Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wir müssen ...

 
Wir müssen ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.05.2010
  • Gekuckt:
    43716
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    51
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x535
  • Späicherplaz:
    339 KB
  • Originaldatum:
    2010:05:28 17:47:15
  • Fotoapparat:
    FinePix S5Pro
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=45810]
Kommentar vum Fotograf:

Als Lethargie (gr. ληθαργία lethargía) wird in der medizinischen Fachsprache eine Form der Bewusstseinsstörung bezeichnet, die mit Schläfrigkeit und einer Erhöhung der Reizschwelle einhergeht.
(wiki)
Gaga 28.05.2010 - 18:36
hmmm, kanns de eis e bessen mei iwer den zweck / gronnt fier des foto erzielen oder as daat "einfach esou" entstaanen ?

Mir gefällt (teschnech) gesin alles, waat awer mengen ech nach besser wier as wann t'Schreft an 3d wier, also eng Deckt hät, esou flaacht se t'Bild imens of !
an, evtl, e bessen mei kontuer uewen riets an den hoer !
mais do kann ech net fill matschwätzen, gin muer dei eichten keier an den studiobigsmile !

Rothaar 28.05.2010 - 18:47
Hey Gaga, als (neierdengs) Member op PG kann ech där elo och änferte smile

Eier de Marc an ech zs komm ware, war d' Welt an d'Weltherrschaft en Thema wat mia vill beschwat hun,
mia hun iwer d'menschlesch Astellung an hier Problematik discutéiert an sou emmer méi gemiekt dat ma ongefeiet
nämlescht zu deem Thema stin,

de Menschen geet et einfach am Moment ze gudd fir iejendeps
ue ännere oder fir sech em d 'Emwelt problemer ze kemmere,
se sin egoistesch an mieken net dat se hier eege Welt zestéiere,

des Zitat as vun enger däitscher Schrëftstellerin an erklärt an puer Sätz aganz vill dozou,
mia hun drop zereckgegraff an hun dräus e Bild gemach smile

Hoffen ech beänferten deng Froo,

Xenia
Maimonides 28.05.2010 - 22:11
Ech huele jo mol staark un dass du de Marc nët gebraucht hues fir op di do Iddi ze kommen. An dë Marc hätt och deen do Text nët ësou an d'Foto gesaat. Technisch perfekt ass së awer.
Rothaar 29.05.2010 - 20:09
Wei mengste? Also jo ech maache mia vill Gedanke iwert de politesche System hautzudachs, war meng Iddi mam Tetx,an mia hun fonnt dat d 'Aussoh an mein Ausdrock gudd fonctionnéiere
mojikosu 28.05.2010 - 21:10
Exzellent photo an eng spot-on Ausso!
D'Gesellschaft huet e laangen a mühselegen Wee viru sech.
Maimonides 28.05.2010 - 23:50
D "Gesellschaft" huet well vill mei ee laangen a "muehselige" Wee hannert sech. An si huet nach net ganz vill baigeleiert. E bessen awer trotzdem. Hoffe mir also dass et mei seier viru geet.
Shantideva 29.05.2010 - 19:51
Dito: cf. meng Äntwert beim Gennaro.
Gaga 29.05.2010 - 01:46
do kann ech jo nemmen mengem aalen kolleg dem albert sein satz ziteieren :
Zwei Dinge sind unendlich, das Universum und die menschliche Dummheit, aber bei dem Universum bin ich mir noch nicht ganz sicher.

