Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Irina

 
Irina
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.02.2006
  • Gekuckt:
    36167
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    78
  • Beliichtungszäit:
    1/45
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    44 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    620x620
  • Späicherplaz:
    127 KB
  • Originaldatum:
    21.02.2006
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Multiblitz mat Softbox vu lénks
Reflecter vu riets

Fir anzesetzen: [pg_img=4153]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hu mech mol am Studio versicht :)
Johny 25.02.2006 - 20:10
Hues de daat Räuschen waat ee gudd gesäit beim Ouer z.B. express gemaach? Well ech kinnt mer virstellen dass se besser wir ouni daat liicht Räuschen. D'Luucht fällt awer ganz gudd.
klex 25.02.2006 - 20:13
Jops, wuar sou gewollt. Hun et gemaat well se mer soss ze fllach-plastikméisseg ass (awer net nemme beim ouer, iwwert d'ganz d'Bild)
Wanns de se géifs grouss eräusdrécke wär et net néideg, mee wann se sou kläng ass wi hei, ass se fier 200 iso ze vill ''clean''...
Johny 25.02.2006 - 20:15
Jo kloer ass et net nemmen beim Ouer mee do gesäit een et immens gudd. Ass wuel Affaire de gout waat een do besser fënnt, mee ech fannen och s/w Fotoen ganz ouni Räuschen oft flott...
rhconcept 25.02.2006 - 20:15
Mir gefàllt d'Beliichtung och ganz gudd, genau sou de quadratischen Cadrage. An och d'Noobearbichtung ass proper!
klex 25.02.2006 - 20:59
Wollt su eng Mettelformat-méisseg maachen dofir de quadratesche cader closed_eye
Merci smile
Ted_Lapidus 25.02.2006 - 20:22
1A, den Lex eben......
klex 25.02.2006 - 20:59
Merci bigsmile
Pletsch 25.02.2006 - 21:02
Ganz schein Foto. D'Irina huet een ganz d'reng Gesicht an vue que dass te d'Foto am Studio gema hues gesait een do dei ganz reusseiert spigelung. Et war eng gudd Idee fir d'Foto S/W ze haalen, dat fannen ech brengt mei opmirksamkeit op dat ganz flott gesicht an dei ganz flott reng Aan. D'Rumm passt och ganz gudd derbei. Kurz:et ass einfach eng top Foto.
klex 25.02.2006 - 21:40
Jo, d'ass emmer vu Fiirdeel wann d'Model eng reng Häut huet, daat gett dono manner aarbescht am Photoshop closed_eye Merci smile
Stenkmonster 25.02.2006 - 21:14
Bon also wei emmer eng topfoto.D'aan as och genial. Mee eng kritik hun ech.D'nues wirkt wei wann et sou een klengen stummel waer deen na bessen beim baak rauskukt...geseit bessen komesch aus (mmphotos)
klex 25.02.2006 - 21:42
Merci smile Jo, schued dat een d'Aanfuaw hei just net gesäit, d'huet schéi gring Aan closed_eye
CANON 25.02.2006 - 21:35
Gut gemach Lex ech gesinn de Studio brengt ett....weider esou...Waat vier enn Objektiv hass du
klex 25.02.2006 - 21:45
Jo, Studio ass zwar flott, awer net ze vergläichen mat available light dobäussen knipsen! Ma den Nikon 17-55 2.8, mäi Liebling smile
yoshi 25.02.2006 - 21:58
Ech fannen se ganz flott, mee leider ass mer Spiggelung vun der Softbox direkt an d'Aen gesprong. En klengen Reflet am Aen gesait zwar och gudd aus, mee hei fannen ech et einfach ze grouss, an virun allem sain lénkst Aen (daat waat fier ass) ass sou schéin scharf, dass et wierklech méi schéin wier wann do ganz Natur-Aen wier.
klex 25.02.2006 - 22:03
Wéi mängsde? Sofbox ganz eräushuelen? Hmm, kéint een zwar mol probéiren... ass u grouss well se ganz no wuar. Daat gin ech zwar lo mol probéiren smile
Merci smile
yoshi 25.02.2006 - 22:04
Mhjo am léiwsten ganz eraushuelen, wann daat um Recht vun der Foto net zefill ännert.
klex 25.02.2006 - 22:09
Also ganz eräus, daat gesäit schlecht äus!! Wiirklech mega komesch, ass jo och net logesch wann do kee reflex ass...fläit mi kläng maachen, mol kucken...
Johny 25.02.2006 - 22:11
Oder einfach mei schwaach !?
klex 25.02.2006 - 22:19
Och probéiert, da wiirken d'aan awa nemmi sou blénkeg, doduerch dat en sou wäiss ass maan se daat nemlech... mee mi kläng maan kéint fläit goen.
Johny 25.02.2006 - 22:37
Hm jo stëmmt, da wierke se ganz aanescht, haat net su wäit geduet.

