Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Cyclocross ass geféierlech!

 
All Fotoen an dëser Serie:
10521 Thumbnail
10523 Thumbnail
10524 Thumbnail
10525 Thumbnail
Cyclocross ass geféierlech!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.10.2010
  • Gekuckt:
    33584
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    36
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport
2. Kategorie: Allgemeng »» Schnappschëss
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49516]
Kommentar vum Fotograf:
En Sonndeg um 1. Cyclocross zu Brouch.

Dem Fuerer ass naischt geschitt. Hien konnt direkt nees weider fueren.
Buddha 04.10.2010 - 20:28
hehe flott Serie smile
Hoffen en huet sech net wéi gedoen.
VeloBen 04.10.2010 - 21:05
Opp der Plaatz sin der puer gefallen. Do war vill Sand, also sin se ziemlech all mëll gefallen. Ausser bloe Plaatzen ass him naischt geschitt.
gtaddei1 04.10.2010 - 20:33
Ganz flott serie
VeloBen 04.10.2010 - 21:06
Merci! Leider war ech net ganz opp Zack bei der Situatioun , soss hätt ech mat der Serienbildfunktioun den Sturtz méi détailléiert "dokumentéiert" kritt.
gtaddei1 04.10.2010 - 23:19
Et ass dann fir eng aaner keier
VeloBen 04.10.2010 - 23:26
Eben! closed_eye
gtaddei1 04.10.2010 - 23:31
smile
suraki 04.10.2010 - 20:44
so do kritt een dach esou kleng Riedercher vir drunzemaachen ?bigsmile

eng flott Serie ! smile
VeloBen 04.10.2010 - 21:07
Merci ! Opp der Plaatz gun et steil eroof an deen ganzen Sand opp der Plaatz huet och net richteg Halt gin. Do hätten och keng "Riedercher" eppes genotzt! bigsmile
klex 04.10.2010 - 20:46
do kritt een dach och veloen di gemaat sin fir am bulli ze fueren closed_eye
gudd erwescht!
VeloBen 04.10.2010 - 21:09
Merci! heheh... als den Fuerer haat schon falsch ugesaaat mam Rad (cf. 1. Bild ) dunn konnt en just nach trëllen. Do hätt och en MTB net vill genotzt.
sylvie 04.10.2010 - 21:02
Dat ass jo gutt dass him naischt geschitt ass, geseit bessen béis aus.
Eng flott Serie cool
VeloBen 04.10.2010 - 21:10
Merci Sylvie. Jo ass alles gud gangen, do war vill mëllen Sand an. 2 Sekonnen méi spéit (cf. lescht Bild) dunn war hien nees opp den Been an ass weidergefuer.
Zodiac 04.10.2010 - 21:19
Hei hues du jo genau den richtegen Moment geroden fir den Serie. gefällt mer ganz gutt smile
VeloBen 04.10.2010 - 21:24
Merci ! smile

Sin trotzdem net 100%ig zefridden, hätt mat der Serienbildfunktioun nach méi missten "schéissen" opp deen Moment. Wéi gesoet hien war mer ze schnell gefall, well ech haat eignetlech een aneren Fuerer am Bild deen " propper " duerch deen Passage gefuer ass.
Zodiac 04.10.2010 - 21:29
jo dat ass oft esou an der sportsfotographie. Do gehéiert oft Gléck dobäi den richtegen Moment ze geroden well eben vill kann passéieren. Zemools bei Sportaarten wou vill Sportler dobäi sinn, do weess en oft net ob ween een sech soll konzentréieren. smile
VeloBen 04.10.2010 - 21:33
Du hues Recht Zodiac. Hun haut an enger Zaitschreft gelies: een professionnellen Sportsfotograf huet schon eng Fierahnung wéini aus enger Situatioun eppes interessantes geschitt.
Zodiac 04.10.2010 - 21:37
Jo dat kennt wahrscheinlech mat der Erfahrung. An wann ech deng Galerie esou kucken, gesinn ech dass du jo ferm am gaangen bass dorun ze schaffen.
VeloBen 04.10.2010 - 21:44
hehehe... Merci!

Sin awer nach een bluddegen Ufänger mat bescheidenem Basismaterial. Mee ech sin frou hei opp photogen.lu Kritiken an Verbesserungsfierschléi ze kréien, daat helleft mer firun.
mischii 04.10.2010 - 21:42
dee moment erliewt een sou richteg mat, gefällt mer ganz gudd
VeloBen 04.10.2010 - 21:47
Merci mischii ! bigsmile
War net esou geplangt daat Bild, mee huet sech eben einfach esou ergin. Dofier ass se och net 100%ig scharf. Do denks de net lang noh mat Blend, Iso, etc... do muss de einfach Gehier ausmaachen an dropp lass knippsen bis den Tëschenspaicher platzt! bigsmile
Jeanny 05.10.2010 - 07:25
dat kennt vir, ganz gutt festgehalen, do stoungs du ob der richteger Plaatz.
VeloBen 05.10.2010 - 18:29
Merci Jeanny !
Mochel 06.10.2010 - 08:57
no risk no fun soen se jo
VeloBen 06.10.2010 - 19:27
Eben ! Wann een schon net em den Sieg kann matfueren, dann muss een den Zuschauer wéinstens eng gutt Showw bidden ! bigsmile
Mochel 10.10.2010 - 09:30
du sess et, well esou get dann ewer vun engem geschwaat an et kennt een nach demno wei op Titelsait closed_eye
VeloBen 10.10.2010 - 13:39
Du sees et! 278 Klicks an enger Woche, seet schon villes! D'Lait wellen ennerhaal gin! closed_eye)
byFotoFous 06.10.2010 - 21:50
Trotz den pesch vun Fuerer awer eng gsnz flott Serie

Weider sou VelosBen, net dass du och na sou trels!!!
closed_eye
VeloBen 06.10.2010 - 22:01
Merci FotoFous! smile

byFotoFous 06.10.2010 - 22:20
closed_eye
VeloBen 10.10.2010 - 13:40
Ech trellen och oft. mee do ass nie eng Kamera dobai bigsmile
Mathieu 06.02.2011 - 20:14
Souvill zum Thema: den richtegen Moment erwëschen (;
VeloBen 06.02.2011 - 20:44
Hainsdo klappt et, hainsdo net. bigsmile
jorsch 06.02.2011 - 20:18
Oder: Zu Brouch goung de Velo ( bal ) zu Broch.
Flott Schnappschëss!
Et leit ee mat, wann een d'Biller kuckt.
VeloBen 06.02.2011 - 20:46
Merci !

Supert Wuertspill ! bigsmile
VeloBen 06.02.2011 - 20:45

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 438 Gäscht online