Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Il n y a pas...

 
Il n y a pas...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.05.2010
  • Gekuckt:
    20911
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    570x900
  • Späicherplaz:
    305 KB
  • Originaldatum:
    09 mai 2010.
  • Fotoapparat:
    SONY alpha 100
  • Programm:
  • Objektiv:
    SIGMA 70mm 1:2.8 DG MACRO
Kategorie: Allgemeng »» Schnappschëss  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=45459]
Kommentar vum Fotograf:
,,,de fumee sans feux.
gtaddei1 17.05.2010 - 08:24
Wei hues du dess geholl.... ? Bass du op engem Kraan geklommen....?

Allzäiten dess Foto soll no menger Ménung vun dénen Jonken Borschten hai um PG gekuckt ginn an Kommenteiert ginn.
Den Opbau, D'Tonaliteiten, de Message intrinsèque vum Auteur.... asw...
De Firwaat haut nemmen eye-candyen d'Wochefoto wannen ass én Zéchen vun aiser Soziéteit. Nu jé.... ais Regierungen sinn och iwerflachlesch ginn an sech ennert der Hauf vun enger EU gerascht....

suraki 17.05.2010 - 16:34
fir mech as et en TopBild Gennaro, an et wonnert mech dat nët méi Léit dat hei schreiwen ?
gtaddei1 17.05.2010 - 17:12
Genau daat Ed... Nu jé wann én d'Woochefotoen kuckt dann verstéét én alles... dei vun deser Woch ass vun engem Jong gemét ginn den Flott Fotoen mecht mé et ass onnatirlesch ... Ech kennen Jongen dei ginn dei "rare" Luucht sichen , hai ass eng Marsluucht geschaafen ginn ... Et ass lécite daat én dess och flott fend mé de Fotografeschen hannergrond gett net mei considereiert. Et fehlt bei villen un Fotografescher Kultur ... , daat hescht daat dei Jong Borschten an enger irreeller Welt hausen dei Konditioneiert ass vum Virtuellen... Ass et Symptomatesch , eng Fro dei den Charel matt senger Experienz als beobachter och aentwerten keint
suraki 17.05.2010 - 19:01
hehe, dann as et e PhotoPicassobigsmile An Dén huet och nemme gemolt wat d'Léit kaafen wollten. Wat huet en a senger Biografie geschriwen, .... wann d'Léit Portäen mat zwou Nuese wëllen, dann kréien se déi, esou lang se bezuelen
... esou an dém Sennbigsmile Momentan as knallesch knetschech in, ob et eis Zwée gefällt oder nët.
Mé dest hei Gennaro, gefällt mer, an dir, an ech kann der se all opzielen déi se nach gutt fannen (och wann hei nët méi steht)
gtaddei1 17.05.2010 - 21:50
Jo sinn ochnet geint daat alles ... Mé de Picasso huet seng Portraiten matt 2 Nuesen och gudd gemét an hien huet matt gudde Saachen d'Lait veraascht ... Hai veraschen mir ais selwer ... dofir ... eng Campagne fir Fotokultur wär wellfomm... oder fillen ech mech ewei den Protagonist vum Servantes Buch?
Maimonides 17.05.2010 - 22:30
Den Don Quichote huet Riese mat Wandmille verwiesselt, dee war an enger Hisiicht ee Fantast. Ech weess awer genau waats du mengs. Fotokultur geheiert fir d Jugend an d Geschichtsbicher. Si hun hier eege (Foto)Kultur. Eis blaiwt just heiansdo daer "aanerer" Fotoen eng ze weisen.
Maimonides 17.05.2010 - 22:21
Esou mann steet jo awer och net hei, a wann d Fotoen alleguer "diskret" wieren, da waer et och langweilig.
Maimonides 17.05.2010 - 22:14
Di Jonk, Gennaro, dei hun hir eege Kultur, an dat ass och gutt esou. Si sin, oft, mei vun Technik faszineiert wei vun Aesthetik, a vergiessen heiansdo dass een mat deene 2 spille kann. Si liewen an hirer Welt, an dei ass haut modern an aktuell. Wee wees wat fir eng Fotoe sie maachen wann sie mol mei aal sin?
