Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Startpist fir dohinner...

 
Startpist fir dohinner...
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.11.2010
  • Gekuckt:
    77926
  • Favoriten:
    18 (Wen?)
  • Kommentarer:
    92
  • Beliichtungszäit:
    8/1 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    344 KB
  • Originaldatum:
    2010:11:25 01:06:25
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50982]
Kommentar vum Fotograf:
Zur Foto
Eng Lang Pose wou dourno just nemmen e bessi contrast dropp komm ass an eng Kleng Vignette. D'Fuerwen sinn d'Fuerwen vum Kodak Ultrachrom
deBaemm 26.11.2010 - 19:14
ech richen en Alarm... dee vun der Wochefoto! simplement magnifique!!!
gtaddei1 26.11.2010 - 19:22
Oh dat geif ech awer elo guer net soen ... Fir mech ass de Bisquit vum Miau einfach dei Foto ... ech wollt dei mir duerch de Schirm schnaapen goen
Awer villmols merci fir alles (y compris Fav
deBaemm 29.11.2010 - 00:04
closed_eye
gtaddei1 29.11.2010 - 00:21
smile
Scorpius 26.11.2010 - 19:20
Ganz schein an ganz symetresch. Ech liken smile
gtaddei1 26.11.2010 - 19:21
Merci fir de geliks ... sinn frou doriwer well dess foto net esou spieren ... wés net hunn dei mol eroppgelueden fir ze kucken waat d'Leit dofunnen halen
suraki 26.11.2010 - 19:21
wat ass dat dote flott smile)
gtaddei1 26.11.2010 - 19:23
Merci Ed ... wirklech oder nemmen well et eben esou ass ? sceptical
suraki 26.11.2010 - 19:33
dat ganzt as flott, de Verlaf vum brongen iwwert dat gréngt an d'blot eran,
de Quai Richtung Horizont mat sengem , an den gewölbtenen Horizont selwer.
super smile))
gtaddei1 26.11.2010 - 19:36
Oké sinn e bessi beruecht
thx fir de Fav
Mochel 26.11.2010 - 19:29
Genial mei , staark
gtaddei1 26.11.2010 - 19:36
thx very vill
thx och fir de fav
Mochel 27.11.2010 - 10:08
Op all mengen Inselvakanzen hun ech emmer rem probeiert esou eng Foto ze kreien, och wann een esou Fotoen wei Sand um Mier gesait an Boutiker hun ech et ni richteg hin kritt aus verschiddenen Grenn wei nach Landschaft ( Bierger ) um Horizont awer meeschtens waren Leit den Problem do am Daag oder zur bloer Stonn do sutzen, stungen a.s.w.

Meng bescht dei ech faerdeg bruecht un wor op der Insel Elba. Haat Chance dat do 5min keen wor.

Portoferraio



Mee nach eng Keier dei as top
gtaddei1 27.11.2010 - 10:38
Eben wou ech dess gemét hunn waret Oktober an et waren ongefeier 10 Grad ... Eng Herrlech eidel Plage mat hai an do Sonn an Hai an Do Wolleken
Mochel 27.11.2010 - 13:40
Daat as et. Tjo dann muss ech elo main Congé besser plangen next Joer closed_eye
Zora 26.11.2010 - 19:43
Manifico, do vir setzen mat engem Glas Schampes an ..... closed_eye
gtaddei1 26.11.2010 - 19:54
Merci Zora , ganz leiw vun dir ... é gliesschen ... dat ass eng gutt iddi ... op d'Gesondhét
Merci fir de fav
Zora 26.11.2010 - 20:09
Gär geschitt bigsmile
michal1993 26.11.2010 - 19:50
Einfach Genial !
gtaddei1 26.11.2010 - 19:55
Oh ... Genial ---- no menger ménung fill ze fill ouni elo de falschen Modest ze machen
Schluck 26.11.2010 - 20:02
Einfach TOP! Ech soën dozou einfach neicht mei ...
gtaddei1 26.11.2010 - 23:31
Merci villmols
Kwitchibo 26.11.2010 - 20:31
Klasseg mee guud gefällt!
mbG
Zampano 26.11.2010 - 20:37
sehr schöne Farben, super...
Kwitchibo 26.11.2010 - 20:48
yep
gtaddei1 26.11.2010 - 23:31
Danke an merci.
Jeanny 26.11.2010 - 20:51
a geseet super aus, herrlech Faarwen
gtaddei1 26.11.2010 - 23:32
Merci jeanny. Sinn frou dat et gefaellt
Maimonides 26.11.2010 - 20:58
Dat Haart an dat Douce,
de Mënsch an d'Natur
"et les horizons ne sont pas pareils",
an trotzdem:
panta rhei,
di eng méi séier
an di Aner,
méi lues.

