Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng glécklech Koppel

 
Eng glécklech Koppel
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.10.2009
  • Gekuckt:
    80796
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    47
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    25 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    799x485
  • Späicherplaz:
    159 KB
  • Originaldatum:
    2009:10:08 16:52:56
  • Fotoapparat:
    NIKON D60
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=39853]
Kommentar vum Fotograf:
si sin glécklech an zefridden, mat dem hirem Haischen an Auto am Hannergrond, an wann net méi rullt...
ech wes den Himmel ass net esou gutt geroden, mais bon bloen Himmel am Original faarwegen, dat ass net einfach ze verschaffen am sw...
gloda 08.10.2009 - 20:49
Woah! Gaah!
Iwwersetzung: Wat eng arschgäil Foto! Wat en vermasselten Himmel!
Ok Poly. Du setz deen Himmel do lo an d'Rei. Dann lands de a ménge Favoritten, an du hues méng Stëmm fir d'Wochefoto scho sëcher!
Wanns de Hëllef mam Himmel brauchs so et, et wier ze schued deen sou stoen ze loossen wann en am Original blo war.
Poly 08.10.2009 - 21:00
ma giff mech nawell driwwer fréien, cool dass DU esou begeeschtert iwwert déi Foto bass = freet mech super
antoine_spautz 08.10.2009 - 22:19
*** genial
Maimonides 08.10.2009 - 22:38
Elo schonn eng super Foto,
a bei dëser Koppel
ass den Himmel egal,
well d'Geien déi dran hänken
héiere mir all.
Jaycee 08.10.2009 - 22:42
Loos der keng gro Hoer wuessen wéinst dem Stëck Himmel, de spilt hei nëmmen é rôle mineur. Exzellent Foto!
arwa 12.10.2009 - 07:56
stëmmt 100 %
Jean-Jos 08.10.2009 - 22:43
Du stëmms mech optimistësch...
wonnerbart Bild!
Poly 08.10.2009 - 23:08
ech soen iech villmools merci, si frou dat déi esou gutt eriwwerkomm ass smile
Jeanny 09.10.2009 - 06:36
eng herrlech Foto Poly, dat se glecklech sin, dat geseiet een
Poly 09.10.2009 - 10:48
och dir merci Jeanny
Focus 11.10.2009 - 17:09
Mein vote fir Wochefoto hues de.
Poly 11.10.2009 - 17:16
dat freet mech villmools merci smile
Jean-Jos 11.10.2009 - 18:39
Mein ebenfalls!
Poly 11.10.2009 - 19:17
merci Jean-Jos, ech si frou dat Foto esou gutt ukënnt :smile
JADE 12.10.2009 - 00:01
Bravo!

an, esou Glécklecher gesäit een nët vill ...
gloda 12.10.2009 - 00:15
Ooouai du hues et och nach ouni den Himmel gepackt! Sorry dass ech mech net méi gemellt hun, ech hun d'Foto awer nach net vergiess. (An iwwerhapt, déi kann och sou an d'Favs, Himmel hin oder hier.)
arwa 12.10.2009 - 07:59
Top - Foto, wou wei dei ganz Serie / Reportage würdeg !
Miau 12.10.2009 - 16:35
bravo Poly...top
Poly 12.10.2009 - 17:07
Iech allegueren villmols merci, freed mech dat se iech esou gefellt smile
suraki 12.10.2009 - 21:21
Poly ,...... mat Recht as dat Bild gewielt gin ! top
Poly 12.10.2009 - 21:31
villmols merci, och un dech, an dass de se als däin Favorit bäigesat hues smile
romor 12.10.2009 - 23:09
Verdengt Foto vun der Woch - Ohne Worte...
Poly 12.10.2009 - 23:17
smile
Kleent 13.10.2009 - 11:01
Stemmen zou. Verdéngten Foto vun der Woch! War och mäi Favorit! An ab elo och bei all meng Favoriten an der Lëscht closed_eye
Poly 13.10.2009 - 14:30
soen der merci smile
Knipsert 14.10.2009 - 11:22
Laacht lo keen. Kennen di Lait och. Wonnerbar Lait dei an enger ganz spézieller Welt liewen. Hierer Welt. Well vum Staat hu se naischt ze erwaarden.
Félicitatioun Poly
Poly 14.10.2009 - 13:12
ah jo, waars du dann och jons do, giff mech nawell interesséieren :-
Knipsert 15.10.2009 - 08:35
Jo, scho mei wi eng Kéier, hunn der lo grad eng PM geschéckt.
GarrySchroeder 09.06.2010 - 22:02
Eng richteg , eierlech Foto smile den ausdrock an den Gesichter , einfach ... ech kann et net beschreiwen smile Main Favorit