Maimonides 17.05.2010 - 22:05
Wei laang soutz ech do iwert 1 Punkt ze gruebelen: stempels de deen elo weg oder net? Deen Hengerdeif, uewen am "Damp", 2 cm rechts vum Kamain, geheiert awer derzou.
2 ass mei wei 0.
Merci, Ed.
Maimonides 17.05.2010 - 21:55
Ouni Kraan, mat 70 mm... ,-)
Merci, Gennaro
gtaddei1 17.05.2010 - 21:59
Merci Charel... du schengst den Owend dei rischtech Letbuerger Diplomatie opzesetzen
Maimonides 17.05.2010 - 22:31
Provozeieren, am gudde Senn, brengt hei Naischt. Mir sin di eenzig dei et geife liesen.
gtaddei1 17.05.2010 - 22:36
Ech mengen daat och ... also sinn ech awer en Protagonist vun^m Servantes
Maimonides 17.05.2010 - 22:45
Den Don Quichote huet net mei an der Realiteit gelieft: net nemmen sei Rittertum war ausgestuerwen. Awer eierlich ass e bliwen. Duerfir geheiert seng Parabel zur Weltliteratur. Deng Remarken awer si voll realistisch a bereieren Fundamenter. Fir d Jugend sin se awer, de Moment nach, net up to date.
gtaddei1 17.05.2010 - 23:23
mé awer och net rétro oder ieren ech mech... well och nett total an der Irrealiteit verweilen ... well eppes ass eng Virtuell realiteit dei ais Jugend liewer hunn ewei den alldéchlechen Alldaag, an eppes aanesters ass engem égenen psychoteschen Waan ze liewen... well dann ass et fir deck blo pellen ze schlecken closed_eye
gtaddei1 17.05.2010 - 22:30
Also Charel ,
Sinn mat dir d'Accord... mé mir haaten och sien Walk-Man, ais Stereo, aisen Portablen Fernseh, mé sinn mir dach nett och e bessi an der Klassescher Kultur erzunn ginn? Den Humanismus, d'Basis Regelen.. asw.
Dei riskeiren banal ze ginn ,,, surrealistesch an impressionismus ze maachen ouni ze wessen waat et ass...
Et fannen daat eng Elementar Kultur Fräi mescht , eng Elemetanr klassesch Kultur fir net emmer nés daat selwewescht ze erfannen.
Du bass ze gudd... Erenner dech drunn daat ech é klengen vun 9 Joer hunn an mein Bruder der 2 vun 17 an 14 huet... Ech erliewen daat en directe... dei sinn nach lang nett domm , mé awer och nach lang nett mé dei fahlen an all Faal erann ,,, esou ewi mir och mé dei erweschen nie.
Maimonides 17.05.2010 - 22:37
An dann, Gennaro, koennt nach derbai dass wann s du deng eege Kultur net mei kenns, deenen "Aaneren" hir net mei apprecieiren kanns.
Dee freiere Minister Robert KRIEPS huet iwert deen do Sujet blendend Texter geschriwen.
gtaddei1 17.05.2010 - 23:19
Absolut... so mir weg d'referenzen vun den texter vum R Krieps
Maimonides 17.05.2010 - 23:28
An deem Buch wat elo nach net laang vun der "fondation robert krieps.lu" erausbruecht gin ass, ass engt ganzt Kapitel iwert d Kultur. De Rescht (democratie, justice, education) ass och absolut liesenswert.
gtaddei1 17.05.2010 - 23:30
Werd mir daat direkt opschreiwen an kucken wou ech et kreien kann
grimmel 18.05.2010 - 21:39
ech war nach net dozou komm fier ze soen wéi exzellent ech déi hei fannen !
si huet mer spontan gefall - düster, bedrohlech, minimalistech.
Maimonides 18.05.2010 - 23:45
Merci, grimmel.
Hues du gelies vu waat mir geschwaat hun ?
Heiansdo ass dat Gepooters
besser wei d Foto.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 409 Gäscht online