee déng technik einfach net.
dat as keng fro vun der berühmter "affaire de gout", mee schlicht an einfach e fehler.
déng foto as domat unsech awer net schlecht oder sou. ech giff et just gudd fannen -och wann se lo scho gewonn huet- wanns de se giffs géint eng foto emtauschen déi de fehler net huet.
ech hoffe mäer verstin eis net falsch an du hëlls mäi kommentar als kritik un, an net als gemeckers oder als besserwësseresch .. falls ech mech schlecht ausgedréckt sollt hun kanns de dech gäeren iwwer PM bei mer mellen, fläit kann ech der jo hëllefen de fehler ze behiewen.
Well Drepsen eng ongeweinlech Form hun geif ech dovunner ausgoen daß et sech hei net em Drepsen mee Loftblosen handelt, sprech du häs dei Photo ennert Waasser gemaat. Daat geif och dei net ganz riicht Ennerlaag erklären, dei dann och eischter enger Waasseruewerfläch gleicht.
Zur Photo: Daat huet bestemmt e puer Versich gebraucht bis dei doten Photo stung, dofier schon emol Respekt. Waat mer net gefällt ass Form vun der "Drepps", resp deckt dovunner. Mei klenger wei uewen am Bild ze gesin schwetzen eischter fir eng Flessegkeet wei dei deck. An Beliichtung vum Glas keinnt besser sin, mee bon, weis te daat ennert Waasser (wann meng Vermutung dann sollt stemmen) besser mecht kann ech der net soen.
Do helleft wuehl nemmen probeieren an experimenteieren.
Naischt desto trotz, eng originelle an gudd Photo......