Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nadine

 
Nadine
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (16.03.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.03.2010
  • Gekuckt:
    21699
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    86 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    2 Softboxen
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x531
  • Späicherplaz:
    206 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:16 19:57:32
  • Fotoapparat:
    NIKON D300
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    18-200
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Meng Fraa ;)

Fir anzesetzen: [pg_img=43717]
Kommentar vum Fotograf:
Hei mein eichten Versuch am studio. Vielleicht huet deen een oder anneren jo puer tipps wat ech keint besser machen.
Freen mech iwer all Kritik.
Merci am viraus
dr_kim_veis 16.03.2010 - 22:41
d'faarwen kommen mer e bessen kaal fier.
Steve-29 16.03.2010 - 23:25
Ok, hun d'Fuerwtemperatur bessen mei heich gesat. Lo misst et besser sin.
Merci fir den Tip
Laurent76 17.03.2010 - 07:54
Irgendeppes fehlt der Foto, mach sin daß te se häs missen deen heichen Wee huelen, daß den Hannergrond Flächenmeißeg einfach ze grouß ass vis-à-vis vun denger Fra.
Foto ass mir och een Tick ze neutral, ech mengen daß do dodrunnen leit daß wann Model net geschminkt waiss als Hannergrond einfach net gudd ass...

Wou has te Softboxen stoen, eng lenks ob 9 Auer vum Model an eng ob...?

Als leschten "richtegen" Tipp geif ech dei doten Foto s-w maachen....
xaph32 17.03.2010 - 08:22
ech denken et hätt een sollen een hoerliicht oder hannergrondliicht sollen setzen fir méi konturen an déift ze kréien, sou wierkt se einfach flaach an dofir wierkt den hannergronn ze grouss, wann een den hannergrond awer interessant duerch d'beliichtung gestalt, dann ass dat keen problem. wat mëch méi stéiert ass d'expressioun am gesiicht déi e bëssen gequält riwwerkënnt
Laurent76 17.03.2010 - 09:17
Wollt daat vum obgesetzten laachen net esou direkt schreiwen mee du geseis daß Meedchen sech net wuehlgefillt huet....

Ech hun emol doweinst gefrot wou Softboxen stungen, ech mengen mat enger Luut um Nadia wär et duergaang dann hät keinnten mat déer 2ter e bessen gespillt gin.
Mei schieter wär hei besser gewierscht.

Trotzdem steiert mech nach emmer deen waissen hannergrond....
Steve-29 17.03.2010 - 09:40
Salut
Also dei eng stung etwa ob 9 auer. Dei zweet stung direkt niewt mir sou etwa op 5 auer.
Wat sein Lachen unbelangt, fir hat war et och dei eicht keier am studio. Mir hun einfach bessen probeiert, an dat do as eng foto dei zimlech zum schluss entstannen as, doweinst vielleicht een mei gezwongenen ausdrock.
Probeieren herno nach eng s-w an eng mat schwarzen hannergrond ranzesetzen.

Merci fir äer rotschlei.
Laurent76 17.03.2010 - 10:24
Richteg, 5 Auer, an den Aen hät een et keinnten erausfannen.

Has te een waissen Plafong?
Wann jo kanns te dei 2te ob 3 Auer stellen (wanns te eng grouß an eng kleng Softbox hues dei grouß ob 9 Auer), ob klengsten Stuf an Richtung Plafong geriicht. Esou kommen mei Schieter an automatesch mei Kontrast.
9 an 5 auer ass un sech konterproduktif, dei Schieter dei Luut ob 9 Auer mecht hiews te mat déer vun 5 Auer baal komplett ob, zumindest dann wann dein Model vun lenks no rieds kuckt esou wei hei.
Frontal, 5 an 7 Auer ass gudd wanns te een "Frontal"Portrait just vum Gesiicht wells maachen....., mee daat muß dann esou no sin daß Aen richteg scharf erausstiechen well duerch fehlend Schieter kann dei Foto schnell flach wierken
Du kanns och mat engem Bletz ob 8 Auer probeieren an dann rieds just mat engem Reflektor geschafft.....
Steve-29 17.03.2010 - 11:05
Jo, Plafong war weiss. (War am studio zu Junglinster)
Setzen herno mol nach 2 anner fotoen ran wou den liechtobbau bessen annescht war.
henridacruz 17.03.2010 - 20:35
Fir déi éischte Kéier ass daat jo guer net sou schlecht. Jiddereen fängt jo kleng un, kann och e Liddchen dovun sangen. Mee no e puer shooting gesste emmer besser.
Waat mir opfällt ass dem Nadine seng riets Baack, ass vlait e bessen ze hell, warscheinlech well et net geschminkt ass.
Waatste nächste Kéier kéins ausprobéiren wir z.B. e Spot vun Uewen, deen d'Hoer beliicht.
D'Pose vum Nadine hei, ass net sou gudd, wirkt e bessen verkrampft.
Hei vlait eng kleng iddi: e bessen méi no dir gedréint, an seng riets scheller hiewen an de Kapp, mam Baak, liicht op d'Scheller leen, sou kennt d'Foto e bessen méi sennlech eriwwer. wéi gesoot just eng iddi, déiste ausschaffen kanns.
Ajo, de Cadrage, ech hätt d'Foto méi den héige Wee geholl, an méi no erungezoomt.
Hoffen dass en meng Tipps der weiderkonnt hellefen.
Du wolls jo e puer Tipps hun. smile
LG

Steve-29 17.03.2010 - 21:19
Ok, wäert mir dat verhallen fir dei nächste Keier.
Ps. scheine Bonjour vum Nadine.
henridacruz 18.03.2010 - 08:23
Merci an een schéinen zreck. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 304 Gäscht online