Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng Breck by night

 
Eng Breck by night
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.03.2010
  • Gekuckt:
    28032
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f7.1
  • Brennwäit:
    17mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x683
  • Späicherplaz:
    239 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 7D
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Canon 17-55 f2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:
Net kaal an de Aan hunn

Fir anzesetzen: [pg_img=43460]
Kommentar vum Fotograf:
Et woar eng Loft do fir sech unzestrecken ...
Et ass London d'Breck firun der Super bekannten Tower Breck. Dei hescht New Bridge
JADE 07.03.2010 - 17:20
hei muss geklickt gin smile

mir gefaellt dess Foto ganz gutt --> d'Bréck huet immens schéin Téin ... iwert den Himmel denken ech nach no
gtaddei1 07.03.2010 - 17:55
merci Jade
shingo 07.03.2010 - 18:07
Wonnerbar SW Foto!
gtaddei1 07.03.2010 - 18:33
Merci dir ich ... et sinn zwar e puer macken drann ... wàrd nach eng aaner maachen an nàchster Zàit
m-otiv 07.03.2010 - 18:59
wéi eng macken dann?
gtaddei1 07.03.2010 - 19:33
Liicht iwerbeliicht op der Mauer , d'Waaser ass beim Pillier e bessen Komesch mé bon... An villeicht den HDR effekt ass e bessen ze gesinn an daat kennt vun engem villeicht liichten ze staarken Zonalen Kontrast
Nu jé et ass mol nett well esch pedantesch sinn op meng égen Fotoen mé ech haat se elo eng Zait net méi gekuckt an daat ass mir elo reischt opgefall.
An en plus am Fueweschen ass dei 3tt ginn op engem Franzeischen Konkuer , ech sinn wirklesch ondankbar
deBaemm 07.03.2010 - 18:38
super!!! (ech wees daat ass unsech en dommen onkonstruktive komment mee ech muss et einfach soen, fir mech ass déi ganz grouss!)
Maimonides 07.03.2010 - 18:43
idem.
gtaddei1 07.03.2010 - 19:27
Een Konstruktiven Kommentar ... e positiven Kommentar kann och justifizeiert ginn an den Auteur keint mool net onbegingt domaden d'accord sinn z.B. an dann geif zB eng Diskussioun virwaat één eng Foto gudd fent. Et ass daat selwescht fir en Dokter ze soen daat éé pazient neischt huet , daat hescht daat hien gudd ass, an daat ass eseguer méi schwéier ewei ze soen dass hien graad eppes opweises huet.
Mé dass nemmen esou eng Aentwert op deng Remarque ... natiirlesch soen ech dir 1000 Mol merci
Maimonides 07.03.2010 - 20:42
Ok, Gennaro,

da soen ech dir wat mir super bei denger Foto gefaellt:

- dat Gewulls hei vir, bei deem eischte Pilier: d Waaser wat fleisst a liewt,
- dat Metallischt vun der Breck, statisch clean,
- an de Beton, rechts am Eck, do wou Mensche wunnen.
- a kee Schoeff weit a breet,
- an awer: panta rhei, kserokefali.
closed_eye
deBaemm 07.03.2010 - 21:07
vu mir dann och:

- den effet rondrem de Pilier ennen = genial
- eng praktesch rauschfräi Foto, an dann awer just den passen den Grain am Himmel, gett einfach eng super dynamik zwescht serenitéit vun der nuecht, dee smoothen waasserfloss an awer d'Bewegung vun den Wolleken, déi een amfong jo eischter roueg erliewt
- deen héischen Kontrast dréit zu enger wahnsinneger SIN CITY atmosphär bei, waat ee super effekt, iwwerhaapt schon vun der interpretatioun hiir gett, wei d Breck eriwwer an d' (Sin) City féiert... ech fannen et einfach gudd smile

hoffen du kanns eppes domat ufänken!!!
gtaddei1 07.03.2010 - 22:39
@Maimonides: Efharisto poli! Poli Efjenikos . Kserokefali .. endaxi mbori na immé ... immé apo ton Abruzzo kai èki to immaste oli (Modern Greek)

@d'Baemm
Et bleiwt mir jo nemmen iwerech meng éégen Foto gàren ze hunn

Merci awer fir den Effort , et ass flott och ze wessen firwat eng Foto appréciert gett ... ech mengen déén se mescht wéés eischtens nett ewei se unkennt an dann wéés hien oft och nett virwaat .

Wou ech opgepasst hunn woar fir de Kontrast net ze staark ze maachen. An fir Luucht erann z brengen ouni d'Heischtéin ze verbrennen, Am Fong ass daat waat an enger HDR FOTO baal emmer féélt. daat flotten Liichteffekt déi eng normal foto emmer huet . An daat ass nett emmer evident daat drann ze maachen wou op Nomral Fotoen automatesch drann kennt .
Locke 07.03.2010 - 18:50
Super foto smile as just schued, dass irgendwann virun 200Joer dei richteg aal London Bridge oofgerappt gouf dei wier haut na schein MOtiver derwert (se erennert bessi un de Ponte Vecchio zu Florenz)
gtaddei1 07.03.2010 - 19:24
Merci ... ech kennen London nett gudd ... mé dei hunn do fill ze waisen ... eng flott Staat
Metalbambi 07.03.2010 - 20:25
Super Dynamik, gefaellt mer richteg gudd.
Waat ass deen Strech iwwert den Luuchten ob der Breck?
gtaddei1 07.03.2010 - 20:31
Dei Falsch versioun opgelueden ... ech haat dei verbessert ... et woar eng aart Flare...
JADE 07.03.2010 - 20:43
dann lued se erop dass mir ab 00°° dann an d'Wochenoof... setzen kennen
gtaddei1 07.03.2010 - 22:33
Ok wàrd an exchange maachen
gtaddei1 07.03.2010 - 20:33
Merci och fir d'Favoriten
Poly 07.03.2010 - 23:13
ech mengen all technesch Meenung si jons gemaach, ech fannen se riet erausgesot sa....gutt, da luet se emol am faarwegen erop, giff mech nawell interesséieren fir déi ze gesinn
gtaddei1 07.03.2010 - 23:29
Ok awer e bessen méi spàit ...
Jeanny 08.03.2010 - 09:01
herrlech fotografeiert
gtaddei1 08.03.2010 - 09:31
Merci Jeanny, et ass leif vun dir
dr_kim_veis 08.03.2010 - 21:03
flott gin!
gtaddei1 08.03.2010 - 21:45
Jo ... geif ech alt och esou soen ...
dr_kim_veis 09.03.2010 - 03:54
closed_eye
JohnJ 10.03.2010 - 11:06
Flott, voir ganz flott...

