Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Forex

 
Forex
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.02.2010
  • Gekuckt:
    28104
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1280x853
  • Späicherplaz:
    564 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
  • Objektiv:
    Tokina 11-16 f/2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=42805]
Kommentar vum Fotograf:
Ech war bei geleegenheet mol rem eng Kéier op exploring Tour, des Kéier am Besch, dofiir och Forex. Ech wees awer net op ech su ganz mat menger Foto kann zefridden sin, verschidden Schieter ze staark aanerer ze schwaach... wier frou iwwer aaner Meenungen!

P.s.: Dee Steen ennen riets am Eck nerft mech, leider ass en mer net opgefall wéi ech d'Foto gemaach haat...
gtaddei1 14.02.2010 - 22:58
Forex... excellent
Richtesch gudde Cadrage
deBaemm 14.02.2010 - 23:00
merci.. jo hu mech lo mol duech d'Äischdall op de wee duerch d'Bëscher gemaach fiir e puer där Bauten do ze fannen... ass flott ze gesin waat een do alles am Bësch kann fiirfannen!
gtaddei1 14.02.2010 - 23:04
De d'Natur fresst alles néés op
cf
http://www.flickr.com/photos/gtaddei1/4110689750/
deBaemm 14.02.2010 - 23:07
wow excellent faarwen!! Tjo Natur herrscht eben nach emmer iwwer hiiren Territoire closed_eye
donpoli 14.02.2010 - 23:23
Wahnsinn di Intensitét vun deenen Farwen!!!
donpoli 14.02.2010 - 23:23
Ech hätt net geduet dass de doraus nach esou vill kanns machen. As richteg flott gin, den Steen stéiert bal net, wanns de se géifs croppen dann geet vill zevill vum gudden Cadrage verluer smile
deBaemm 14.02.2010 - 23:25
"wanns de se géifs croppen dann geet vill zevill vum gudden Cadrage verluer" eben eben... daat war main Problem, nerft mech haaptsächlech well en sou hell ass, an de Bléck ooflenkt... mee bon, wann alles perfekt wier hätten mer näich ze meckeren :p

arenner mech bei geleegenheet drun der d'Original ze weisenbigsmile

ajo an merci :p
donpoli 14.02.2010 - 23:27
A wanns de versichs en mat enger Mask ofzedonklen dass en net méi sou erfirstecht?

kk, wärt ech machen

You're welcome
deBaemm 14.02.2010 - 23:28
da wiirkt en mer einfach zevill onnatiirlech... hätt deen Dreck einfach sollen réckelen :p
donpoli 14.02.2010 - 23:29
Remember: "wann alles perfekt wier hätten mer näich ze meckeren" closed_eye
gtaddei1 15.02.2010 - 00:13
Déén Stéén geif ech einfach eweschstempelen am Fotomarket... et géét an 2 sekonnen
Mexx 15.02.2010 - 01:32
ech liken dei foto smile mech steiert den steen am fong och net, fannen suguer dat dat deem ganzen besi mei raum get...
mee firun allem ass mer grad opgefall dat an deem haus eng Leder war... damn ech hätt jo kennen do ran cool
dr_kim_veis 15.02.2010 - 04:12
sorry mais ech wees net genee waat mat gudde cadrage gemengt as.Waat genau as den sujet vun deser foto an wei hues de deen cadreiert? Just meng meenung mais ech blecken hei net ganz duerch...
deBaemm 15.02.2010 - 11:20
Ma et ass mir unsech drems gaangen suvill wéi méiglech vum ganzen Zemmer drop ze kréien, dofiir den extreemen Wäitwénkel, dobäi hun ech suwuel d'Fenster wéi och d'Diir ungeschnidden fiir eng gewessen Openheet an der Foto kennen dran ze hun. Eppes aaneres waat ech onbedengt wollt dran hun sin d'Linen um Plafond déi an d'Ecker ranlaafen. An d'Dimensiounen vum Zemmer hun ech probéiert sou anzefänken dass se plus ou moin den Idealproportiounen entspriechen, op daat lo gelongen ass doriwwer léisst sech diskutéieren! closed_eye Mee waat die aaner als super Cadrage hei définéieren musse sie der selwer soen closed_eye
dr_kim_veis 15.02.2010 - 19:56
ech denken du hues zimmlech vill richteg gemaach mais et as mer net ganz kloer waat dain haaptsujet as. Wann et dei gaasflaesch as dann fannen ech dass se net genuch am vierdergrond as. Wann et d'zemmer as dann fannen ech dass dei ugeschnidden fenster/dier an den heigen point de vue ooflenken. Mais wei gesoot, just meng meehnung... closed_eye
deBaemm 15.02.2010 - 19:58
ech verstin dain "tongueroblem" closed_eye ech hun effektiv nach net su den trick fonnt fiir een Motiv fiir Urbex ze fannen wou dann och den néidegen Eyecatcher dran ass wéi den Shanti mer et schon erklärt haat, mee et léiert sech awer closed_eye
dr_kim_veis 15.02.2010 - 23:59
ech sin mer secher dass et kennt. stell der einfach emmer d'fro vierun dass de eng foto mes waat dain sujet as.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 335 Gäscht online