TOP-Foto, Gennaro.
gtaddei1 26.11.2010 - 23:37
Na ja , awer all ginn Mir dohinner, wien eischter an dei aner mei lues. Mais Wei schein , Mir liewen fir eng sprungschanz ze bauen.
Op enger sait donkel op deer aaner hell, me dohannen ward et emmer hell sinn. An wan donkel , Ben dan ass et eben donkel smile
Maimonides 27.11.2010 - 15:44
Oder:
mir bauen eng Sprungschanz
fir dass anerer wëssen
dass mir
net vir Näischt
gelieft hunn.
gtaddei1 28.11.2010 - 01:00
Na ja ... wat ass de But vum Liewen
Eng Sprungschanz oder dess hai?
Le cadeau

glecklech opzeien ?
Maimonides 28.11.2010 - 16:29
De "but vum Liewen"
ass net, fir jiddereen,
deen Selwechten !
Leider.
gtaddei1 28.11.2010 - 22:57
Ah do sinn ech jo total mat dir d'accord... Mé de But vum Liewen haengt nett vun der Ménung vun judderengem wei én sech sein Liewen struktureiert, mé wat d'Natur ënnert dem But vum Liewen verstét... Dat ass dat eischt wat dégénéreiert huet beim Mënsch... Hien wés oft guer net mei virwaat hien hai ass. An dann frét hien sech firwaat hien Stierwen muss... hien wés mol net firwat hien Liewt.

Maimonides 28.11.2010 - 23:04
D'Spiritualitéit geet fleeten...
gtaddei1 28.11.2010 - 23:07
Oh dei as guer net mei do .... alles oberflàch ... nix deift. Nu jé ... Weivill Spiritualiteit war am Mëttelalter? Wat fir eng haaten d'Reimer?
Weini waren mir schons spirituell?
Religiös jo , mé weini Spirituell?
Ech mengen nie
Maimonides 28.11.2010 - 23:18
Am "Val Camonica", zb, do war se nach, d'Spiritualitéit, an den Emmanuel ANATI weess dovun ze zielen.
gtaddei1 28.11.2010 - 23:47
Absolut... mé du mengst dass mir dei ... lues an lues verluer hunn oder dass mir dei elo op de Wé leien loossen
Maimonides 29.11.2010 - 00:07
Mir hunn se nach, d'Spiritualitéit, jiddereen fir sech, seng eegen, privat a schrecklech egoistesch, an hunn vergiess dass mir keng Unikume sinn. Eenzel Mënsch sinn ass néideg, mais richteg (iwwer)liewen kënne mir nëmmen zesummen, solidaresch a spannend.
gtaddei1 29.11.2010 - 00:20
Jo dann sinn ech mat dir d'accord dass d'Spiritualiteit am gangen ze verschwannen ass , dei ma richtechen Sënn vum Wuerd... naemlech
D'Recherche vun der Befreiung vum Egoismus, Egozentrismus an Habgierde.
D'NaechstenLiebe quoi... wann Liebe die Anderen wie dich selbst... dann vergiessen mir einfach dén eischten Dél vum Sprachwuerd an soen:
Liebe die Anderen die dich Lieben ... ouni dem Wuerd "Liebe" dén Richteschen Sënn ze ginn.
Hmmm sinn villeicht e bëssi pessimistesch ... oder?
Maimonides 29.11.2010 - 20:57
Respekt virun deem Aneschten,
an Akzeptanz vun senge Partikularitéiten:
am laanggezunnenem Kader vun de Regelen
déi Zesummeliewen regéieren,
esou soll et sinn.

