Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Science of Sleep

 
Science of Sleep
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.07.2010
  • Gekuckt:
    61483
  • Favoriten:
    7 (Wen?)
  • Kommentarer:
    42
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x721
  • Späicherplaz:
    117 KB
  • Originaldatum:
    2010:07:16 02:24:46
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=47241]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hun probleemer an der lescht se schloofen :( se vill spaet op, se vill spaet schlofen...ah !
Keup 16.07.2010 - 11:54
Saugudd deng Ideen. Mess wierklech flott an duerchgeknallten Saachen.
Severine_ 16.07.2010 - 12:38
Merci ! An der moment sin ech bessen frustreiert mat mengen fotoen, hoffen deen hei ass bessen ahneschtes wei soss !
Keup 17.07.2010 - 16:02
Frustreiert? fannen zwar daess du dech vun Foto zu Foto iergendwei steigerts.

Weider sou
mojikosu 16.07.2010 - 12:22
Herrlech smile
Severine_ 16.07.2010 - 12:38
Merci closed_eye
klex 16.07.2010 - 13:06
arennert mech bessi heirunner vun der stemmung hier...
http://www.youtube.com/watch?v=2_HXUhShhmY
mee gefällt mer gudd smile
Severine_ 16.07.2010 - 13:15
Ha ! Wat eng witzegt an kreativt video, flott gemaa closed_eye
paquito 16.07.2010 - 13:28
@ klex: ha! dorun hun ech och direkt geduechtsmile
d'foto gefällt mir och super!
mikE 16.07.2010 - 13:14
cool!
wei hues de dann den fotoapparat äusgeleist?
Severine_ 16.07.2010 - 13:17
Oh freck, also ech hun geschweest and mech weigedoen vum faalen (och wan een um bett land deed et den reck net gud sou heesch se faalen !) an war herno freckt wei eng mippi, ech hun sou vill mol mam selbstauleiser genkippst bis ech ENDLECH deen richetegen pose kritt hun closed_eye
gloda 16.07.2010 - 13:15
Déééééck gäil Foto. Cool Iddi, gutt ëmgesat.
Severine_ 16.07.2010 - 13:16
Messi ! closed_eye
shingo 16.07.2010 - 13:39
Jo Excellent déi do!
10/10 Punkten!
hoffentlech sinn ëtt nëtt ze vill blo Plaatzen ginn! closed_eye
Severine_ 17.07.2010 - 01:16
De moien sin ech erwescht mat dem aarm mega weih..wou mer kanner waren huet ni eps weigedoen, an elo..beweisst eis wirklech nemen dass mer aal gin an sou stunten nemei sollen ausprobeieren unhappy
Pelz 16.07.2010 - 13:44
genial gemaach! Top!
Nathalie 16.07.2010 - 14:58
Immens geil gema, gefällt ma!
Stef76 16.07.2010 - 14:59
Super gemaach, gefällt ...
JohnJ 16.07.2010 - 16:32
nice ... very nice..
Chrissie 16.07.2010 - 18:58
meega surprised
Jean-Jos 16.07.2010 - 19:11
Spektakuläer déng Galerie: d'Severine méi wéi 80 x an dat all Kéiers komplett anescht. Ech fannen déng Kreativitéit an däi Konzept staark!
Déi heiten ass mat däerer originellster an gutt gemacht.
Severine_ 17.07.2010 - 01:18
Merci Jean-Jos, dass wirklech ganz fain vun daer closed_eye
leena 16.07.2010 - 19:26
woah! wad s du ëmmer rem op idee kënns, stark smile
Maimonides 16.07.2010 - 20:30
Exzellent, Severine_,
däi Petz kuckt esou verwonnert dran,
dee geet bestëmmt méi fréi an d'Bett !
Blo Plazen krut deen awer keng,
huelen ech mol un.
An e Bonjour un hien.
Severine_ 17.07.2010 - 01:18
Heen seet an der moment net vill, heen leisst sech gaeren fotografeieren geif ech emol soen closed_eye merci maimonides smile
NikonD80 16.07.2010 - 20:54
op die Idee muss e kommen, gefällt mir....
Poly 16.07.2010 - 21:13
super kreativ, respekt
Miau 16.07.2010 - 21:13
een vu denger beschten, top...
Schluck 16.07.2010 - 21:23
Wow ... genial dei do ! Super deng Ideen, ëmmer ërem exeptionel
JADE 16.07.2010 - 22:06
hmmmm ... hun elo lang gezéckt fir daat ze schreiwen waat ech elo schreiwen ...

