Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Disneyland?°o°

 
All Fotoen an dëser Serie:
7096 Thumbnail
7097 Thumbnail
7098 Thumbnail
7099 Thumbnail
7100 Thumbnail
Disneyland?°o°
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.05.2010
  • Gekuckt:
    42269
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:
Alles fräihand... Op der Marienbrücke huet een net allzevill Zäit weinst den 1000 Japaner dei sech probeieren firzedrecken fir ze knippsen... do kritt een den Haaß ant Leit, dei behuelen sech do wei dei lescht Idioten...

Fir anzesetzen: [pg_img=45896]
Kommentar vum Fotograf:
E bessi Kitsch fir de Metten unzefänken;) Neuschwanstein halt, war op 20km vum Plansee an do ware mär mol Mettes fir eng spontan Visite dohin... Sin eben dei typesch Touristenfotoen gin :D

Dei 3 Fotoen vum Schlass sin vun der Marienbrücke gemeet, dei een op der 4ter vun ennen gesäit (do hun de Nemo an ech eis baal d`Geneck gebrach wei mär do iwert Gelänner geklomm sin fir an der Schlucht ennen Fotoen ze maan, mee waat een net alles fir Fotoen mecht...)

Bei der 2ter an der 4ter hunsch geHDR`t fir ze probeieren eng aal Postkaartenatmsphär dranzekreien... dei 1., 3. a 5. Foto sin Pano`en...

dei 5. as e Panorama iwerrt den Dall vun Schwangau mam Schwanensee ganz lenks am Bild an eng dommen Letzebauer ganz riets (deen huet zu sou engem Trapp geheiert dei mär do begeint haaten, an et huet een just dei heieren...)
Nemo 31.05.2010 - 14:52
PLAGIAAAAAAAAAAAAAAT !!!! bigsmile

Locke 31.05.2010 - 14:55
Wei war de Sproch beim deem Trapp domme Letzebauren dei hu missten op sech opmierksam maan: "Ech haassen Leit" oder sou, ne? bigsmile
Nemo 31.05.2010 - 14:56
Dee Sproch as patenteiert Amigo...closed_eye
Locke 31.05.2010 - 14:58
bigsmile Deng Mamm as patenteiert :P a sou domm dass se bei Super Mario no lenks leeft bigsmile (deen Sproch iwregens och) closed_eye
xda 31.05.2010 - 19:37
flott Serie dei 2. a 4. gefaale mer am beschten smile
Locke 31.05.2010 - 20:31
hehe thx woubäi mäin perseinlechen Fav d`Nr 3 bleiwt smile
Jeanny 31.05.2010 - 20:01
wei flott Locke,
dei 2 ass wonnerbar,
hunn ech nach ni gesinn, awer scho vill doriwer geliess.
Locke 31.05.2010 - 20:33
Merci Jeanny smile et as all Keiers rem flott ze gesin wei Goût`er sech ennerscheeden. smile

p.s.: Fir Fans vun Kitsch as et absolut kuckenswert, Ech war virun 9 Joer eng Keier dobannen, lo dess Keier waren mär net ran well mär Mettes na hu missten tauchen goen an et zäitlech net dran war. Mee vun bannen as et na mei kitscheg wei vun baussen closed_eye
Jeanny 31.05.2010 - 20:59
Kitsch jo, an dach eent vun dënne Schlässer dat am meeschte besicht gett, Wéi sot de Ludwig den ll "Ein ewig Rätsel will ich bleiben mir und anderen",hien huet sech dohinner zeréck gezu fir seng Rou ze hunn
Locke 31.05.2010 - 21:01
yop a schlussendlech huet e sech am Sei ersoff bigsmile
Jeanny 01.06.2010 - 07:02
Jo, sou heescht et an der Geschicht ??? smile)
Locke 01.06.2010 - 11:43
jo mee zouzetrauen as et deem, deen haat se wierklech net mei all... Wanns de eng Keier do bass, gei och op de Chiemsee op d`Herreninsel seng Kopie vun Versailles kucken, eng Hallschent as feddesch, bei der aanerer as bannendran Réihbau well dem gudden Jong d`Geld ausgang as... deen huet do Sachen gebastelt daat as net méiglech, niewt Neuschwanstein as o na Hohenschwangau, daat huet e mol einfach sou sengen Elteren geschenkt, aus der Portokees halt closed_eye
Jeanny 01.06.2010 - 19:02
jo, du hues recht, en haat eng mat der Ratsch, wei mir soen.smile
Ech hoffen dass ech daat zwar eng keier gesinn, mol kucken.
Locke 01.06.2010 - 19:12
also kuckenswert as et objidderfall, de Walt Disney huet sech jo net fir näicht d`Inspiratioun fir seng Schlässer zu Neuschwanstein geholl smile
benem 01.06.2010 - 19:22
Deels schwindelerregend, deels surreal, flott Fotoën, flott Faarwen smile
Locke 01.06.2010 - 19:26
merci villmols smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 384 Gäscht online