Am thumb, Gennaro, gesinn ech iwwregens eng Pyramid.
An dat ass d'Essenz vun der Spiritualitéit, zumindest mol bäi deenen alen Ägypter....
gtaddei1 29.11.2010 - 21:48
Jo , dat mat de regelen haengt natirlech of mat wien een doriwer diskuteiert. Ech war emmer e bessi iwerzeecht dass wann een probeiert , soen mir "spirituell" ze sinn, dann behuelen mir ais no de regelen vun eisem wiesen. Sinn mir elo fundamental gutt oder schlecht , keint en dorobber aentwerten, waer awer eng interessant fro.
D akzeptanz, ass jo neischt anerschters ewei, liebe die anderen wei du dech selwer, natiirlech no de gesetzer vum allermeschtechen, den mir kennen. Jo den kennen mir well mir een sous ensemble vum
Ganzen sinn, sou kennen mir och seng regelen.
An elo virwaat sinn dei regelen esouzesoen nie redpekteiert.
Voila een diskour vir bei enger gutter flesch an bei engem flotten blues ze setzen.
De flucht ... Punkt ass d spetzt vum dreieck
sylvie 26.11.2010 - 21:38
Oh wie schéin, einfach wow cool
gtaddei1 26.11.2010 - 23:37
Merci sylvie fir den erstaunungs ruf
yoshi 26.11.2010 - 22:24
ganz schéin! d'faarwen an d'luucht gefalen mer super gudd.
deen faarwtoun passt perfekt smile tiptop!
gtaddei1 26.11.2010 - 23:39
Thx very much, et keint awer besser sinn, villeicht mat e bessi manner kontraster? Me dann bedeit dess manner
yoshi 27.11.2010 - 01:01
Mir gefalen och grad d'kontraster gudd, also ech fannen se richteg gudd! Mecht sech bestemmt gudd als Pouster. smile
gtaddei1 27.11.2010 - 09:24
Op toile. Villeicht.
yoshi 27.11.2010 - 13:07
jop
Poly 26.11.2010 - 22:31
kolossal, déi déift an déi Faarwen den Hit cool
gtaddei1 26.11.2010 - 23:40
Hit .... Vum engleschen... De schlaach.
An symbolic? Cf Maimonides
Merci villmols poly
Poly 27.11.2010 - 10:15
du wiers laachen wei ech elo se nach eng kéier gekuckt hunn, hunn ech mer Gedanken iwwer den Titel gemaach, an do ass dat mer eréischt agefall mat der Symbolik,well ech därmoossen op dat Bild fixéiert war, de Wee fir an den Himmel oder bal wei "starway to heaven"smile
gtaddei1 27.11.2010 - 10:36
Ahhh Stairway to heaven ... né hai flitt én an den Himmel , guer neischt brauch én ze machen dofir ... mol kén Trepplek erop ze goen... Wusch an dann ass én fort ... Nie mei do!
lol
smile
Poly 27.11.2010 - 12:30
bigsmile
gtaddei1 27.11.2010 - 12:35
lol
gtaddei1 26.11.2010 - 23:41
Merci fir dei favs, haat ech Mir net erwaart
ZerberuZ 27.11.2010 - 11:45
Startpist fier an d'paradis ?
d'foto ass einfach nemen wow .. perfekt
gtaddei1 27.11.2010 - 12:09
Merci ...
Startpist fir l%u2019au-delà ... op dat elo paradis ass ... ????
Et keint och zum NEISCHT sin ... na ja