(Lo gët d'Äntwert funktioun jo hei schonn kräftech an Usproch geholl)
mmphotos 26.02.2006 - 10:12
Also softbox am aan as sou eng saach.Net emmer schein mee wann een se raushellt get et graesslech...et geseit einfach nemmen schlecht ausclosed_eye haat daat och schon oft
Johny 26.02.2006 - 13:19
Ech hu jo net vun räushuelen geschwaat .. smile
Ted_Lapidus 25.02.2006 - 22:35
op all studiophoto sin softboxen oder/an d'bletze drop.... och bei den profien
Annick 11.03.2006 - 15:54
jop genau
MarcGerard 25.02.2006 - 22:56
wat hei elo nach net richteg ass, dat ass 't nues! wann 't spëtzt vun der nues iwwert de bak eraus geet, da kann dé gäeren emol méi lang wierken wéi se ass! et ass zwar hei net vill, mee et ass jo och nemmen theorie smile
scoty 26.02.2006 - 14:28
wau funn weni ass dei dann?
wollt och na eng keier fotoen vun himm maan
erennert mech bessi un eng reklamm vun hautcreem bigsmile
mee so d aaen ass et emiglech dass de do bessi am PS iwerdriven hues et hues zwaa immens flott aaen mee
gesait bessi iwerdriwen aus
ass och meglech dat et natiirlech ass mee ass mer mool direkt an daa gesprongen
Johny 26.02.2006 - 14:39
"wau funn weni ass dei dann?" PS: Bei den Donnéen steet och en Datum derbäi closed_eye
scoty 26.02.2006 - 15:13
jo mee wor och eischter eng froo un den lex,sou wei woren d emstänn
Johny 26.02.2006 - 23:33
Ah sou OK sorry, mee daat konnt een net su direkt aus denger Froo räiusfannen.
klex 27.02.2006 - 11:18
Ma di ass vun den Densden äus der schoul smile
Also ech hun net extra un den Aan lo eppes gemaat...hun d'Foto geschärft wou ech se bis klänge gemaat haat an dann verschidde plaatzen wou se iwweschärft wuar (verschidde Kanten a plaatze wiirke beser wann se fläit net su schaarf sin) nees mam History Brush zréckgemaat... Merci smile
scoty 27.02.2006 - 11:55
jo genee hunn mer sou eppes gedouscht ennen vum rietsem aan an op der lenker sait um baak
mee hues de daaen net na bessi mei waiss gemaa wei woren??
indigo 26.02.2006 - 15:56
ech soen just WOW!!!! an mengen aan di scheinsten studiofoto vum site... an dat meedchen huet eng wonnerbar beneidenswert haut!! closed_eye lex, du brengs et nach
klex 27.02.2006 - 11:20
Oh, merci bigsmile hat het wiirklech eng immens reng häut, och wann ech fläit di eng oder aaner onrengheet weschretuschéiert hun.
Olivier 26.02.2006 - 17:21
Wow... muss dem Nora recht gin... ass wierklech die scheinsten studio's foto.... d'aan kommen gudd eraus, mee trotzdeem mengen ech, oder hun daat gefill, dat d'aan bessi iwerschärft sin..., och wimperen ennen....
klex 27.02.2006 - 11:21
Merci smile hmm, d'wimperen hun ech awer nom schärfen nees réckgängeg gemaat... fläit net genuch...hmm :/
CK 26.02.2006 - 20:17
Gudd Foto, mee ech wonneren mech obs de am Photoshop bessen mam Paintbrush nogehollef hues; well zumindest di Impressioun hun ech - sorry wann ech falschleien.

An vu dass den Yoshi daat mat der Reflektioun an den Aen schon gesoot huet, brauch ech daat nët méi.

