Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

WW

 
WW
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.05.2010
  • Gekuckt:
    25785
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    43
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    700x512
  • Späicherplaz:
    230 KB
  • Originaldatum:
    2009:12:29 15:50:25
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    EF 24-70mm f/2.8 L USM
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
indirekten Blëtz

Fir anzesetzen: [pg_img=45580]
Kommentar vum Fotograf:
Des Foto as schon en haleft Joër aal, mee wou ech se Haut mol nees gesin hun, hun ech geduecht, dass ech se awer mol wéilt weisen, wéint den schéinen Reflektiounen an der Lens.

D'Objektiv selwer huet mech net iwerzeegt (IQ). Dat as och d'Ursach firwat des Foto entstaanen as, ech hat d'Objektiv léiwer firum Apparat wéi um Apparat.

Ween huet dann schon gut oder och schlecht Erfahrungen mat dem Objektiv gemach?
Locke 20.05.2010 - 18:07
kann zwar nix zu deem soen, mee den 10-20 f3,5 vu sigma kann ech empfehlen, hun daat a si wierklech zefridden domat
BlueRic 20.05.2010 - 18:10
Hues de epuer Biller hei op PG déi mat dem gemach sin?
Locke 20.05.2010 - 18:16
dei vum amerikaneschen kierfeg

Remember, Remember...
BlueRic 20.05.2010 - 18:34
Déi sin guernet schlecht. Haptsächlech an der Mëtt. Um Rand schengt Weitwenkel iergendswéi gären bessen verzerrt ze sin.
Locke 20.05.2010 - 18:48
daat as normal bei deenen brennwäiten, dei eng maan et mol mei dei aaner mol manner, mee fir 630 euro as et definitif net schlecht. wollt u sech den Tokina 11-16 f2,8 mee vue dass een deen fir Nikon net mat AF kritt hun ech et si geloos (meng D5000 huet den AF nämlech net am Body mee e leeft just iwert Objektiv)

p.s.: fir Canon huet Tokina 11-16 iwregens en AF am Objektiv, as och just bei deem Onjektiv wou et fir Nikon keen AF-Moto integreiert gett... firwaat, daat wees de Geier closed_eye
ludiol 20.05.2010 - 18:49
Ech hu bis elo gudd Erfahrung domatt gemeet, wees awer och dass en net fehlerfräi ass, mee 1700 EUR fir den Nikon ass mir awer ze deier

Burn Notice


ass domat gemeet

Philharmonie


an des och sou wi nach vill aanerer
Locke 20.05.2010 - 18:52
voila war och mäi Gedanken wou ech et kaaf hun bigsmile
ludiol 20.05.2010 - 19:01
den 10-20 ass un sech besser, ech haat deen och virdrun op der D80 , awer ass leider net Vollformat
BlueRic 20.05.2010 - 20:10
Also d'Resultater sin jo schon ganz gutt.

Et muss een och emmer kennen ofweien wat een well fir en Objetiv ausgin an wat een gären un Qualitéit hätt. Mee egal wéi een et mecht et as en deieren Hobby (fir déi wou et en Hobby as).
Gaga 20.05.2010 - 19:16
Also ech hun den 10-20 4-5.6 DC HSM, an sin am Fong zefridden domat !
... mais ech wees eben net ob ech mat engem aaneren mei zefridden wier ?!?!?
sceptical
gtaddei1 20.05.2010 - 19:46
Gaga de Jong huet eng Mark3 1D ... an daat ass eng 1.3 crop ... den 10-20 geif schrecklesch vignetteiren... den 12-24 ass eng DG also fir Full Format Den Objektiv ass e bessi mëll an der Scharft an d'Abberatiounen sinn hai an do schrecklech stark... mé ech gebrauchenen vill matt mengem 5D... daat ginn ganz flott BW effeen
Gaga 20.05.2010 - 20:26
eierlech gesoot gennaro, wier et besser du gengs mer en cours iwer objektiver haalen wei iwer hdr !
1. mei interessant
2. hun ech nach manner ahnung dofunner wei fun deem aaneren ! smile
BlueRic 20.05.2010 - 20:39
Cours? Privat?
Gaga 20.05.2010 - 21:04
lol !
eng keier zu esch-sauer op enger gemittlecher terrasse eric ! closed_eye

