Bon, ech mengen op engem en Motiv gefällt oder net huet vill mat affaire den gout ze dinn. Dain Comment "net ganz schlau" häss du do gären kennen op der Sait loosen.
dem hermann nitsch seng konscht fannen och wuel dei weinegsten leit schein, trotzdem as en weltbekannt dofir ,) . ech fannen et eben och "onschéin", jo an ? Wee seet dat konscht schein muss sin ?
genial! egal wéi! super motiv fir eng makrofoto
ähm wichteg: dat doen ass een negativ-scan!!! ech fannen dass do e bessi onschäerft ganz normal ass! (je no scanner, an déi gudd sin deier)
Lo eng Froo un deen deen dess Foto mat enger 3 bewert huet: Ass et weinst dem Motif??
Ech fannen du kanns keng Foto beuurtdeelen nemmen well dir d'Motif net gefällt. Okay, natiirlech spillt dat eng ganz wichteg Roll, mee bei deser Foto ass den Cadrage immens flott, an d'Foto selwer ass ganz intressant!
Sou, am Fong war déi Fielfalt vu Comments grad mein Ideale But virwaat ech se ropgelueden hun. Hätt zwar net geduercht dat et sou perfekt géif gin. Brauch am Fong lo net méi vill Erklärungen ze gin.
Hm, wees jo elo net wem ech hei recht soll gin, mee waat as gudd um cadrage so emol en mir daaat...? ass vleit eng witzeg foto mee huet awer net mei wei 5 verdengt fannen ech, as fleit flott well en dflimmerhärschen ziellen kann, mee bon....
ech fannen et interresant virwaat een se Sauschlecht, deen anner se Mega fënt, daat huet een net oft bei Fotoen, entweder se as gutt/mëttel oder schlecht an jidderen schléisst sech plus ou moins un. Firwaat as daat sou?
Di meecht sin schon "geschockt" wann se d'Motif gesin, an dann soen se direkt: Schlecht Foto! Fir dei wou dat den Fall ass: Kuckt ierch d'Foto dach mol un, ass se net awer intressant? Ech hun nach keng esou Foto gesin, se ass speziell, an dat ass graad dat wat d'Foto intressant mecht. Et ass eng flott Perspektiv, an iwwerhaapt eng gudd Idee.
Ech muss dem Focus zougestoen dass ech Respekt firun him hun, ass et net och muteg fir esou eng Foto ze präsenteiren? Ech fannen..
Ech hun nach neirens esou eng Foto aus deem Bléckwenkel gesin, et ass eppes neies, innovatives, an dofir fannen ech se och flott. Ok et war elo beschtemmt net esou schweier dei Foto ze maachen, well dem Focus lo neicht hei ennerstellen, so mer wann ech mech iieren, mee se ass eben einfach.
ech huelen un, wenn ech macrophotoen machen, well ech eng bestemmten sach grous an scharf erausbrengen!
ech huelen un das du, an desem Fall, déi "wonnerschéin" Warzel op der Nues vun enger eelerer Persoun wols erfirbrengen!
wenn also eis kommentarer solle Konstruktiv sin
géif ech hei firschloen NET dat gesicht ze cadréieren mee d'Warzel an de Mettelpunkt setzen, an déi gestachen scharf !!!
Natirlech ass an desser Photo e Punkt scharf geroden awer deen ass net wichteg (irgendwou an der mett vun der Nues)
villeicht souguer just een deel vum gesicht croopen.... nuje muss een probéieren
also "Nochmal probieren"
Nach e Kommentar (ganz perséinlech) hun an de leschten deeg och realiséiert dass jonker hei am "photogen" aaner kritären hun fir ze beweerten, méi eemotionaal (wir ech dach nach eng kéier jonk)
Gudden kommentar, mee war daat elo vir mech gemengt???, ech mengen awer hun meng meenung kloer definieiert, kadrage as net gud, an scharf och net extra, ausser das en dflimmerhaerescher gseit, an gin der recht waat sde iwert dmakrofotoen sees...
hei schengen sech d'geeschter ze trennen... ech fannen d'iddee genial, obwuel ech em xtoph96 mat da bemiirkung iwwert de cadrage muss recht gin...et haett ee se kinten aanescht croopen...mee egal, fannen et vum motiv hier top
Menger Meenung no eng supper Foto ! D'Motiv ass vleit net schein, mee d'Liewen ass och net emmer schein, et ass en scheinen Kontrast zu all den "erfekten" Fotoen op deser Page. Et ginn eben net nemmen Modellen, wisou och net aaner Leit weisen. "Onperfekt" Leit sinn menger Meenugn vill mei Interessant ze kucken, wei sou genannten "schein" Leit.