Mee ansonsten gefällt d'Foto mer gudd. smile
klex 27.02.2006 - 11:25
Waat ass daat fir en Tool ''Paintbrush''? Also waat soll dee bezwecken?
Daat mat der reflektion, jo, kéint probéiren se mi kläng ze maachen, mee mech perséinlech stéiert et eintlech net, ass eifach nemmen e véiereck...wann se lo dobäusse gemaat gi wär an d'wär verschidde ennerschiddlech grouss refleten dran ze gesin, kéint et schon éichter stéiren...mee probéiren trotzdem engkéier se mi kleng ze maachen, just mol fir ze kucken smile Merci smile
CK 27.02.2006 - 17:56
Sorry, hun "airbrush" gemengt an net "tongueaintbrush". Also an deem hei Sënn: http://en.wikipedia.org/wiki/Airbrushing#Airbrushing_for_photo_retouching
klex 03.03.2006 - 12:27
Ah ok. Nee, hun ech awer net benotzt smile
anaiya 27.02.2006 - 12:02
De Marc hat mer de Moien vun denger Foto verzielt, si wirklech begeeschtert!!!! wonnerschein
klex 27.02.2006 - 13:19
Ahjo, du haas jo de Mueren e shooting mat him, nee? Da sin ech mol gespaant fir den Nowend d'Biller ze kucken closed_eye Merci smile
Annick 27.02.2006 - 15:46
wonnerbar foto
klex 28.02.2006 - 13:50
Merci smile
icemc 27.02.2006 - 22:22
dat eenzegt wat hei kéint stéieren ass d'Reflexioun op séngen Aan, do ass eng source lumineuse, mee et wees een net wat et ass, also hätt ech mir genau déi Pose virgestalt, an engem Zëmmer, wou lénks vum Gesiicht eng Fënster wier, mat engem rideau deen vum Wand bewegt gëtt, wou d'Luucht eben an de Raum erankënt.
Ech sin zwar och kee Studio-kenner, an ech kennen dech net, mee wat mengs de Lex?
klex 28.02.2006 - 13:52
Daat kéint eventuell eng ähnlech beliichtung gin, mee awer mat méi duuse schieter an aaneren Reflectiounen...wann et daat wuar waats de gemängt haas. Merci smile
dawnii 28.02.2006 - 08:08
Hehe, du hues dech am Studio "versicht" smile jojo

Waat soll ech soen ausser : Tenial !!! gesinn do wirklech nix waat mir net gefällt. Top
klex 28.02.2006 - 13:54
Majo, si jo keen allzegrouss Fan vu künstlecher Bliichtung, mee verschidden Sujeten sin ebe méi eifach am studio ze réaliséiren wéi dobäussen... Merci smile
Sircharles 28.02.2006 - 19:16
Sie as schein , mee d' Nues steiert mecht , well dei esou eräuskuckt !
klex 01.03.2006 - 12:47
Iergentwou muss se jo hikucken... soen d'next kéier eifach et soll se anzéien (ass en tipp vum Garry) closed_eye
Flulles 04.03.2006 - 19:25
WOW!...deck gudd foto!...scheint meedchn! steiert mech just ganz e bessi dass sain ouer su en koomeschen faarftoun huet!....mee daat ass nemen eng kleng kritik!...am grousse ganzen ass di foto einfa nemen top!!!!!!!!!....hut ab!...smile
klex 05.03.2006 - 13:11
Merci smile Fuarwtoun??? Di ass Schwaarzwäiss bigsmile
HolliG 12.03.2006 - 22:17
do get et nemi vill ze soen, an an mengen aan as daat mat dem reflex vun der softbox iwerhaapt net schlemm.. grad sou dei discusioun mat der nues smile Eng extrem schein foto, dei sou eng mega rou an sech huet..dei kann een einfach stonnenlaang kuken, ouni d'flemm ze kreien!! An den Noise an der foto brengt daat rischteg riwer!! Muss na un den lenksen rand sou 2 kerben machen, dann kiint een mengen et wier eng Hasselblad gewiescht! closed_eye
klex 14.03.2006 - 13:54
Ahsou? Data mat de kerben wosst ech bis lo och mol net smile kéint een mol engkéier probéieren mat souengem rand closed_eye merci smile
dendan 13.03.2006 - 21:27
Déi Foto as einfach genial... Beliichtung as Top, an de Grain fannen ech dee muss sin, fier dass et méi natierlech wierkt.
Mat Secherheet eng vun denen beschten Fotoen um Site! Respekt!! (Muss een natierlech och d'Chance hun e sou e schéint Modell ze hun =;o) )
klex 14.03.2006 - 13:56
D'ass flott, op den Artistiquesklassen huet een emmer vill meedecher closed_eye a wann se dann och nach gär poséiren... smile
Merci smile
coolpix 15.03.2006 - 22:02
Ioio.. scheint Meechen, wonnerbar reng Haut, perfekt Beliichtung, hei gett et einfach naeicht drunauszesetzen smile.
Focus 15.03.2006 - 23:38
Natiirlech fannen ech se och super flott, Besonneg den Wénkel aus dem Foto gehol has. Hun just eng Fro déi mech schons sait 1 Woch ploot. Fir mein Gout as se eng idi ze häll, natiirlech nemmen t'Frontbeliichtung. Jidereen schreift hei perfekt Beliichtung, hun ech eng mam Geliitz?
dendan 16.03.2006 - 00:24
Fannen se net ze hell.. et geet jo néierens iergend en Détail duerch Iwerbeliichtung verluer...mee as natierlech Affaire de Gout!
Annick 08.04.2006 - 11:44
Photo ass schéin, hu näicht drun auszesetzen smile
Vince_M 11.04.2006 - 15:03
schei proper foto, mach esou weider...

