Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Julie

 
All Fotoen an dëser Serie:
4492 Thumbnail
4493 Thumbnail
4494 Thumbnail
Julie
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.01.2010
  • Gekuckt:
    20187
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
    24. Januar 2010
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Objektiv:
    Nikkor 50 1.4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Stativ
SB-900
liicht Grénge Gel (ech wees daat sust well de gloda se sou nennt :p )
Diffusor
ehhh jo an d'Julie ;)

Fir anzesetzen: [pg_img=42215]
Kommentar vum Fotograf:
Meng Schwester huet eng Koppel Foto'en fiir an sain Dossier vun der Uni gebraucht, dunn hun ech alt geduecht et wier alt mol eng gudd Geleegenheet fiir mol eng Kéier sech un Portrait'en ze probéieren. Leider hun ech nemmen ee Bletz, an hun mer dunn missen domat hellefen (dofiir och den Schiet ;) ) Hun also den CLS vun Nikon benotzt an deem ech indirekt mam SB-900 geblëtzt hun an mam Compulsary als Master (net ideal mee bon, in der Not frisst der Teufel fliegen).

Wu ech se dun dono wéineg beaarbescht haat hun ech mer dee Plastik ungekuckt deen ech eng keier hei fabrizéiert haat, an mer du selwer gesoot, dass ech schon e bessen epes bäigeléiert hun an der Zäit. Any comments are welcome :)

p.s.: klicke w.e.g. ;)

//Edit: nodréiglech nach di läscht bäigefléckt :)
Baba 24.01.2010 - 19:38
Also ech sin jo och keen Expert, mee fier den Schiet ewech ze kreien muss du ganz ienfach e bessi mei wäit vun der Mauer wech bleiwen, dann Fällt denschiet ganz hannert deng Schwester an ass um Bild nët méi ze gesinn.

Zu den Biller gefällt mier déi 2 am beschten. Ech hätt vill£äicht do hust lenks e bessi mei plaaz geloos an och e bessi mei ennen, fier datt den Kapp net graad esou an der Mittellinn ass.
Vun der dretter gefällt mier den Bildopbau vun dem rechsten deel ganz gudd , besser wei bei der eischter.

Bon ech hun elo gudd schwätzen, brengen et jo selwer och net besser färdeg closed_eye))

Ech freen mech dofier schons wann een den PG Studio lounen kann.
deBaemm 24.01.2010 - 19:42
ech soen der merci fiir de comment closed_eye

effektiv mi wäit weg dorun hat ech spontan net geduecht, lung wahrscheinlech och dorun dass ech d'Garage kuerzerhand mat Läinduch zu "Studio" emfunktionéiert haat an net méi Plaatz haat closed_eye mee et ass op allefall eng kéier ze probéieren wann de Studio dann op ass, leider kann ech op keen vun de Workshops goen unhappy mee bon probéieren geet iwwer Studéieren, wi se emmer su schéin soen! Merci nach eng Kéier!
gtaddei1 25.01.2010 - 22:52
Et sinn na well vill Strobisten un photogen , dei keinten dir schon vill Suggereiren
D'Nummer 3 zb: kuckt richt an d'Mauer dofir ass dei mat e bessen espace beser, De maquilaage ass awer nett perfekt fir d'Fotographie ... et ginn orange Flecker ; D Nummer 4... et gesait een zefill daat waisst vun den Aan .. daat ass nett emmer appreciert vun den Portraitisten
Ze vill noo vun der Mauer, dann sinn plang nett respekteirt an en plus déé staarke schiet... ass nett emmer e plus.

net roosen sinn , et ass absolut nett einfach Portrait ze maachen méé daat leiert een schnell a gudd
deBaemm 25.01.2010 - 23:06
ech roosen? iiii wooo ;) ech sin hei fiir ze leieren! net fiir gesoot ze kréien ech ging nemmen schein fotoen maachen :P (ass neemlech net wouer ;) ) ech sin emmer dankbar fiir all konstruktiven kommentar, deen ech kréien, an deen do war definitiv konstruktiv smile

zum kommentar:
make up huet hat selwer gemaach ;)
iwwer daat wäisst vun den aan haat ech mer effektiv och meng gedanken gemaach...
waat mengs de mat plang net respektéiert?

Den haapt"problem" war dass ech déi Foto ou - à l'improviste gemaach hun mat deem material waat ech zur verfügung haat ouni es vill léinen ze goen, sprech een eenzege blëtz nix softbox nach prabeli nach soss eppes, dei sin awer an der bestellung fiir de gebuetsdaag bigsmile

"et ass absolut nett einfach Portrait ze maachen méé daat leiert een schnell a gudd" daat gleewen ech gaer, an OCH dofiir sin ech hei smile
gtaddei1 26.01.2010 - 00:54
Ech wéés nach nett ewei één dei schein mannercher (dei blo dei hie an do Zong eraus hunn asw) am text mescht méé daat wàrd jo nach kommen.
Daat haat ech verstaanen daat dess extemporanesch Knipsert woaren, mé och do sinn ech der méénung daat één de reflexe erréschen kenn dei och gudd ze maachen, villeicht nett vun der Lucht aus méé vum kadrage (an één ass de schweiersten ze leieren; effectivement dorun schaffen ech ewei é kranken) .
Eng Saac do där aaner an dann kennt é schon wàit . Ech erlaben mir kritiken ze maachen well ech och dorober haalen daat aanerer d'Fotoen kucken an dann soen wann se eventuell fotografesch aanescht maachen geifen. D'Kritik ass net evident.. eng keier d'regelen geleiert dann darf één och ewei de Klimt oder Miro oder soss nach esou één verreckten maachen. An der Literatur gett et zb De Kafka oder de Gunther Eisch dei sech selwer nett verstinn wann se sech geifen liesen méé dei dierfen ... am lycée wàr ech duerch d?fenster geflunn
Esou ass alles am Liewen ...
Bis dann
deBaemm 26.01.2010 - 01:24
mat allem anverstaan! Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 335 Gäscht online