an dann, no laangem iwerleen sees de der daat hei :
Wer ohne die Welt auszukommen glaubt, irrt sich. Wer aber glaubt, daß die Welt nicht ohne ihn auskommen könne, irrt sich noch mehr.
Rothaar 29.05.2010 - 13:35
Leider ... mee d Menscheet gett einfach geprägt vun Gemittleschkeet...
Maimonides 30.05.2010 - 00:43
D Menschheet get kee Fatz vu Gemidlichkeet gepraegt, just mir, Rothaar. Just mir.
E puer honnert Milliounen Menschen stierwen well se net genug ze iessen hun, Frae stierwen iwert hiere Puppelcher, an di kleng Kanner iwerliewen hier eischt Malaria net. Vum AIDS mol net ze schwetzen.
m-otiv 29.05.2010 - 13:31
ganz flott...et erkènnt een d'Xenia kaum...d'béa ass ganz flott
gtaddei1 29.05.2010 - 19:39
Sinn D'accord... Vollkommen D'accord... mool gesinn weivill matt dir ginn
Shantideva 29.05.2010 - 19:46
Keen! Seitdem et d'Menschheet get, get et déi Problemer an d'Ego. Sou war et schon virun e puer Dausend Joer an et ännert sech neischt drun. Et kann jo just nemmen all Eenzelnen sech selwer änneren, an genau daat ass de Punkt vun denger Ausso Gennaro. Ech gin dir vollkommen Recht. Op jidde Fall ass daat eng Ausso déi och schon am aalen Egypten oder Griechenland hätt passen kennen.
Rothaar 29.05.2010 - 20:25
An awer gin d Leit dach all hier Zeit verschwenden well se stänesch Ooflenkung brauchen, se gin flait stänesch mat de Problemer konfrontéiert mee sin sou am "Rausch" dat se dat onbewost oder bewost verdränge....
Shantideva 29.05.2010 - 20:54
Genau! Verschidden Leit sin méi receptiv fir sou eng Thematik... awer och nemmen verschidden Leit. Awer den gréissten Deel vun eiser Bevölkerung huet mat sou Gedanken net vill um Hut. Et ass just eng Minoritéit déi sech domat beschäftegt. Awer eng grondlegend Ännerung kann een net erreschen wann een seng Aussenwelt well veränneren. Et kann een just eppes veränneren durch eng Revolution déi an engem selwer entsteht.
An waat ass d'Konsequenz dovun? Et denkt an fillt een aanescht wéi een lieft an domat marginaliséiert een sech mat senger Liewensastellung (waat keen Fehler ass) géigeniwer vun der Masse. An eisem Theater mussen mir awer matspillen.
Eng Persoun déi mir vill bedeit huet mir mol gesoot dass alles waat déi meeschten Leit machen meschtens falsch ass. An eng aaner Persoun (vun déier ech mein Nick hun), déi mir nach vill méi bedeit huet daat heiten geschriwen:
"Quoique animés par le souhait de rejeter la souffrance, ils courent vers la souffrance même;
Quoique désireux du bonheur, dans leur ignorance, tel un ennemi, ils le détruisent."
Daat misst jo daat resuméieren waats du gemengt hues. Awer déi richteg Revolutioun kennen mir just an eis selwer entstoen lossen. An dozou ass nun mol net all Mensch direkt fäheg obwuel ALL Mensch d'Konditiounen dozou an sech dréit.
Rothaar 29.05.2010 - 21:06
Mech nervt et einfach well d'Leit sou gudd manipuléiert gin hautzudachs, sou wei haut alles fonctionnéiert froen ech mech op ech iwerhapt well eng Kéier Kanner op d 'Welt setze,