Ewei dess?
http://www.flickr.com/photos/shantideva/5194852339/in/photostream/
http://www.flickr.com/photos/shantideva/5199175096/
Eng e bessi aner visioun vum au-delà an de Wé dozou
Den Auteur: Et ass nach egal wat hien do mengt ... ech gesinn dei elo esou
NikonD80 27.11.2010 - 12:28
eng super Foto, de Rescht ass gesot smile
gtaddei1 27.11.2010 - 12:35
Merci villmols smile
Pelz 27.11.2010 - 14:43
Eng Foto mat Wow-Effekt! Super gerooden!
gtaddei1 28.11.2010 - 01:02
Merci ... De wow Effekt geheiert der Natur .. an é ganze bessi de Computer
Thx
TomEwert 29.11.2010 - 00:00
déi huet verdengt gewonnen !
wor mein fav.
gtaddei1 29.11.2010 - 00:05
Merci ... ech hunn mol net gemierkt dass dess gewonnen haett ...
Merci villmols
gtaddei1 29.11.2010 - 00:06
Merci zu allen dei fir dess Foto gewielt hunn ... mein fav war eng Foto dei mech emmgerappt huet , dem Miao sein Bisquit.
Maimonides 29.11.2010 - 00:24
Dem Miau säin "Bisquit" war och mäin Fav, an direkt do hannendrun: deng "Startpist...."
Bravo.
gtaddei1 29.11.2010 - 00:26
Merci Charel.
Dem Miau seng Foto ass dat flottst wat ech des lescht Meint gesinn hunn
Maimonides 29.11.2010 - 20:48
Richteg.
m-otiv 29.11.2010 - 09:25
Haat déi ganz verpasst....fannen se genial an wuel verdéngte FvdW...
Dem Miau sein Bisquit war awer och meng prognose.
Gratuléieren...
McQueen 29.11.2010 - 09:30
ech ennerschreiwen beim Vito....
Congrats Gennaro !
gtaddei1 29.11.2010 - 09:54
Merci Jongen... natirlech sitt dir och ganz leiw.
Keup 29.11.2010 - 09:55
Sichen seit Joeren schon esou en Steg (Pier).
Respekt ass wierklech saugudd.
gtaddei1 29.11.2010 - 09:58
Cape Cod am Massachusets (70 milen vun Boston, südlech)
Merci fir de Comment
Keup 29.11.2010 - 10:06
Ass noteiert merci. closed_eye
gtaddei1 29.11.2010 - 10:28
smile
Ganz flott plaatz
Keup 29.11.2010 - 10:45
Ass souwisou eng Geigend dei mech interesseiert. Sichen den Pier closed_eye
Locke 29.11.2010 - 10:33
Dito Yves smile um Plansee war een, mee dee war net grad sou toll wei deen hei closed_eye
Keup 29.11.2010 - 10:45
Ok Plansee ass och noteiert closed_eye TY
Locke 29.11.2010 - 10:51
Plansee Pano


dei do as vun dem Steg roof geknippst closed_eye
Keup 02.12.2010 - 14:58
Ganz Flott. Och dei do Plaatz ass dann elo noteiert closed_eye TY
Kleent 29.11.2010 - 10:00
Gléckwonsch! Verdengt Foto vun der Woch!
Eng super Foto!
gtaddei1 29.11.2010 - 10:28
Merci villmols
Gaga 29.11.2010 - 14:55
dei hun ech 2x verpasst!
wow, super Gennaro, gut getraff dei do !

gtaddei1 29.11.2010 - 14:56
3 x wier jo net mei acceptable gewiecht
Merci Marco.
xaph32 29.11.2010 - 15:33
du haas dës woch extrem vill konkurrenz, vill schéin fotoen
an du hues d'foto vun der woch
kompliment
gtaddei1 29.11.2010 - 17:18
Merci villmols Xaph
dat ass emmer gutt fir den Eiergeiz ,,, dat Motiveiert...
Nu je , an menger "spezilaiteit" d.h. Urbex , ass nie eng "beleiwten" Foto komm (muss natierlech net eng WF sinn).
Tandis que , an der Natur, Landschaft, City, an Street ass mei beleiwt.
Wann én elo kucken gét an den Concourer as et de Contraire ... én besonneschen Phénomen
Wann awer én elo analyseiert wat fir eng Auswahl an der WF waren , dann huet dat mech schon erstaunt dass desst erausgewilt ginn ass (mat Fréd natirlech fir mech).
Ass et den Eyecandy? Ech mengen nett op deser Foto, et ass villeicht d'Deift, eng Vue dei dech net lassleisst? Villeicht ass et dat?
xaph32 30.11.2010 - 09:01
ben en eyecandy ass et schon, schon wenst den farwen, me d'déift ass genial, einfach eng gutt foto!
gtaddei1 30.11.2010 - 11:59
Thx... smile
suraki 29.11.2010 - 21:42
gratulatioun smile
gtaddei1 29.11.2010 - 21:49
Thx ed...
crici 08.06.2011 - 18:25
Fannen bei deser Foto eimnfach alles genial flott. Wann ech dei Foto hei sou gesinn hätt ech am leifsten Locht mech och dohinn ze setzen an dat schein hellblot mier do ze sprangen smile Fuerwlech hier, en Meechterwierk smile
gtaddei1 09.06.2011 - 12:33
Merci villmols...
Dohinner goen ... jo am Oktober November well et ass d'Plaatz wou villeicht den scheinsten Indian Summer ass

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 363 Gäscht online