Sry wann ech "bessen" speit sin , mä sinn nei hei smile
suraki 09.06.2010 - 22:23
et ass e ni ze nei, fir esou engem Bild och nach méi spéit eppes anzeschreiwen
fir mech perséinlech, eent vun de beschte Biller hei op dem Site ! smile
Poly 10.06.2010 - 21:16
oh je, ech gi jo ganz rout am Gesiicht dat freet mech suraki, weess net méi wat ech soll dozou soll soen smile, mä deet gutt
suraki 23.09.2010 - 20:05
ech si nach ëmmer deeër Meenung, brauchs awer dofir elo net ze Äntwertenbigsmile
Poly 23.09.2010 - 20:57
dach, well d'Kollegen sinn gëschter erëm dohi gefuer,
konnt leider net matgoen well ech nach futti vreckt vu menger Perurees sinn,
ech hunn hinnen d'Foto matginn, fir de leit se ze ginn, sinn emol op d'Reaktioun gespaant smile
suraki 23.09.2010 - 21:01
e flotte Cadeau iwwert deen se sech bestëmmt freeën wäerten !!
Poly 23.09.2010 - 21:11
hoffen dat se nach alle zwee do sinn, hunn de Kollegen gesot si sollen eng Foto bei der Iwwerreechung maachen, dat get bestëmmt en emotionalen Moment
freet en sech dat en esou flotten Hobby huet smile
Poly 10.06.2010 - 21:12
merci dat freet mech wann emol an Fotosgalerie kucke get, an dann nei kommentéiert smile
Pixelman 12.06.2010 - 20:41
Ech gin dem GarySchroeder recht, d'Einfachhéet déi deng Opnahm ausdreckt, mecht all weideren Kommentar iwwerflesseg kann nemmen staunen.
Poly 12.06.2010 - 20:51
jo déi leit stellen sech wierklech net gekënschtelt dohin, déi sinn einfach esou, glécklech an zefridden mat dem wéinegen wat se hunn
Buddha 23.09.2010 - 18:30
WOW!
Poly 23.09.2010 - 20:53
merci, fir mech einfach dat flottest, esou "streetportaitopnamen", esou wei deng, déi am selwechte Stil leien, ouni grouss studiogedeesemssmile
Buddha 23.09.2010 - 22:24
Jo genau, ass och eppes wat ech baal am léifsten fotograféiren, d'Leit aus aller Welt an hierem réellen Emfeld. Se an en Studio ze ruffen kéint oft eppes onnatiirleches als Resultat hun (wat och trotzdem ganz schéin kann sin), mee dat ass einfach net sou menges...
Poly 23.09.2010 - 22:58
idem
crochen 30.04.2011 - 18:37
déi ass herrlech!
Poly 30.04.2011 - 19:02
dat freet mech ëmmer erëm, dat se ëmmer erëm gekuckt gëtt smile
micky-maus 12.05.2012 - 08:11
Bravo Poly!!! Fier mech dei scheinsten Foto vun der Woch, bis elo!!
Poly 12.05.2012 - 09:26
oh dat freet mech, merci smile
Jean-Jos 24.12.2018 - 23:43
Poly, eng wonnerbar Foto, ech ka nët gleewen, datt's du schon bal 6 Joer nët méi derbäi bass, an den Häerzer vun denen, déi dech kannt hun, bass du op alle Fall nach ëmmer présent!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 212 Gäscht online