nee, mais daat ganzt DC RW WW DR LS an de läschte mecht dier zou mecht mech ememr deurgerneen !
Ech hun nie eng ahnung ob en objektiv elo op meng D90 passt oder net !
wann all mark daat weinstens nach geif zelwecht nennen, mais nee, daat wier ze einfach !
unhappy
gtaddei1 20.05.2010 - 21:09
Jo firwaat passt sech Nikon do dann un?
Gaga 20.05.2010 - 21:51
e sonnden setzen ech op der belscher plage !
mat zwou flotten mossen !
an ech denken dann emol net un ierch ! bigsmile
gtaddei1 20.05.2010 - 21:55
Ech dann och nett un iech... vill gleck
ludiol 21.05.2010 - 09:05
DX (bei Nikon) oder DC (bei Sigma) sin exklusiv fir Klengbildcameraen mat Cropfaktor (1,5 bei Nikon, also fir deng D90)

FX (Nikon, et steet awer do ni drop sou wäit ech wees) respektiv DG (Sigma) sin di eenzeg di eng Vollformat kann benotzen ouni dass de mam Crop schaffs. Daat heescht awer net dass de déi net och op denger D90 kanns benotzen.

Am Résumé: Op enger D90 ass et prinzipiell egal waat fir eng Lens DG oder DC dass de hells. Virdeel vun den DG ass dass de ouni Problemer spéider op eng Vollformatkamera kanns emklammen. Mat enger DC kanns de daat vergiessen
Gaga 21.05.2010 - 13:39
mais weieng auswierkung huet daat op mein bild ?
also eng FX op menger D90 ?
gesin ech dann net alles op der foto oder wei ?
t'brennweit get jo awer x1.5 gerechent ?
resp. weist een 50mm DX daat selwecht fun engem fixen punkt aus gekuckt wei een 50mm FX ? daat checken ech nie !
well den DX as jo dann een 75mm, mais sie soen ememr "et as op crop ugepasst" ?!?!?
ludiol 21.05.2010 - 13:58
Also wanns de z.B den Sigma 70-200 EX DG (also prinzipiell fir den Vollformat op eng D90 mechs ass daat effektiv en 105-300 op dengem Apparat. An op der D700 ass et en 70-200.

Wanns de lo en Sigma 10-20 EX DC op eng D700 mechs hues de theoretesch en 6,67 - 13,34 mm, mee du hues un sech nemmen en Deel vum Sensor beliicht( de Rescht ovalförmeg bleiwt däischter, respektiv zum Deel Vignette)
an dann hues de effektiv awer nemmen 10-20 mm, am Fong get jo am Menu vun der D700 eng Méiglechkeet fir en direkt ze croppen an dann hues de zwar nemmen nach 5 mpix met et ass sou wi op enger D90 also 10-20 mm.

Waat deng Fro zum 50 mm ugeet get et do keng DX Versioun, awer bei 35 mm schons, an do ass et bei der DX Versioun un sech sou dass déi effektiv enger 52,5mm enstprecht an net engem 35mm.

Waat wichteg ass ass un sech den Bleckwenkel, well bei der 35mm normal versioun sin et 62 Grad a bei der DX Versioun nemmen 44 Grad.

Wann ech mech ieren da kann ee mech verbesseren smile
Gaga 21.05.2010 - 14:07
villmols merci ludiol !
gut ze wessen, mais nach eng keier meng fro deis de nach net beàntwert hues :
Ech hun eng D700 mat FX50mm um Stativ,
dann setzen ech se roof, a setzen eng D90 mat 50mm DX drop !
Gesin ech daat selwecht op der Foto ?

Mech interesseiert daat haaptsächlech zb beim 8mm Fish !
BlueRic 21.05.2010 - 15:39
Dir macht et awer komplizéiert.

Also et get DX an et get Fullframe (alles anescht vergiessen mer elo).

Bei DX as den Sensor 1.5x méi kleng wéi bei Fullframe (deen jo 35mm as).

Wanns de elo en "normalt" Objektiv vun 50mm op Fullframe mes kriss de en Bild vun 50mm Brennwäit.