wann een gesait wei gudd d 'Medien et haut hinkréien fir dat mir vun allem schokéiert sin an Angscht kréien (solle)
an dan kommen all di Secherheetsmooßnahmen an d gewollten Kontroll, gin weit ech wees, mee do gin d' Menschen schon geléiert nix ze maache, nix ze ennerhuele an alles deene méi "mächtege" ze iwerlooße, (zB.Staat...), hinne solle vertaue an si maache alles fir eis rem gudd* , tjo...
Shantideva 29.05.2010 - 21:18
Jo, mais et ass jo awer d'Vollek waat déi "Mächteg" Leit wielt. An schon erem sin mir bei enger Minoritéit déi op aaner Mettelen muss zereck greifen fir eppes ze veränneren (ech mengen elo net Gewalt). Awer et ass jo dir iwerloss dengen Kanner eng Erzéihung ze gin wou sech op aaner Werter baséiert. Ob deng Kanner elo matspillen oder net kanns du nemmen wéineg beaflossen an op keen Fall forcéieren. Awer wanns du hinen eppes wertvolles konns weider gin, dann hues du jo schon bei hinen eppes errescht. Awer dofir muss du virdrun deng eegen Revolution durch gemeet hun. An sou Gedanken wéis du se hei féierts sin den Ustouss dozou... smile
Rothaar 29.05.2010 - 21:37
Ech mengn di Macht dei iwert villen aanere steht ass villméi mäschteg an onareeschbar wei mia mengn, dei braucht nemme dat Onmenschlescht fir eis Secherheet firzeschloe an mia sin machtlos dogéint... (Ship......) an ech sin iwerzeegt alles kennt drop eraus, just gett bessi lang gezunn fir esi drop firzebereede...
gtaddei1 30.05.2010 - 09:51
Hei JC, Flott Gespréïch, an voller Sënn.
Daat ass et eben , D'Revolutioun an sech selwer... komesch ewei esou d'Saachen am Liewen sinn, Gescht hunn é Frënn aus menger Jugend begeint matt dém ech vill gedéélt hunn an gerad dess Gespréïcher waaren emmer am Ordre du jour. Mé d'Rothhaar huet dech villeicht net esou matkitt... sie (oder hien) kuckt awer emmer nés e bessi ausser sech an net an sech ... Waat de marcgerard esou wollt soen (oder waat ech esou mattkritt hunn ) ass daat mir awer villeicht no aiser égener Situatioun kucken mussen ... an daat an ais selwer fir ... ze erwächen (ouni elo un ERWACHET ze denken well dei sinn eng Schloofpell fir de GEscht).
Jo, Rothaar, d'LAit gesinn daat nett esou ewei sie nett selwer d'Bibel liesen kenne oder de Marx selwer studeiren kennen , oder och mei d'Schoofen sillen am Liewen well daat nés mi Kammoud ass... sou nemmen bessi Lait ginn sech d'Méi fir 'Liewen ze verstoen ann fir sech nett vum Lot ze ennerschéden mé sech vum Lot kennen ze befreien .
Haut , méi ewei gescht , sollten mir ais vun de deser unmenschlecher Welt distanzeieren kennen... Analiseiert emool aist Welt op waat mir hinn komm sinn... ech mengen dei dei haut 50 Joer hunn kennen den Ennerschéd gudd maachen opschons et awer Subtil ass.
Shantideva 30.05.2010 - 10:58
