Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Itsy Bitsy Spider

 
All Fotoen an dëser Serie:
3849 Thumbnail
3850 Thumbnail
Itsy Bitsy Spider
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Pas de Modification 3.0 Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.12.2009
  • Gekuckt:
    50729
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Originaldatum:
    2009.09.05 20:45:22
  • Fotoapparat:
    Canon Eos 400D
  • Objektiv:
    EF 100mm 2.8 Macro
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:
-eng Grimmel Bletz derbai geholl well et recht duuster am Eck war...
-main Zuch den dun awa nach komm as...

Fir anzesetzen: [pg_img=41285]
Kommentar vum Fotograf:
Ech fannen Arachniden mat dei impressionant Motiver...beweeschlech, op Zack an kreien ganz gudd mat waat em se leeft (am Geigendeel zu fillen Insekten dei ähnlech kleng sin)

des war amgaang een 27gängechen Menü zouzebereeden an haat sech dofir an engem CFL-Heisschen firun eng Luuscht gehaang....

PS:@Lex - wansde op dei eischt kliks kannsde den DETAIL bewonneren!lount sech! ;oP
xaph32 11.12.2009 - 14:58
Stark!
OK-Photography 11.12.2009 - 15:02
merci! smile
romor 11.12.2009 - 16:14
1.a deen Makro do ! smile
OK-Photography 12.12.2009 - 02:51
mersi! smile
marischen 11.12.2009 - 17:07
Sinn jo kee Fan vun Insektebiller mä déi do gefalen mer extra gutt smile Virun allem déi (éischter ongewéinlech) Faarwen.
OK-Photography 12.12.2009 - 02:52
dobai as daat mat den intressantesten Deel fum Macro (ok, Spannen sin wascheinlech nik jidfrengem saint) closed_eye

dFaarwen kommen fum Zuchhaischen...nix drun geännert...closed_eye

freet mech!! smile
gloda 11.12.2009 - 19:49
Déi Grimmel Blëtz get den néidegen "Pop" hier.
OK-Photography 12.12.2009 - 02:53
ah joh!an hun et sugur feddich bruecht laanscht den Schiet am Hannergrond ze kommen....errr.... tongue
grimmel 11.12.2009 - 21:36
super ! intressant détailer a flotten hannergrond.
an déi 'grimmel' bletz mecht daat ganzt nach méi erfrëschent
OK-Photography 12.12.2009 - 02:57
op där 2. gesaisde dAktioun bei där se sech den "Paak" (op nr.1 ennen riets) gefaangen huet - se huet sech no ennen faalen geloss (an Richtung main Kapp XD) an dei deck Meck seier -an Frischhaltefolie agepaakt-
thanks smile
AN 12.12.2009 - 00:06
super schein dei foto smile
OK-Photography 12.12.2009 - 02:57
mersih! smile
Keup 12.12.2009 - 12:44
Beisen Cadrage, Schaerft an Faarwen.

Saugudd
OK-Photography 13.12.2009 - 01:40
wow!thanks Dude smile
Keup 13.12.2009 - 04:59
Keen Prob se ass jo och ganz beis
mOnsterbUg 12.12.2009 - 14:05
ech sin impressionéiert!
OK-Photography 13.12.2009 - 01:40
war ech och tongue
freet mech closed_eye
Maimonides 12.12.2009 - 15:53
De Clou ass hei d'Faarw vum Hannergrond: eyecatcher.
An dann kuckt ee mol richtig: do gët eng Geschicht gezielt: vun 1 Spann a vun engem "27 gängische Menu". Och teschnich schéin gewisen.
Exzellent, furwëtzig a spaassig Foto.
OK-Photography 13.12.2009 - 01:41
joah dei roud Faarw an dem Kontext brengt dei Saach dach direkt besser riwer... closed_eye
thanks fir dKollektioun Komplimenter! closed_eye
marker 14.12.2009 - 15:44
Flott an der Fuarw a super kadréiert
gefällt mir ganz gudd..!!
OK-Photography 15.12.2009 - 01:27
mersih! freet mech! smile
deendo 14.12.2009 - 17:37
Super Foto, ganz kloer!

Awer... et ass schued dass de d'Blend nët e bëssen méi zou gemach hues fir dass d'Netz an der Spann hieren Kierper ganz scharf gin wieren.

gloda 14.12.2009 - 17:42
Veto. Déi Linnen vum Netz déi bei d'Spann leeden sin schaarf, déi aner géifen méi Opmierksamkeet lo lénks lenken.
deendo 14.12.2009 - 17:47
Ech fannen dass wann déi iewecht Mécken scharf sin, missten déi lénks et och sin.

Waat ass mat der Spann hierem Kierper?
gloda 14.12.2009 - 18:11
Koherenz, jo ok ech gesin wats de mengs. Beim Kierper gesin ech kee Problem, ee vun den Been as onscharf wat Déift bréngt, an fir den Réck fällt et och net sou op well den Bord awer scharf as, just d'Textur bannen as manner définéiert.
OK-Photography 15.12.2009 - 01:26
hm dBlend as f5 (bei där zweeter mam Fuedem f4) an et war realtiv schwierech se am Focus ze behaalen well se fill ronderemgerannt as (an daat ganzt Netz gewackelt huet)
mee stemmt hun nik grad GANZ paralell zum Netz geschaft an mat dem quaratechen Crop fällt dSchärft dann nach mei op!

mat hierem Reck steiert mech nik onbedingt - wien sech auskennt wees se nach emmer als Kraizspann ze indetifizeiren...closed_eye

(kurz: mat manner Blend wier den Hannergrond verluergaang - wier net daat nemlecht gin closed_eye )

Argumentatioun awa 100% akzepteiert!
MERCI! smile smile
deendo 16.12.2009 - 16:45
Aaah daat freet mech, lo hun mer mol e klengen Statement vum "Maestro" kritt. smile

Also fir mech gesait déi Spann op der Foto zimlech roueg aus, ech konnt mer net virstellen dass déi esou wibbeleg gewiecht sin sollt. Deng Blend konnt een och net erroden, leider sin d'Exifen beim verschaffen verluer gaang.

Ech kennen mech mat Spannen weider nët aus. Ech hun zwar keng Angscht awer ech Deelen d'Kummer zB nët gären mat hinnen *g*

Wann mat méi enger klenger Blend deen super flotten Hannergrond zerschoss gi wier kann ech och mat deelweiser Onschärft liewen smile well deen ass genial. Bei Spannenfotoen huet een esou oft gréng/brong Hannergrënn, do ass deen heiten schon erfrëschend!
OK-Photography 16.12.2009 - 17:23
huch Maestro?cool (ech sen joh eischter fir dVisa...)

se huet just firdrun den Paak agerullt (op Nr.2 huet se den "Paak" gefaang, du gesais sugur den Fuedem wou zwescht den Been prettlait...closed_eye) hun puer Fotoen fun der Aktioun mee dei sin weider nik brauchbar...closed_eye
(dExif sen nik do well et eng Fotoserie as...f5-1/60stel...)

se stecht an mengm Macrodossier o nawell zimlech raus!mol enka wou dCFL fir eppes gudd war... :p

deendo 16.12.2009 - 17:38
wéi wier et mat enger Ma...stercard? closed_eye

Jo, ok, ech haat nët unt Fotoserie geduecht, schued dass së an deem Fall nët ugewisen gin, mais et kann een jo net alles hun.

Haat d'Spann da keng Verspéidung *hrhr*

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 427 Gäscht online