Mess de dat elo op en DX Boitier dann as d'Bild jo méi grouss wéi den Sensor, well de sensor as méi kleng wéi bei Fullframe an awer d'selwecht weit eweg. Also kriss de en Ausschnett. Dat nennt een croppen an zwar an desem fall x1.5 dat heecht 50mm*1.5 =75mm.

Sou an elo den aneren Wee.

An dat as elo ganz einfach. Mir huelen en 50mm DX an machen dat op den DX Boitier an et get genau dat selwech wei mat dem aneren Objektiv zu engem 75mm.

Mee mess de elo awer dain 50mm DX op en Fullframe Boitier kriss och nees en 50mm, mee mat krassem Vignetting.

An wat soll dat elo, dass et genau dat selwecht as, mee just brauchbar op engem DX Boitier?

Well ech net nach well vill schreiwen pasten ech d'Erklärung vun Wiki:


The rear element of the lens is closer to the image sensor than on regular 35 mm SLR cameras. The proximity of the rear element to the image sensor greatly enhances the possibilities for wide angle and very wide angle lenses, enabling them to be made smaller, lighter (containing less glass), faster (larger aperture) and less expensive.

Och kloer, den Sensor as jo méi kleng bei DX Boitieren, also machen se den Spigel och méi kleng. Mee den Ofstand vum Sensor zum Objektiv bleift deen selwechten also gewannen se Plaatz an déi notzen se fir mat Objektiven méi weit an den Boitier eran ze fueren. Well dat eben lauter Firdeeler brengt.

Mee du muss awer oppassen mat DX Objektiven op Full-frame:

Because of the increased proximity of the lens to the sensor, on full-frame cameras the lens itself can obstruct the mirror's movement and cause damage to the lens and / or camera.

ludiol 21.05.2010 - 15:49
hypothétesch gesinn wann den FX an den DX 50mm di selwechten Bléckwenkel (Grad) huet, gesäiss de och daat selwecht, awer bei Nikon get et nemmen een 50mm (en fait gin et der 3, mee di sinn all op Vollformat berechent) also hues de bei der D90 dann effektiv 75 mm.

Sigma huet och just 50mm fir DG.

Wanns de den 8mm Fisheye bei Sigma mengs, deen ass fir Vollformat, also hues de do 8mm bei Vollfomat(an 180 Grad) an bei denger D90 sin daat 8mmx1,5 =12mm (also manner theoretesch /-120 Grad)
Fir op deen selwechten Bleckwenke (180 Grad bei FX)l op der D90 ze kommen musst de den 4,5 DC kaafen.

Bei Nikon musst de den 10,5 DX kaafen fir deng D90 fir daat /- selwecht Resultat ze kréien wi beim 16mm FX fir D700.

Wi gesoot kuck an den Spezifikatiounen vum Objektiv emmer den Bléckwenckel da wees de waat am DX zum FX passt (resp. DC zu DG)
Gaga 21.05.2010 - 17:46
genau daat as et !
ech investeieren nämlech net gären an een Fish, deen keen as, an den eenzegen deen et da get as den 4.5mm Sigma, deen dann en Richtegt 180° Bild get !
Well een 12 oder 16mm Fish as an mengen aan keen !
Dei kremmung deis de beim 10.5mm kriss, kansn de eierlech gesoot och einfach am PS mat der objektivkorrektur dran machen, oder as do erem en denkfehler fun mier ?
Also dreemen ech weider fun enger D700 !
unhappy
*deckdekeiss*
PS : bei geleegenheet geng ech gären mol sou en 8mm Fish probeieren, fier ze kucken waat daat wierklech get !
gtaddei1 20.05.2010 - 21:10
Ok fir Esch Sauer ... De Sonndesch ginn dohinner matt mengem Bouf
gtaddei1 20.05.2010 - 21:09
Gaga ... ech hunn den 12-24 eben esou och den 10-20... Couren... waat bezillste?...
1- HDR sinn ech mell ginn während 1.5 Joeren fir den Fotografeschen Apekt erauszeschaffen,,, virwaat ... all dei dei Photomatixshit geméét hunn sinn an de concourer eweschgefuer ewei d'Kakhuetten... dei aaner awer hunn d'Konkurer gewonnen ... dh dei dei HDR fotografesch ausgenotzt hunn sinn eifach besser gewiescht ewei dei normal Fotographie gemét hunn (dem thema no natiirlesch).
2- Objektiver: Ech wollt dir kén Cour haalen ... ech hunn just nemmen Praziseiert... ech mengen daat ech én Effort gemét hunn fir eppes matzedélen waat ech eben wés aus égener Experienz dei ech och matt aaner Fotogrefen verifiziert hunn ...

