Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Blummen mol anescht

 
All Fotoen an dëser Serie:
10128 Thumbnail
10129 Thumbnail
10130 Thumbnail
Blummen mol anescht
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.09.2010
  • Gekuckt:
    35635
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Originaldatum:
    2010:09:20
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D MarkII
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Blummen  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=49082]
Kommentar vum Fotograf:
Hun mol bëssen mam Zoom gespillt, daat hei ass dobai rauskomm.
KeeBlitz 20.09.2010 - 12:18
flott, do hätte mech d'Exif awer interesséiert
alex 20.09.2010 - 12:30
merci,
majo, déi 1. z.B. ass 24mm, f/22, 1/10s, ISO 100
ugefaang mat zoomen hun ech tëschent 105 an 70mm
déi 2. ass 50mm, f/20, 1/2s
déi 3. ass 50mm, f/6,3, 1/10s
smile
KeeBlitz 20.09.2010 - 16:52
et as mer net richteg kloer, wat fir eng Lens de gebraucht hues, ......bei den 3 Biller 25-105mm?
hu schon ähnlech Biller gemach, just emgedréint 70-200mm http://www.jpreitz.org/?p=255
alex 20.09.2010 - 17:59
jo, ass en 24-105mm, bei deenen 3 Biller, hun just ënnerschiedlech laang um Zoom gedréint.
ech muss mol probéieren, deen aneren Wee ze zoomen, flott Foto
KeeBlitz 20.09.2010 - 19:32
merci, hei as nach eng: http://www.jpreitz.org/?p=191
alex 20.09.2010 - 21:58
wow, cool déi do smile
Richie 20.09.2010 - 12:36
Flott. Dei 1. ass mega gutt
alex 20.09.2010 - 12:44
merci smile
déi gefällt mir selwer och am beschten
Jeanny 20.09.2010 - 12:54
eng cool Serie, Blummen mol anescht
mäi Fav. ass däi 2.
Hues de do un der Lëns gedreet?
alex 20.09.2010 - 13:03
merci Jeanny
Jo, d'Schärft manuell bei der 1. z.B op 24mm agestallt, dann gezoomt op 105mm (oder 70) an während dem Ausléisen dann den Zoom zereck gedréint richtung 24mm smile
Jeanny 20.09.2010 - 13:21
muss ech och emol probéieren smile
alex 20.09.2010 - 13:24
jo, kuck och dem Gennaro sein Kommentar (an meng Äntwert), hien huet (leider) Recht...
Jeanny 20.09.2010 - 15:27
OK, merci Alex
gtaddei1 20.09.2010 - 13:20
Jo fannen ech flott mé bei deser technik muss awer én dél foll Scharf sinn dann kritt et nach mei eng flott Visioun
alex 20.09.2010 - 13:23
Du hues Recht, ech weess, leider, ech muss nach eng Kéier mat méi engem stabilen Stativ probéieren, daat waat ech hei zur Verfügung haat huet beim dréinen vum Zoom zevill gewackelt
Merci awer fir dein Kommentar
gtaddei1 20.09.2010 - 13:32
Warste villeicht ze lues an den Zaiten ? De Flash erlaabt dir awer bis 1:200
alex 20.09.2010 - 14:46
bei 1:200 kriss de just deen do effet nët méi. Ech probéieren daat mol nach weider...
gtaddei1 20.09.2010 - 17:05
villeicht am 2ten rideau
alex 20.09.2010 - 18:01
ok, muss mol probéieren, merci
Todebo 20.09.2010 - 13:57
Schein, wierklech anescht!
alex 20.09.2010 - 14:46
merci
mischii 20.09.2010 - 21:42
gefällt mer gudd an hun och lo alles gelies, et ass wierklech fir mol auszeprobéiren
alex 20.09.2010 - 21:56
Merci Michèle, jo, probéier mol smile
Maxx 20.09.2010 - 21:53
Ganz flott. 3 ass wiirklech cool, vläicht well se sou abstrakt ausgesäit.
alex 20.09.2010 - 21:57
Merci Maxx smile
He-Lx 26.09.2010 - 23:08
Flott Effet'en
LG Henri
alex 27.09.2010 - 21:08
Merci Henri. Haat daat mol bëssi ausprobéiert smile
Bescht Gréiss

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 287 Gäscht online