Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wonderwoman

 
Wonderwoman
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.06.2010
  • Gekuckt:
    37232
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    37
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    13 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    SB-900
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    531x800
  • Späicherplaz:
    360 KB
  • Originaldatum:
    2010:06:23 21:50:09
  • Fotoapparat:
    NIKON D300S
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Tokina 11-16mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen
Extras:
reflekter selver, sb-900, stänner

Fir anzesetzen: [pg_img=46597]
Kommentar vum Fotograf:
éischt foto vun eisem génialen foot-shooting de mëtten...
Hun bewosst alles am waitwenkel an am Fisheye geshoot...féiss am fordergrund an extreem verzerrt.
suraki 23.06.2010 - 22:13
wann déi aner dann grad esou gutt sinn, dës hei ass emol top,
et muss een mol op d'Iddi kommen fir hei 13 mm ze wielen smile
m-otiv 23.06.2010 - 22:15
ganze shooting am WW an FE smile
JADE 23.06.2010 - 22:17
hmmm ... seng Been fannen ech zwar e bessi zevill "informatiséiert" (irreell, zB esou wéi bei playstation Spiller)

fir den Rescht fannen ech se och gutt

EDIT:
ah jo, an dann nach den Faarwennerscheed Been/Bauch
m-otiv 23.06.2010 - 22:26
Den faarw ennerscheed ass weinst dem reflekter, huet mech net mei gesteiert, keint jo e collant sin.

D'been sin laang gezunn, mä doremms geet et hei...irreell...kuck dir mol de rescht vun menge fotoen un closed_eye
JADE 23.06.2010 - 22:37
nee, nee ... also daat langt gezunnt fannen ech eben och, an graad, ganz flott smile
esou wéi och seng Mimik dozou, daat passt alles

ech mengen déi "ze glaat" Struktur
daat kann och flott sin, just hun ech et hei zevill "glaat" fonnt am Vergalch zum Uewerkierper

d'Been: jo daat kéint een Collant sin
Poly 23.06.2010 - 22:32
muss jon's soen, fannen däi Iddi top mat esou enger Brennwäit bei esou engem Sujet ze schaffen,ergëtt en ongewéinlech flotte Bléckwénkel=giant lady
shingo 23.06.2010 - 22:53
Top-Foto !
m-otiv 23.06.2010 - 23:30
merci shingo
tammynade 23.06.2010 - 23:16
wow bigsmile
m-otiv 23.06.2010 - 23:31
merci och hei
tammynade 23.06.2010 - 23:33
ech fannen den hannergrond immens flott an den himmel och super beschafft,wei grouss ass d'model?3m ? geenial bigsmile
Shantideva 23.06.2010 - 23:19
Vito... als éischt... fannen ech se TOP! Awer als zweet stéiert mech e bëssi dass hat 52 am Schung huet. Vun der Bea fannen ech se wierklech ganz gutt, awer vun der Technik (13mm!!!!) ass et eng geféierlech Spillerei. Den Flare um rietsen Fouss stécht och immens am Ae an d'Kompositioun ass net ze iwersinn (fir wat Schiet do wou Sonn ass). (Koschtruktiiiif Kritikkk, don't kill me!!!)... Sinon "coool"; jenseits vun mengen topeschen Verbesserungsvirschléi.
m-otiv 23.06.2010 - 23:30
shanti...13mm!!!! ass gewollt ...fäerdeg smile den ganzen shooting ass am WW an am FE... nenn mech antikonformist, oder waat och emmer...ech sin esou smile
regelen sin fir schofen...an ech maachen gäeren nei an innovativ saachen...wann et net gud ukkent wäll ech mech net un de regelen haalen...ass daat mir ziemlech wurscht...ech sichen mein style...an daat ass eben surreell, irreel (kuck meng planeiten, portraien, hdr etc...waat huet daat nach matt der realiteit ze din?)...
PS: am ganze shooting war et fetishismus ugesoot,,,also erwaard dir mossen wéi 62 am fouss, an och deelweis 84 bigsmile


