Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Self-Portrait

 
Self-Portrait
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.03.2006
  • Gekuckt:
    38326
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    1/15
  • Blend:
    f/3.6
  • Brennwäit:
    13.7 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x565
  • Späicherplaz:
    34 KB
  • Originaldatum:
    2006:03:24 17:49:25
  • Fotoapparat:
    KODAK DX6490 ZOOM DIGITAL CAMERA
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Schnappschëss
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
Extras:
GIMP

Fir anzesetzen: [pg_img=4725]
Kommentar vum Fotograf:
Bein, dëst Bild ass aus engem Schnappschoss entstanen. Ech soutz ënnert dem Daach Musék ze lauschteren an hun dobäi mäi Spigelbild an der Télé gesin well d'Sonn vun der Säit zimlech staark an d'Kummer gefall ass. Do hun ech mech also mol selwer an der Télé geknippst déi ausgeschalt war. Nach e klengt bëssi nobeaarbescht ass dun dëst derbäi erauskomm wat ech iergendwéi interessant fond hun well eben d'Luucht sou schéin ass. Lo wäerten nees vill Leit soen dass d'Photo zevill grobkörneg ass, ech wees ... Mee éierlech gesot stéiert mech dat hei absolut nët. Photo war jo och éischter e Schnappschoss, an d'Télé zimlech knaschteg. Mee d'Photo gefällt mir iergendwéi.
alma 27.03.2006 - 08:09
jo, foto huet eppes an sie passt bei dech einfach relax smile
ech haett vielleicht riets bei der armlehn gecropt, fir dei schwarz fläch mei kleng ze halen.
amBesch 27.03.2006 - 11:41
Hehe smile reeeeelax, richtch!
Jo, mat dem schwaarze Beräich op der rietser Säit, do hat ech effektiv och iwerluecht wéi ech den crope soll, ech war mer nët richteg eens gin a hu mech dun dofir entscheed fir ët eben sou ze maachen wéi d'Bild elo ass. Ech hätt effektiv vlaicht nach den helle Fleck ganz riets ofschneide kënnen, mee ech denken awer och nët méi, soss sëtzen ech vlaicht e bëssi zevill op der rietser Säit an ausserdem kënnt déi Stëmmung vum Bild wuel nët méi sou eriwer well ët dann wahrscheinlech insgesamt ze hell, bleech wierke giff. Mee bon, ass natiirlech och ëmmer Affaire de gout.
Merci fir de Comment!
pepe 09.12.2006 - 14:49
super foto!
Ech fannen den schwaarzen Bereicht grad richteg, doduerch daat net op dei hell partie centreiert get, kennt des mei als "Liichtbleck" an enger daischterer Emwelt, zur Geltung. Eleng deng pose (dei liicht geduckten Haltung, wei wanns de duerch en Lach geings spy'en, an combination mat dem "hellen Fleck", sonnenstrahl an engem daischteren Raum), an den HG droen vill zur ambiance an der qualiteit vun der foto bei.
Zwar froen ech mech ob et net besser ouni daat weisst Kessen wiir, mais dann wiir et jo och keen Schnappschoss mei.
tiptop!
amBesch 09.12.2006 - 18:52
Merci! Freet mech wann se der gefällt smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 401 Gäscht online