Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lynn & Tim (I)

 
Lynn & Tim (I)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.04.2010
  • Gekuckt:
    57412
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/14
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.333333333333 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    206 KB
  • Originaldatum:
    2009:08:25
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
2. Kategorie: Events »» Schueberfouer
Extras:
Kennt der dat wann ee bei den Actionfiguren den Kapp ëm 180° dréint, an d'Ärm? Sou an deem Styl, plus Fotoapparat.

Fir anzesetzen: [pg_img=44243]
Kommentar vum Fotograf:
Eng vun den Hochzäitsfotoen vum Lynn a vum Tim. D'Slideshow mat méi Fotoe fannt der op méngem Site: http://gloda.net/20100404-wedding-lynn-tim
gloda 04.04.2010 - 18:03
Lynn & Tim (II)

Lynn & Tim (III)
Johny 04.04.2010 - 18:18
!

Färt hien, dass e sech muss unhalen amplaz seng Fra an den Aarm ze huelen? closed_eye Schued dass d' Wieder sou gro war, leider kann ech dir do d' Schold awer net ginn.
OK-Photography 05.04.2010 - 22:41
(hrhrrr mengen Tim war et (duerno) nik sou gudd.....cool)
gloda 05.04.2010 - 23:11
Effektiv op der do as en net sou relax wéi op den meeschten aneren. Mir as zwar och e puer mol de Wapp gangen, virun allem well eng vun den Klunschen mer di ganzen Zäit an de Knéi gerannt as well keen dra soutz.
m-otiv 04.04.2010 - 19:56
ganz flott erennerung fir si smile ... hun mech e moment och baal gefroot "mä wéi huet hien daat gemaach?" Du hues eng gudd déiwteschärft an aawer e mouvement am haanergronn. Dass du esou vill schärft hues bei deene konditounen kann ech mir net richteg virstellen...Kéint sin dass du matt motionblur nogehollef hues?
gloda 05.04.2010 - 23:11
Nope dat as d'Bewegungsonschärft vum Karussell.
McQueen 04.04.2010 - 20:05
Genial Foto
Super
Hues den Kaap erem rischt ? smile
gloda 05.04.2010 - 23:12
Jo, mee ech mengen ech hun amplatz en zeréck ze dréinen nach eemol 180° weider gedréint smile
xaph32 04.04.2010 - 20:22
fannen ech gutt an onorthodox closed_eye
ech géif gär méi sou saachen vun der gesin
gloda 05.04.2010 - 23:12
Merci, et kommen der nach e puer no, ech hoffen dass déi der och gefalen.
suraki 04.04.2010 - 21:20
dei bëschten Hochzäitsfoto déi ech bis elo gesin hun !
chapeau, alleng d'Iddi as en * wert smile
gloda 05.04.2010 - 23:13
Ouai cool, dee peschen ech a mäi Sticker Album bigsmile
Locke 05.04.2010 - 02:54
super!! alleng schon well mär op deenen Kettkarusseler grotteschlecht gett, do keint ech net mol duerch DSLR kucken
closed_eye
gloda 05.04.2010 - 23:13
Ech mengen ech hun no e puer Minutten op LiveView gewiesselt.
Jeanny 05.04.2010 - 06:22
super
OK-Photography 05.04.2010 - 22:40
yeahaaaaaa! bigsmile huelen un dei fum Buedem aus gin naischt-bis-netfill hier! XD
flott Faarwen, super Schärft! smile

do waren puer super Momenter derbai! wei emmer merci fir dGelenheet!! smile
gloda 05.04.2010 - 23:14
Dach dach déi sin och interessant gin, eng zumols wou si an d'Kamera wénken. Mee deen hei Point de Vue huet dann awer méi Pepp.
OK-Photography 06.04.2010 - 00:57
hehe wanch des sou gesin gleewen ech daat mam Pepp gär! ennen war dLuuscht net sou ideal...
Jean-Jos 05.04.2010 - 22:47
Ech hu mer lo mol déi ganz Serie ugekuckt: ech huelen un, et si ganz gutt Frënn vun dir, wëll do stécht en immensen Asaatz vum Fotograf [ a wahrscheinlech vum Assistent smile ] dran. Ech si begeeschtert!
OK-Photography 05.04.2010 - 22:58
(net direkt...mee Letzebuerg as kleng, an am Endeffekt kennt jidfreen jidfreen... closed_eye )
gloda 05.04.2010 - 23:16
Freet mech dass d'Série der gefällt. Ouni den Oli hätt ech mer effektiv e puer mol d'Auer gebrach. Ech hu si virun der Hochzäit nach net kannt gehat, mee dem Oli séng Tata wunnt am Haus niewt deem an dat d'Koppel nodeems ech si iwwer méng Tata kennegeléiert hun erageplënnert as. Komplizéiert genuch? tongue
Laurent76 06.04.2010 - 09:00
Genial Foto....!

Mee et geseit een schon daß et dem Bräutigam net ganz geheiert war mee genau daat fannen ech gudd ob der Foto...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 283 Gäscht online