Jop, ganz genau denger Meenung. Zwar och wann an denen leschten 50 Joer sech sou muenches verännert huet, ass daat eng ganz normal Steigerung an engem Ziklus den et jo schon etlech mol an der Menschheetsgeschicht gin ass. Daat waat passéiert deut jo onmessverständlech op gréisser Verännerungen an eng aaner Kräfteverdeelung op eisem Planéit hin. Wéi déi grouss Muechten an der Vergangenheet ennergangen sin, so gin mir och enner. Wann een awer seng perséinlech Revolutioun matgemeet huet, dann ass daat net méi sou wichteg well een wees dass eigentlech am richtegen Senn neischt enner geht. Mir definéieren jo déi ganz Konzepter, gin hinen een Numm an eng Qualitéit (gudd oder schlecht). Et geseit een net nemmen deen "winzegen" Detail vun der Situatioun wéi se haut ass. Et geseit een d'Situatioun von der ganzer Menschheet zenter se existéiert.
An waat ass déi ganz Menschheet déi mir gesin? Déi ganz Menschheet ass all eenzelnen vun eis, sou wéi all eenzelnen d'ganz Menschheet ass. Wann een Eenzelnen sech verännert, dann verännert heen d'ganz Menschheet well d'Handlung vun all eenzelnen eng Auswierkung huet op d'ganz Menschheet. Also... fängt d'Revolutioun an eis selwer un soss kämpfen mir géint Wandmillen, well mir géint eis selwer kämpfen. Ob daat elo hautzudaags wéi den Klex seet, d'Globalisatioun, Kontroll, Vereenheetlechung, Manipulatioun a Weltherrschaft ass spillt do eigentlech net vill Roll. Ech denken och net dass den Font bei der Ausso op dem Bild eng Roll spillt ("Globaliséierungsfont" ass och just een Konzept - den Font un sech huet keen inhärenten Wert), well do get et neischt ze deiten. Et ass eng einfach an kloer Ausso.
Selbstverständlech mussen mir eis wieren an dems mir eis Meenung zum Ausdrock brengen awer gréisser Ännerungen kommen just op engem aaneren Niveau, deen neischt méi mat denen aktuellen Konzepter ze din huet. Et muss eng Ännerung am Kär vun dem passéieren daat des Situatioun geschaaf huet, an daat ass nun mol all Eenzelnen vun eis alleguerten op desem Planéit.
An elo halen ech op... daat ass erem sou eng Endlosdiskussioun wou zwar eppes mat der Foto ze din huet, awer net unbedingt an engem Fotoforum gefouert sollt gin.
gtaddei1 30.05.2010 - 11:06
Virwaat nett... D'Foto huet dech an mech jo dorobben Provozeiert fir dess Diskussioun ze feieren.
Mé dass du ophaalen keinst ass woer well du eben alles perfekt an daat an e pour Zeilen gesoot huess em waat et géét ... daat annaert gett dann ewei eng Aart Psychesch Onanie ...
Shantideva 30.05.2010 - 11:07
Yes! bigsmile "Masturbation intellectuelle"
Rothaar 30.05.2010 - 13:13
Dat war vill Text, sin driwer gefitzt, ech hun eng kloer Meeung vun eisem System an wat ech méi doriwer schwätze wat et méi un Wert verléiert... mee merci fir d Discussion Leit !! smile
Take care .
gtaddei1 30.05.2010 - 15:16
Hmmm ... driwer schwätzen an Wert verlieren ... daat hängt dofunnen oof... Schweigen c'est être d'accord... Also waat maachen mir elo... Masturbation Intellectuelle oder sinn mir rouech? ... Ech mengen mir sollten einfach énn gudd haarten Silence maachen ann ais Gefille ausdrecken ... eggal wei...