Ech wees och wéi et richteg geet...mä daat iwwerlossen ech aanerer
Ech bezeechne mech elo als foto-künstler...an ech hun spaass dorunner fantasy fotoen ze maachen
Shantideva 23.06.2010 - 23:38
"Koschtruktiiiif Kritikkk, don't kill me!!!"
Du bass schon zënter Joeren net den eenzegen den dat mëscht... also ass dat net innovativ... Kuck dir dem Lorryson (een gudden Kolleg) seng Galerie hei, an op Flickr un... et war net schlecht gemengt.... Ech stiechen och gären eng Fauscht op d'Ae an wann ech meng Meenung soen... An dat war net schlecht gemengt... Ech schreiwen eben éierlech wat ech mengen, egal wéi et opgeholl get. An dobäi hunn ech net gesot dass ech et net gutt fannen!!! Also... cool down!
(An bitte mach aus dem PS een Edit...) tongue
m-otiv 23.06.2010 - 23:48
Sin cool...keen probleem...mä des bild entsprecht ganz genau waat ech fir hat..dorems ass et gaang...matt ww an fe e schooting ze mann den net esou verbreed ass, also teschnick schick schnack....la fin justifie les moyens....Et waar keen fehler a ww ze huelen, sou dom sin ech och erem net...soss hätt ech keng 150 biller esou geschoss...bei der 10 hätt ech et gemierkt...
Naicht geint konstruktiv kritik....ab elo kennt alles an digital art, dann ass alles ok
Shantideva 23.06.2010 - 23:55
Boah... Vito... meng Kritik gelt virun allem dem Flare op dem rietsen Been (Fotografenperspektiv). Den Rescht fannen ech ganz gutt sou. Verstéih mech net falsch. Et waren just "Verbesserungsvirschléi" (oder Finetuning) vun mir. Net méi.... Ech fannen dat gutt dass du däin eegenen Wee gehs!
m-otiv 24.06.2010 - 00:00
Jo ok...flare kreien ech hin
m-otiv 24.06.2010 - 00:01
Jo ok...flare kreien ech hin
m-otiv 23.06.2010 - 23:53
Waat mech uppisst ass...kennt een matt enger holga, deen dann nach schlecht scznnt an upload....an woow genial...wonnerbaach....
Shantideva 24.06.2010 - 00:00
bigsmile
That's life... Ech hun och eng ganz Këscht sou Krom hei heem an ech maachen awer keng Fotoen domat well ech och an Zwëschenzäit keng Beatles méi lauschteren. Et muss een eben och mat der Zäit matgoen obwuel et mir net ëmmer einfach fällt awer dofir ass den Ed jo dat beschten Beispill. Hien weist eis Zäitgerecht Fotoen awer hien huet Saachen gemeet wou hei op PG wuel déi mannsten kennen matspillen... An, awer, geréit hien ëmmer erëm an d'Kritik... Les Goûts et les Couleurs....
Shantideva 24.06.2010 - 00:01
JADE 23.06.2010 - 23:52
wegl ... huel daat elo net als Kritik, Ok?

ech schreiwen dest elo hei, ech hätt et och kéinten an den Forum schreiwen ...

ech liesen oft an op villen Plaazen, waat Foto unbelangt:
"ech haalen mech net (méi) un Reegelen",
"Reegelen sin do fir net angehaalen ze gin",
etc, etc ...
jo stemmt ... awer nemmen deelweis ...
gewessen Reegelen mussen jo awer bäibehaalen gin, soss ass een, och wann et zB "fantasy" ass, einfach net "kredibel", soen ech elo einfach emol well ech keen aanert passend Wuert fannen

sech net un Reegelen haalen, mecht nach lang net, dass d'Foto gutt ass
(daat ass elo net fir deng Foto gemengt, m-otiv)

an och zB Fantasy Kenschtler haalen sech un gewessen Reegelen
ech denken do zB un den DLC (ass daat fantasy? wees ech elo net genau, mee egal)


ech wollt dech elo guer net ungraifen, oder kritiséieren, (wisou sollt ech och? an et ass och (meeschtens closed_eye ) guer net mäin Stil, mengen ech emol)
mee just villaicht fir een échange vun POV's ze hun

am Fong am Résumé:
sech net un Reegelen haalen kann jo net all Foto an all Konzept an all Emsetzung "entschellegen"/fir gutt heeschen
oder?