Regards.
Vince
klex 11.04.2006 - 20:51
Merci smile
schnegge 28.04.2006 - 23:35
heysmile
mjo ech fannen deng foodo einfa nemn topsmile wiaklesch..ech sin lo hei keen profi, am geijendeel 0smile, mee ech hun nix un daer foto auszesetzn,, menga meenung no, as beliichtung tiptop, an as gut an zene gesaat gin, t meedch.. an en plus as hat o na en deck scheint..
allä ma weida sousmile
klex 30.04.2006 - 16:15
Merci bigsmile
Jury 06.05.2006 - 21:13
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Luc_69 02.10.2006 - 21:23
Genial, top supper !! Dei Aan den Ausdrock, den Bildschnet , alles perfekt ech sin hell ewech begeschtert.
D'Bearbeschtung am Photoshop geif mesch nach intresseieren.

- Luc -
klex 02.10.2006 - 21:28
Wuar net vill beaarbeschtung, RAW astellungen, selektivt ophellen oder oofdonkele fläit, si mer awer so nemmi secher, ass scho laang hier... kleng retuschen um Model, s/w konversioun, a optimiséiren fir webopléisung.
Merci smile
st_cub 05.02.2007 - 21:48
Dat do ass baal nët meiglech !! Zu viel schéin ! TopFoto.
klex 06.02.2007 - 16:29
Merci smile
Prometheus 29.03.2007 - 13:46
dei foto get eppes unzeindes offcool dei as wirklech topsmile
klex 29.03.2007 - 21:33
Merci smile
yoshi 11.04.2007 - 14:49
perfekt vir hannert den kleederstänner tongue
och am groussen print gesait se super aus smile
c u tomorrow... soen der na bescheet wou an weini..
klex 12.04.2007 - 01:49
Merci smile Jo, freet mech dat se der och am grousse gefällt, hoffe mer dat et deene kranke genausou geet closed_eye
paranormal 09.10.2007 - 21:31
mengen muss io nemei soen dat di foto top as (as schliislech eng topfoto necool)
an d haut...hach,,, ween well keng soueng haut (retoucheiert oder effektiv su eng schein haut an natura?)
klex 09.10.2007 - 21:52
Natierlech besse retuschéiert, mee effektiv eng suer reng haut! Soulaang hätt ech nemlech soss keng loscht mech ze ameséieren closed_eye
Merci smile
paranormal 10.10.2007 - 16:38
freck...well och sueng haut... ok puer retouchen mecht een emmer...mee...oh djeu....verschiddner hun wirklech gleck haha
jegas 08.07.2008 - 10:44
Schéin Foto vun engem schéinen Meedchen.
JuZi 24.08.2008 - 19:45
Oooha,
hei hun ech jo mol eng aal Foto fun dier fond,

awer wei fun Dier gewinnt, einfach TOP, du hues wierklech den Trick eraus.

Bis geschwenn eng keier mol erem,

Julien
klex 25.08.2008 - 00:55
Merci smile
Ohjo dat ass jo schon lang hier... Zait vergeet :-S
Freet mech wans de se flott fens!
Majo bis geschwenn wär jo mol cool! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 511 Gäscht online