Vill Wieder...né énorm vill Konzepter dei ganz schweier ze verstoen sinn mé ganz einfach ze fillen sinn ... Nietzsche: " Il faut se poser à l'écoute.."
gtaddei1 30.05.2010 - 15:13
Yess ... I.M. (/= intramusculaire )
Rothaar 30.05.2010 - 15:37
Jo sierf rouesch smile

Meng Wieder verléiere un Wert wann ech zevill "haard" denken well jidereen interprétiert draus eps aaneschtes an dat kann interessant gin mee e Stéck dovun geet oft verluer ,

War elo eng lang Discussioun an awer
bleiwen ech bei mengn Iwwerzeegungen smile

Soen nach eng Kéier MERCI ,

Xenia



gtaddei1 30.05.2010 - 15:50
Du bass e bessi steif ... Ech mengen du bass villzefill Intellectuel an dann glewen ech dier dass du , an nett deng Wieder, un Wert veleiers ..., daat ass schued ... Ok ech sinn dann rouech an loossen dech bei denger Rou... Bis demnaechst
Rothaar 30.05.2010 - 16:00
Nee keng Angscht ech verléieren net un Wert,

Jo merci méi hun et net verlangt smile

P.s Wollt awer nach soen datste NIX vun der Foto plus Aussoh vertahn hues . Schade, mee där gin et och .
gtaddei1 30.05.2010 - 16:05
Ben dann bass du eng super Psy so, dass ech neischt verstaanen hunn ass dann deng oder aer Schold... ? oder?
Rothaar 30.05.2010 - 16:10
Ech maache mia halt vill (fliat zevill) Gedanken iwert eist Welt,
an domat soll ech un Wert verléiere?
Fir souesps um zu engm Meedchen ze soe, muss een schon extreme feig sin, mee bon,...
Du kanns dat zu engm soe dat sein Kieper belleg um I-net veröffentlescht an net zu engm dat seng Gedanke veröffentlescht an seng meenung vertried!Ech vertsin wann et och egw wat wier, as eta wer net !
gtaddei1 30.05.2010 - 16:19
Oh là huess du eng Ménung vun Mier... Ech schwätzen jo nett vum Médchen mé vum Model, wien du bass wés ech nett... mé wei du dengst kenn ech mier ganz limiteiert natiirlesch virstellen... (du schegst jo naawell gudd ze denken...wann ech mir erlaaben dierf).
Mé denken? virwaat dann ...? De Shantideva woar jo super kloer... villeicht mei nolauschteren ... ugefangen vun dir an dann dei aaner ... Mier kennen neischt aenneren wann mir nett selwer domaden ufängen... mé nett am behuelen an sech mé am fillen... am mattfillen... dann brauchste Silence... an dir fir ze wessen wien du iwerhaupt bass... d'Xenia oder d'Xenia dei plasmeiert ginn ass vun der Sozietit oder och vun dénen dei AntiSozieiteit sinn dei mir elo liewen?... Bass du waatst du denkst oder bass du eppes aanersters?... Nu jé et géét elo nés wait... Mé et ass ganz an der rai daat én aus der Lethargie kennt , eggal waat fir eng ass... D'Freaken Lethargie, religiös Lethargie, Kappwenkerten Lethargie, Hippie Lethargie, Anarchisten Lethargie, asw asw... Flott dess Foto huet mol eng keier eng Flott Diskussioun ervirgehuewen...
Also ech wollt dech oh nett als Médchen beleidigen ... ech sinn fir L'égalité des Sexes an dofir traiteieren ech d'Médecher geraad esou schlecht ewei d'typen
Rothaar 30.05.2010 - 16:24
Engm ze soe dat en un Wert verléiert well en sech Gedanken emscht mescht fannen ech awer dat allerläscht gtaddei1,
an fannen et Schued dat meng iddi mat der Foto an mam text mia sou eps zereck gin huet !
gtaddei1 30.05.2010 - 16:36
Ah du huess mech dann nett verstaanen ...
1- Verstinn nett dass du séés daat deng Wieder un Wert verleieren
2- Wannste daat séés , dann huelen ech unn dass DU faerst un waert ze velerleieren , geraad dei dei D'Wieder idéiert. D'Wieder , ewei d'Italiener soen, le porta via il vento (ginn vum Wand verwécht). Bleiwt d'Persoun dei dei séét... all Wourt huet awer d'Gewicht vun engem Fiels ... an d'Persoun dei dess Wieder séét soll net faerten dass se un Wert verleieren well sie am Fong representativ ass vun dénen Wieder an esou bei de Angscht daat eppes un Wert verleiert waat sie séét schleisst én oof daat sie faert nett wichtesch ze sinn...
3- Bass du dann wischtech ? Wann jo dann ok ... mé du vergesst dass du 1 Steppskaer am All bass ... also esou ewei ech och ... net mei an net manner ... mé all Atom ass wischtech ...
4-... mool kucken op du mech elo verstaanen huess
Rothaar 30.05.2010 - 16:48
Ech gesin watste mengs, mee ech deele meng Gedanken leiver net zevill, ass lo geschitt , an nemme well do een wollt den Hannergond wesse vun der Iddi...
Ech kéint nach tonne Zeilen iwert meng Vue op d Welt schreiwen, mee looßen et sin well gett oft meßvertstahn an all di Reaktiounen sin amfong typesch... smile