ann laafen Mac`en .... ??
gtaddei1 10.03.2010 - 12:37
Merci fir d'FOTO
Alles geht , méé ech stampfen e bessen bessen .
D'Convivibiliteit vun W7 ass besser , méé d'Stibiliteit vum MAC ass Génial (an seng Vitesse... super... ausser beim Saven do géét et mei luess)
Ech hunn e Probéém mamm Airport Extreme: Meng Imprimanten ok mé meng Disken dei um selweschten Hub sinn ginn nett erkannt (wéés guet net Virwaat)
Fazit : Ech sinn am MacSekt geschwenn voll drann
ludiol 10.03.2010 - 13:26
hehe, Macianer, ass ustiechend. Ech sin der Meenung, wanns de mol e puer Wochen mat Snow Leopard geschafft hues, dann bass de aanerer Meenung, well ech hun och den W7 op engem PC installéiert (hun di 2 Systemer), deen ass ganz ok, par rapport zu deem Schrott vu Vista waat se virdrun haaten.

Dovun oofgesin flotten S/W HDR, propper verschafft, sou wéi een daat vun dir kennt. Mir gefaalen di kloer Strukturen vun der Bréck immens an dann d'Luuchten, sou wi den Punkt um i.
gtaddei1 10.03.2010 - 13:29
Merci so.... wééste net ewei ech den Internet op W7 zum laafen kreien den mamm Parallel op Mac installeiert ass?.
Wei ech dann och den Airport Extreme anstellen fir daat meng Extern Disken erkennt ginn (d'Imprimanten laafen super)
ludiol 10.03.2010 - 15:54
Probéier mol daat heiten:
An den Systemastellungen op Sicherheit klicken,
dann um Firewall d'Schlass uklicken an dann op weitere Optionen
do di 2.Méiglechkeet uklicken

Dann musst de op d'Plus-Zeechen ( ) klicken.
Da gees de folgend Aplikatiounen dobäisetzen (enner Dienstprogramme)
Airport-Dienstprogramm.app,
Airport-Laufwerksprogramm.app an
Time Machine.app. all Kéiers un.

Hun den SL op Däitsch laafen a wees net wéi et op Franséisch oder Englesch heescht.

Anscheinend ass awer en USB-Harddisk enner Airport extrem lues.
Wees ech awer net well ech hun en Netzwierkserver (Synology) op Gigabit-Lan laafen an do geet daat ratztfatz, souguer mam MacPro an Airport Express.

Firwaat wells de am Parallels Internet kucken, dovir hues de jo awer d'Mac Sessioun
gtaddei1 11.03.2010 - 13:26
Op Parrallel well ech den DXO muss oplueden ... dann brauch ech nett mei ... villeicht nemmen fir upgrade vun W7.

Daat annert probeiren ech. Ech hunn d'HD durno op Ethernet laafen... wéés nett du huess recht wannse lues gin dann besser USB
JohnJ 10.03.2010 - 13:41
Also alles waat MAC IT ungeet hun mer den Shanti jo hei...
ech sin do och een Leien ... wuar frou ewei een Kiichelchen wei bei mir alles mam Airport Extreme gelaaf ass. huet allerdeng och e bessi gedauert biss ech daat um laafen haat.
ann den Paralells hun ech Nie benotzt.. well ech mech esou seier un den Mac gewinnt hat dass ech deen Windows guer net mei benotzt hun
gtaddei1 10.03.2010 - 13:45
Jo ech hunn nach Programmer dei ech fir W kaaf hunn (jo daat get et och!) an dei wéilt ech awer nach gebrauchen (DXO 6 zB an fir MAc versioun sinn 300 E neidesch an ass nach nett au point)
Jo ech wollt de Shanti nach nett mat dém ganzen emmerdeieren ... wàrd daat awer villeicht maachen mussen soss
JohnJ 10.03.2010 - 16:25
Heen mecht fir 1 picion beier baal alles closed_eye
gtaddei1 11.03.2010 - 13:28
Ok ech wunnen visàvis vun der Boufferdeng
suraki 14.03.2010 - 08:59
an dat doten hërrlecht Bild hat ech elo bal verpasst,
gut dat et an der Wochenofstëmmung obgetaucht as smile
gtaddei1 14.03.2010 - 19:48
Merci villmols
suraki 14.03.2010 - 20:08
méi Jong setzt hei nierwendrun a sét, wow... déi as herrlech !!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 404 Gäscht online