wann esouvill Leit dëss Foto exzellent an immens fannen ...
wisou léist se bei mir näischt extra'es aus??
wisou emol nët eng Grimmel??
daat gëtt mir einfach ze bedenken ... unhappy
Severine_ 17.07.2010 - 01:14
Villaicht welste keng gefiller hues ? Du bass wirklech gud dran comments se schreiwen ouni fangerspetzegefill, wei en elefant am porzelains geschaeft Jade closed_eye
JADE 17.07.2010 - 01:27
"Villaicht welste keng gefiller hues ? Du bass wirklech gud dran comments se schreiwen ouni fangerspetzegefill, wei en elefant am porzelains geschaeft Jade closed_eye "

jo, genau, ech mengen genau daat waert ët wuel sin ...
keng Gefiller, ouni Fangerspëtzengefill, Elefant, Porzelainsgeschäft ... passt nawell, zemols Elefant, dach, dach smile
Severine_ 17.07.2010 - 01:47
Ok, gud se wessen daste dech selwer als elefant gesais. Ech gesin du wels elo staark an sarcastesch wirken. Wat ech net verstin bei dir ass firwats du dir sou vill mei mess den leit deng meenung an dgesiit se drecken ? Wanste mir net konkret kans soen wat ech un mengem fotoen kan verbesseren, an deng gefiller an wierder kans ausdrecken, dan brengen deng comments mir net vill. Ech hun keng loscht an keng zait op forums gestreitereien dei zu naischt gud sin. Bass du och op ahneren forumen ugemellt wouste am fong naischt domat se din hues (welste jo hei keng fotoen vun dir weiss), awer deng weessheeten zum beschten gess ?
JADE 17.07.2010 - 02:49
Wanns du gutt lies, Severine, hun ech dir guer keng Kritik oofgin, weder positiv nach negativ.

Am Fong hun ech mech selwer gefroot firwaat esouvill Leit déi Foto esou exzellent fannen, an ech nët?
Mir gëtt ët ze bedenken, dass ech Saachen nët gesin, déi aanerer gesin ... méi war do nët an mengem Comment ze liesen.

Ech wees nët wisou, dass du esou reagéiers?
Ech gesin nët wou ech dech ungegraff oder verletzt hätt?

Wéi gesoot, ët war keng Kritik,
ët war eng Fro déi ech (mir) gestallt hun.
Dh:
Villäicht empfannen ech hei eben graad nët esou wéi all déi aaner, well ech keng Fotoen (wéi dir) machen, an dofir dann och nët wees wéivill Aarbecht derhannert stëcht? (obwuel daat fir mech nët onbedéngt een Kritère ass fir eng Foto gutt ze fannen)
Villäicht ass ët och einfach nëmmen well ech fir déi Foto keng "Antennen" hun?
Oder well ët schlussendlech einfach nëmmen eng affaire de goût ass?
ech wollt daat eben graad "fuerschen" ...



an och nach eppes:
wann ech dir, wéi all déi aaner, een positiven Comment geschriwwen hätt, häss du dann och vun mengen
"Comments ouni Fangerspëtzengefill",
"keng Gefiller hun",
"Weisheeten déi ech zum beschten gin"
"den Leit meng Meenung an d'Gesiicht drécken"
an vun mengen
"keng Fotoen op PG weisen" geschwaat? ........


Severine_ 17.07.2010 - 01:19
Merci jidderengem fir aer meenungen ! smile xo
Treverer 18.07.2010 - 12:40
fabelhaft!
Severine_ 18.07.2010 - 14:08
Dankeschöön !
OK-Photography 19.07.2010 - 20:35
top-job! bigsmile
tomdi 20.07.2010 - 08:43
Super Foto, ... super Serie, ... all Respekt.
endorphine 05.08.2010 - 13:24
wei cool
Thatxii 02.11.2010 - 15:34
Weiiiii geiiiil ass dei dann???! bigsmile
Michelle 27.03.2011 - 19:54
gefällt mer gudd smile
sirk 11.11.2011 - 17:04
WoW! Genial Idee an top emgesaat!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 400 Gäscht online