Wann ech net alles vun mia , vun mengn Gedanken oofgin,
dan ass nach ganz vill dovun fir mech doo an et muss een net alles genau erziele, flait vertehts DU och wat ech mengn an dat mam Wert ...
an flait as dat mat 18 bessi iwerdriwwe, géing mech net wonnere wann Leit dat geife mengn, mee sin halt sou,

Op ech wischteg sin kann ech net soe, ech kann just soe dat ech deene Leit dei mech gäre hun an mech kenne wischteg sin smile

Ech treffe net alldach Leit déi sech souvill genau mat deene Themen ausernee setzen, verschidde Leit wessen et ze schätze , aanere gesin dat als wertlos,
Voila, ech sin ap,

alles ok, sin stuer mee ass och ok closed_eye

Shantideva 30.05.2010 - 16:45
Xenia, ech wollt eigentlech neischt méi zu desem Thema soen awer ech wollt just op deng Remarque agoen dass den Gennaro neischt vun der Aussoh soll verstanen hun. Du hues daat zu enger extremer reifer an weiser Persoun gesoot fir déi d'Aussoh vun der Foto schon baal zevill iwerflächlech ass well se just un der Spetzt vun engem Eisbierg kratzt deen heen an sengem Alter, senger Liewenserfahrung, senger Weisheit an mat senger Art an Weis ze liewen schon ganz weit durchforscht huet. Hien ass een ganz wertvoll Persoun awer leider kann een daat net durch e puer Kommentarer hei gesin. Amfong ass et schon blöd vun mir fir hei Positioun ze ergreifen well daat brauch den Gennaro net. Also Xenia, peace! Mir léieren eis jo hoffentlech den 06/06 perséinlech kennen. Dann geseit schon villes aanescht aus. Daat war op jidde Fall bis elo een flotten Austausch den mir gudd gefall huet. Awer et ass eben alles gesoot gin iwert daat Thema an ech sin frou dass du dech sou weit an d'Diskussioun ageloss hues, daat war keen Fehler vun dir. closed_eye
Rothaar 30.05.2010 - 16:53
Ech fanne et huert een net vill vun mengr Iddi verstahn wann een zu mia seet ech ging un Wert doduerch verléiere, dat war dofir gemengt. Ech sin flait net su aal wei hien mee mei domm secher net , wanste dat mengs smile

Ass hien eppes mi Spezielles wei aanerer? Hien ass och nemme
e Mensch an wann ech eps ze soen hun dan soen ech et och, egal wei aal, wertvoll oder weis, merci awer smile
an wisou solle ma eis den 6. kenne léiere?
Shantideva 30.05.2010 - 17:02
Bas du net och beim Treverer sengem Shooting dobei?
Ech hun net gesoot du wiers méi domm wéi hien. Dir huet just laanscheneen geschwaat. Daat ass eben sou wann een sou Themen wéi daat heiten als Kommentarer ennert eng Foto setzt. Dofir hat ech geschriwen dass ech net méi weider gief drop agoen. Do kommen emmer Missverständnisser op, daat ass normal.
Rothaar 30.05.2010 - 17:04
Okay, mee nemme wellste du hien als wertvoll an weise emfends, heescht dat net dat ech net eierlech an direkt soe därf wat ech denken , ech soen dat egal weem , den Alter mescht do kee Enerscheed smile

