Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Äerdbiere

 
Äerdbiere
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.10.2010
  • Gekuckt:
    43012
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    Flash, strob return light detected
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    545 KB
  • Originaldatum:
    2010:10:17 09:25:15
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikon 50mm 1,8
Kategorie: Bewegung »» Misc
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:
Stativ, e Blëtz vir d'Äerdbiere an een vir den Hannergrond

Fir anzesetzen: [pg_img=49896]
Kommentar vum Fotograf:

Jeanny 18.10.2010 - 07:08
a schonns zaubers du eng wonnerbar Foto Christian , dat gëtt e Pouster fir an Kichen
ChLo 18.10.2010 - 10:29
Merci Jeanny.

Freet mech, wann se gefält.
Ech war nämlech eng Zäitchen amgaang, well no all Photoversuch, konnt ech d'Sprëtzer am Aquarium vir déi nächst Photo ofmaachen. smile
JohnJ 18.10.2010 - 07:43
Gutt emgesaat
ChLo 18.10.2010 - 10:29
Merci John.
gtaddei1 18.10.2010 - 09:08
Erdbieren matten am Hiescht... Importeiert?
Herrlesch flott
ChLo 18.10.2010 - 10:31
Si sinn aus den Boutique gewiescht. Mee mir haten der och nach am Gaart. Si waren zwar schéin rout, mä hunn net sou super ausgesinn (vun der Form).
shingo 18.10.2010 - 09:15
déi ass ganz extra ginn, Top!
ass daat nëmmen eng Photo.... well do hues de der jo bestëmmt missten vill maachen fir d'Erdbieren op ennger Héicht ze hunn?
ChLo 18.10.2010 - 10:35
Et ass just eng Photo. Mee et waren ongeféier 20 Versich néideg bis se mir gefall hat. Entweder hunn ech ze fréi oder ze spéit ofgedreckt.
An do zwëschen ëmmer nees d'Sprëtzer am Aquarium ofbotzen.
yoked_prism 18.10.2010 - 09:17
An et as erem Summer....
Flott Foto.
ChLo 18.10.2010 - 10:36
Merci. An dat Bescht, dono konnt ech d'Motiv iessen.
CocoW 18.10.2010 - 12:12
flott erfreschend Foto
ChLo 18.10.2010 - 12:38
Merci smile
suraki 18.10.2010 - 12:57
dat geplätschers ass ëmmer erëm flott zu kucken closed_eye
ChLo 18.10.2010 - 14:55
Merci.

Freet mech smile
Maxx 18.10.2010 - 13:09
ass super ginn
ech bewonneren déng Gedold... smile
ChLo 18.10.2010 - 14:54
Merci Maxx.
TseEll 18.10.2010 - 15:23
E richteg flott an erfrëschend Bild ! Mär géng et Spâss machen, do emol eng Kéier bei engem Making-of dobäi ze sin ...
ChLo 18.10.2010 - 16:45
Merci.

Wann ech dem nächst nach sou eng maachen, maachen ech och mol eng Photo vum Making Of. smile Ech menge dat ass eng gutt Iddi vir hei bei Serie dann hei drop ze setze.
Nicon07 18.10.2010 - 21:11
Do wier et besser ee Film vum making of ze maachen, mengs de net?
ChLo 18.10.2010 - 22:18
Mam Titel: "Das grosse Putzen" smile
Nicon07 18.10.2010 - 22:21
Zwar! smile
Laurent76 18.10.2010 - 15:59
Ech fannen esou Fotoen emmer flott....,
an well ech dei Fehlversich saat hat mam ze frei oder speit ofdrecken hun ech mir eng Lichtschranke besuergt...., an elo get mat Trockenübung Ausleisung festgesaat an dann brauch ech nemmen 1 mol Sauerei ewegmaachen...
ChLo 18.10.2010 - 16:41
Merci.

Ech hat och schon un sou eppes geduecht.déi vun Jokie ass nach am Preis OK, mä hunn et awer mol nach sinn gelooss, well et awer sou och nach zimlech gutt geet.
m-otiv 18.10.2010 - 16:20
ganz gelongen mam wäissen Hannergrond
ChLo 18.10.2010 - 16:37
Merci. Dat freet mech.

Ech hat mir extra en zweete Blëtz kaaft fir kënnen den Hannergrond aus ze liichten an sou weis ze kréien. Dat hei war mäin éischte Versuch.
sylvie 18.10.2010 - 19:21
Ech kann nëmmen soen, wow! Einfach schéin cool
ChLo 18.10.2010 - 20:17
Villmols Merci Sylvie.

smile
Schluck 19.10.2010 - 12:52
Ganz flott an gudd emgesaat
ChLo 19.10.2010 - 13:18
Merci smile
marker 20.10.2010 - 18:09
am richtege Moment ausgeléist..
excellent Photo, och waat d'Luucht betrëfft
ChLo 20.10.2010 - 19:17
Merci.

Dat freet mech, well ech hat mech bëssi mat der Luucht ameséiert.
Ech hunn mir extra en zweete Blëtz kaaft fir kënnen den Hannergrond auszeliichte an dat hei ware meng éischt Versich.
suraki 20.10.2010 - 21:23
an déi si gutt ginn smile
ChLo 21.10.2010 - 07:30
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 452 Gäscht online