Weivill geste aus fir de Cours? Privat mé du kenns der e poer anlueden ... eng Pizza an e Bessi Amarone - oder Pinot Griggio ... an um Ënn eng kleng Grappino di Brunello (och wann dess net gerad aus denger Geigen ass)

Waat hälste dofuunen
Gaga 20.05.2010 - 22:00
ma why not, awer net fier nemmen fun objektiver ze schwätzen, mais och fier einfach e bessen ze schnessen ! closed_eye

gtaddei1 20.05.2010 - 22:41
Ok dann maachen mir eppes aus... wieni dass du wells ... timetable permettant
Gaga 20.05.2010 - 23:24
ok !
mais bei mengem timetable !
soubaal epes an aussicht as, kennen mer driwer schwätzen !
smile
BlueRic 20.05.2010 - 22:10
Klengt jo ganz fein, wollt awer elo net un engem Cours deel huelen.
Mee ech verhaalen mer dat awer mol.
gtaddei1 20.05.2010 - 22:41
EMMER wellkomm ...
BlueRic 20.05.2010 - 22:47
Dat as fein closed_eye
gtaddei1 20.05.2010 - 22:48
Daat ass keng Fro ... et ass selbstverstanndlech
gtaddei1 20.05.2010 - 19:47
Ech hunnen an ech sinn zefridden
CF Gaga
gtaddei1 20.05.2010 - 21:16
http://www.flickr.com/photos/gtaddei1/4512875502/in/photostream/

En Beispill vun 12-24 Effekt op engem Fullformat
BlueRic 20.05.2010 - 22:20
Jo esou gesait dat och ganz gut aus. Fir déi Gréisst kann een sech op jidderfall net bekloen.
BlueRic 21.05.2010 - 13:27
Mir hun zwar elo hei vill geschriwen an verglach, mee net een huet eppes zur Foto gesot sceptical
Gaga 21.05.2010 - 17:40
thema fun der foto as dach "objektiv" ?
smile

objektiv gesin as deng Foto ... flott !
e bessen mei enk hät ech se villeicht kadreiert, mais de recht passt, scheinen hannergronnt, schein farwen, schein scharf !
psst alles mengen ech !
Ph1l1ppe 15.02.2011 - 12:13
"Des Foto as schon en haleft Joër aal, mee wou ech se Haut mol nees gesin hun, hun ech geduecht, dass ech se awer mol wéilt weisen, wéint den schéinen Reflektiounen an der Lens."

Wou hues de d'Photo dann gesin???
BlueRic 15.02.2011 - 13:04
A mengem Archive. Oder wat wells de wessen?
Ph1l1ppe 15.02.2011 - 14:43
Dein Saatz hätt missen heeschen "Wéi ech se haut mol nees gesin hun", "Wou" ass an desem Fall falsch, well sde op en Zeitpunkt refereiers an net op en Plaatz.

Wann ech dech also froen wou sde d'Photo gesin hues, ass daat eng sarkastesch an frech Remarque fier dech op dein Feeler opmierksam ze maan. Also iwerhieflech an fierlaut wei emmer (esou weis de daat vun mier gewinnt bass closed_eye )
BlueRic 15.02.2011 - 16:03
Du misst emol ufänken dobäizeschreiwen (bzw. ze soen) wéini sdu sarkastesch bas a wéini net. Frech bas de jo usech emmer closed_eye
Ph1l1ppe 16.02.2011 - 12:30
Ech geheieren zu däer Zort Mensch wou generell emmer frech an/oder sarkastesch ass.
Ausserdeem, wann ech et geng derbei schreiwen wier et (op mannst fier mech) net mei leschteg ....

Schaff elo eppes fier deng Klausuren!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 398 Gäscht online