Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Donner a Bletz

 
All Fotoen an dëser Serie:
8545 Thumbnail
8546 Thumbnail
8547 Thumbnail
8548 Thumbnail
Donner a Bletz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.07.2010
  • Gekuckt:
    23634
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Originaldatum:
    10.07.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D300
  • Objektiv:
    Sigma 17-70 F2,8-4
Kategorie: Natur »» Blëtzer  
Extras:
Stativ, Fernausleiser.

Fir anzesetzen: [pg_img=47556]
Kommentar vum Fotograf:
Hei da mol e Versuch e puuer Bletzer anzefänken ... Ass guer net sou einfach ... Meechtens koumen dei bescht wann dei 30sek grad eriwwer waren an de Sensor erem zou war :)
Locke 27.07.2010 - 17:28
Spannen ech,oder as daat zu Tréier?
xda 27.07.2010 - 18:36
Bee daa ass zu Kaiserslautern smile
Locke 28.07.2010 - 00:31
är Uni as schon Copy conforme vun eiser zu Tréier an de Fernsehtuerm och nach, daat geet jo net closed_eye haptsach där hudd de Betzenberg, weinstens do kann eisen Moselstadion net mathaalen closed_eye
xda 28.07.2010 - 14:36
Hehe, kennen weder Uni nach Fernsehtuerm vun Treier smile Vleicht waren et jo dei selwecht Architekten smile
Chrissie 27.07.2010 - 19:34
ech fannen soueppes emmer meega impressionant smile ech haat selwer na nie d'gléck fier se ze erweschen.. unhappy
xda 27.07.2010 - 19:41
jo ech sin och meechtens net ob enger gudder (drechener) Plaatz an hun zoufälleg och en Kamera dobai wann et Bletzt ... Hei war op enger Feier bei engem Kolleg am 10 Stack vun engem Heichhaus .)
Chrissie 27.07.2010 - 19:50
d.h. du haas fenster nach dozwescht oder haas de do eng opgemaa?
xda 27.07.2010 - 19:55
Seng Terass ass iwerdaacht .) ech hun de Stativ op Terasse gestallt ... Am Ufank war daat och kee Problem ... wie d'Loft an de Reen mei hefteg gi sin hun ech awer missen apaacken ...
dr_kim_veis 27.07.2010 - 21:36
ech geing 2 & 3 sou enk croppen wei 4. D'staad an 1 dreit menger meenung no net esou vill bai...soss flott!
xda 27.07.2010 - 21:50
Jo dei 3 keint mei eng sin, bei der 2. wiren dann dei Bletzer rietz net ganz drop ... Bei der 1. keinst du och recht hun smile soss awer thx
dr_kim_veis 27.07.2010 - 23:02
du muss se jo net all d'selwecht croppen mais den ganzen schwaarzen negative space verrengert menger meenung no den impact
xda 28.07.2010 - 14:39
oki ... checken daat mol smile
Jeanny 29.07.2010 - 08:02
eng herrlech Serie
ech fannen du hues se wonnerbar erwescht
xda 05.08.2010 - 11:13
Villmols Merci smile
Keup 09.09.2010 - 13:49
Fannen dei 2t saugudd. Dei eischt geif ech ennen ofschneiden.
Wolleken geifen menger Meenung no mat Dodge an Burn na mei spektakulair wierken.

Cool Serie
xda 09.09.2010 - 14:18
hmm elo muss ech just nach rausfannen waat daat bei mengem Daitsche PS dann ass smile wann ech daat wees probeieren ech et mol smile
Keup 09.09.2010 - 14:26
Abwedeler an Nachbelichter fir eis deitsch Frenn closed_eye)))

Mess en neien Layer mat 50 prozent gro am Modus (ineienander kopieren) an dann wedels de do drop an dann kanns de nodreiglech den Effet bessen zereck zeihen)
xda 09.09.2010 - 14:29
Ah elo wees ech waats du mengs smile ech probeieren daat mam wedelen mol ...
Keup 09.09.2010 - 14:30
Voila closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 400 Gäscht online