EDIT: @ shanti, oh fr*** ... ech hun elo 13' gebrauchjt fir daat heiten ze schreiwen?? dain leschten Comment stung nach net do smile
m-otiv 23.06.2010 - 23:59
Hun ech och guer net gesoot...suggestiounen wäert ech analiseiern..wei emer...mä hei war keen zoufall...bild am kapp, bild realiseiert. Punkt.

Meng ganz serie ass vum fouss erop geschoss gin...dazt war d'iddi...gudd oder net...ech haat een konzept
JADE 24.06.2010 - 00:05
an nach eng Kéier ... sie gefällt mir gutt !!

kuck emol,
ech verstin esou wéineg vun Foto-Reegelen (dofir kann ECH jo bestemmt KEEN hei beléieren),
dass ech daat vun der Sonn an den Schied emol net direkt gecheckt haat smile

ech wollt am Fong just op daat "ech haalen mech net un Reegelen" angoen, wéi gesoot, waat ech oft liesen
an oft och als "Rechfertegung" geholl gett fir eppes waat net esou korrekt ass (den famösen Reegeln no) ... oder well d'Foto net bei jidferengem esou gutt unkennt wéi geduecht (gehofft?), deen eppes dovunner kennt

an wéi den Kwitchibo emmer seet:
schlussendlech --> Haaptsaach d'Foto gefällt dir an dem Model smile
m-otiv 24.06.2010 - 00:11
Merci Jade...foto gefällt, an hätt ech se "as is" eropgelueden, dann hätt ech 2 kommentarer an e langweilegt bild...hei hatte mir weinstens eng debatte erregt closed_eye
Shantideva 24.06.2010 - 00:18
Dito Jade! An elo maachen ech mech schnell an d'Bett ier hei keen mech méi léiden kann... bigsmile Sch.... Minettsdätonguep awer och!!! smile
m-otiv 24.06.2010 - 00:22
Ma neee....smile apropos...all schiet ass do wou e war ... Wei enn mengs du?
m-otiv 23.06.2010 - 23:34
ouni WW wär meng foto normaal...
McQueen 24.06.2010 - 08:08
So du mir nach eng kéier, ech wier net normal..... bigsmile
Deng Iddi mam ww an vun ennen erop ass verreckt.
Ech fannen se witzeg, mais fir de Rescht ass alles gesott hei.
m-otiv 24.06.2010 - 09:03
merci steve
lux-weimaraner 24.06.2010 - 09:43
Also ech hätt den Wues nach virum Schooting gemeint (klengen Joke) closed_eye Ech fannen dein Bild ganz gudd, och wat Perspektiv ubelangt. Mol eppes anescht...
m-otiv 24.06.2010 - 11:36
smile tjo daat mam Wues, hatt d'maschine net derbai...genau...eppes anescht war hei d'Iddi
ekimlux 24.06.2010 - 11:50
(geläscht)
m-otiv 24.06.2010 - 12:07
merci Mike...ma dat war wat ech matt dir probéieren wollt smile hun et dann eben gëscht spontan last minute leit ugeruff fir do matzemaachen smile
ech hun der nach aanerer an desem style matt anner outfits...villaicht get eng jo méi spacey smile
shingo 24.06.2010 - 12:12
Gefällt mir ganz Gudd!
An ech schléissen mech un > mol eppes Anneres!
an daat muss een dan och nach esou hinkréien, gudd Arbëscht!
m-otiv 24.06.2010 - 12:17
Merci fir deng Doubel Meenung...Gott säi dank sinn se allen 2 positiv bigsmile
slu 25.06.2010 - 22:14
Wow!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 425 Gäscht online