Ajo oh freck, ech schaffe do um Tour de Luxembourg, muss kuke mat den Zeiten ... Hoffen klappt awer
gtaddei1 30.05.2010 - 17:14
Ah jo , erhöhte Reizschwelle... ! hmm ... na ja ...
Rothaar 30.05.2010 - 17:19
?
gtaddei1 30.05.2010 - 17:32
De Kommentar zu deser Foto ...
gtaddei1 30.05.2010 - 17:11
Xeniaa ... Kén huet gesoot dass du mei oder mann domm wiers ewei ech oder ewei soss én aaneren ... Mir , ech an den JC , hunn matt dir diskuteiert andéms mir totaal deng Ideen respekteiert hunn. Mir mussen jo nett onbedingt matt dir d'accord sinn ... et ass d'Questioun vun der These an antithese an dann kennt synthese ... daat héscht och dialektik... An du schengst e bessi an d'Defensive gerooden ze sinn ... an dann brengste daat e bessi agressive zereck...
De 6 kennen mir dann definitiv diskuteiren an gesaiste daat mir dech och gären hunn ... an geraad wellste esou gudd drop bass ... 18 Joer... jo esou woar ech och ... frech an décideiert , Reaktionär an net Verstaanen , nemmen vun mengen Fränn .... mé matt 19 ass daat mir nett mei dour gangen an hunn decideiert och mech matt der Welt (normaaler Welt) ausanert ze setzen...
Nach eppes... Wannste eng Idée lanceierst dann muste dozou stoen ... an nett dech verteidigen mé dng Idée.
E géét elo dour... mir keinten nach lang hai diskuteiren... mé maachen daat ennert 6 Aan
Rothaar 30.05.2010 - 17:14
okay. Jo wosst et geing lo sou eps komme, 18 jojo,
mee gleef mia di 18 Jähresch vun haut intresséieren sech en schaiss dreck fir dei sachen smile an sin och schon lang nemmi revolutionär ...
An ech stin zu allem wat ech sot ,

jo bis dan
gtaddei1 30.05.2010 - 17:31
An menger Zait (meng 18 joer) och nett ... an do sinn schon op mannst 3 Joerzengten vergaangen.
Kuck dir, wannse do ass, d'Foto dei ech opgelueden hunn ... also D'Foto nett onbedingt mé de Kommentar... an sééste mir waatst du dofunnen hälst... gléf mir dén typ dén daat soot huet nett onrescht.
Merci fir d'Diskussioun
JADE 03.06.2010 - 23:19
oh toll!!
hei haat ech jo eng verpasst ...
ech muss daat awer matt rouegem Kapp liesen, well ech hun haut schon genuch gelaabert (am Forum smile ...)
main Gehier muss sech elo enger aanerer Beschaeftigung widmen, well ech vill Aarbecht nohuelen muss
tjo, quand on fait la cigale la journée, il faut faire la fourmi la nuit unhappy

den "gt" huet mech heihinner gelenkt

ech waert mech och guer net anmeschen, awer Meenungsaustaeusch liesen gefaellt mir emmer smile
gtaddei1 03.06.2010 - 23:24
Nemmen fir ze soen daat hai wierklech philosopheiert ginn ass... neischt aaneschters! eng flott diskussioun am Fong...
Gudd Schaff ... pass op d'amaisenfresser opp!
JADE 03.06.2010 - 23:27
ma nawell! daat ass richtegt philosophéieren hei,
net wéi bei den Louboutins, daat ass pipifax bigsmile
gtaddei1 03.06.2010 - 23:28
Et woar mei Cool an nett esou Haarsträubend Komplex ewei hai
klex 30.05.2010 - 05:14
Ouni rem wellen mam Rothaar a politesch Diskussiounen ze gerooden, mee d'huet mech grad beschäftegt op di onperséinlechst Schreftart aka Globalisatiouns-Font N°1 (Helvetica) wirklech passend ass fir géint d'Thema Kontroll, Vereenheetlechung, Manipulatioun a Weltherrschaft ze schreiwen. Fannen dat net just en Detail, well d'ännert schon eppes drun wéi är Äusso onbewosst vun de Leit interpretéiert gett.
Rothaar 30.05.2010 - 10:23
Hun net vertahn watste wells soe sorry
klex 30.05.2010 - 14:47
net schlemm erklären der et dann nach eemol wa ma eis begeinen smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 289 Gäscht online