Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lisa

 
Lisa
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.12.2010
  • Gekuckt:
    36347
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f5
  • Brennwäit:
    50mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    studio
  • Beliichtung:
    -5
  • Gréisst:
    532x800
  • Späicherplaz:
    155 KB
  • Originaldatum:
    11.12.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    50mm f1.4D
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=51429]
Kommentar vum Fotograf:
An hei dem Lisa sein 1ste Shooting...Hunn eppes neies probéiert matt deem ofdonkelen...wollt wierklech seng wonnerschéin grouss blo Aen betounen....de ganze Rescht ronderëm hat mech ëmmer nees ofgelenkt...also weg damit..
Kritik a Rotschléi wéi emmer wellkomm, merci
Richie 14.12.2010 - 11:14
Also main Bléck fällt nëmmen op d'Aen an ech kreien en net mei erof. Einfach nemmen Top
m-otiv 14.12.2010 - 12:44
Merci och hei
pfoto 14.12.2010 - 11:36
Ech fannen se och megaflott !!
Fav.
m-otiv 14.12.2010 - 12:44
merci smile
Jaqueline76 14.12.2010 - 12:21
nit ganz Dito...wanns de hallef Photo hölls dann bleiwt de Blëck op den d'Aan, ganz Photo betruecht, de Schied lenks an Könnhaltung weisen no önnen an de Blëck geet Richtung Decolté.
Fir d'Aan rischteg schéin ervirzehiewen hät Lisa de Kapp e besse miisten hiewen...mool main Avis...
m-otiv 14.12.2010 - 12:44
wier awa schued den décolté wäsch ze lossen closed_eye

An ganz éierlech, froen Ech d'modelen mam Kenn liicht erof ze goen, fir dass de Bléck méi vervuerreresch ausgesäit...Wann sie eben wie hei, liicht no uewen kucken...mä den lieswee ass definitiv: Aan dann Décolté
xda 14.12.2010 - 12:57
schon cool dei do smile
m-otiv 15.12.2010 - 11:23
merci villmools
KeeBlitz 14.12.2010 - 14:16
eng super mise en scène fir d'Aen (an den Decolletéclosed_eye, awer

-ech spiren di Foto e bëssen erdréckend fir de Model. doduerch, dats de ofgedonkelt hues an de Kënn no ënne geriicht ass, kréien ech e Gefill vun immensem Gewiicht op dem Kapp an de Schëlleren vum Model. De Model schéngt verschotert an ënnerdréckt

-den Ausdrock vum Mond ass mer net genug verführeresch, dréckt Onsecherheet aus, wat rëm zum Androck vun Onwuelsin féiert

.....ech schreiwen dat hei net fir deng Foto dout ze maachen, mais wëll ech feststellen, dat sou kleng Detailer d'Stëmmung kënne briechen, obwuel Beliichtung, PP asw alles super gelongen ass. A genau déi Detailen kann een net ëmmer 100% op dem klenge Bildschierm erkennen......
m-otiv 15.12.2010 - 11:30
hmmm....also wéi Ech schon gesoot hunn, et war sein éischte shooting, hat huet och nemmen 17 joer, also Onsécherheet kennt bei mir och eriwwer....Den Kenn no ënnen, dat ass meng Schold...méng uweisung....hunn di selwecht foto wou de Kenn net no ennen geet (an de bléck no uewen) an di hunn Ech manner ausdrocksvoll fond... Ech (perséinlech) fannen dass e "bond" also e "lien" entsteet....Ech fillen emotional wéi wann Ech an senger Séil géif gesinn
KeeBlitz 15.12.2010 - 12:05
dat ass ok fir mech, et war just mäin Gefill zur Foto cool
Gaga 14.12.2010 - 14:24
wow deep blue something oder esou ....
smile

m-otiv 14.12.2010 - 15:33
tollen titel... closed_eye merci Marco
DenShadoW 14.12.2010 - 16:17
Super Vito... Ech fannen daat oofdonkelen fier datt seng super liichtend blo Aaen erausstiechen gutt gelongen... Maer gefällt se immens gutt smile
m-otiv 14.12.2010 - 17:09
merci villmools...an och fir den fav
TomEwert 14.12.2010 - 17:22
also vun der beliichtung hiir ass se duerchdacht, ech schaetzen awer dass du en dri gemeet hues well d gesiicht mer op verschidden plaazen net (logesch) ausgeliicht ausgesait. virun allem deen hauttoun ennert dem rietsen aa leisst mech en bessen zweifelen ;)

eng fro : hues du seng apenhoer retoucheirt ? geseit en bessen aus wei wannste douce driwergestempelt haess?

ech fannen perseinlech dass d aaen am verglach zum recht vun der photo einfach zevill kontrasteirt sin, daat ass awer warscheinlech wei emmer eng affaire de gout.

an weinst der decollete geschicht smile) dir kuckt alleguerten nemmen dohinner well der dohinner kuckt bigsmileD leit also net nemmen um vito. woubai d linnen vum sweater natiirlech den bleck no ennen feiren. smile
m-otiv 14.12.2010 - 17:56
Tom .... Hei ass alles retouchéiert smile ... Aen, Ae-Reefer, Haut, Luucht (Dodge and Burn)... etc..

Kanns jo mol an fullres kucken: Link
TomEwert 14.12.2010 - 18:15
hun mer jo geduecht dass do genuch retoucheirt gin ass ...
mais elo an der full resolution hun ech elo awer mein klengen verdacht bestaetegt... seng apenhoer sin net ganz stein retoucheirt ... virun allem dei lenk wou se zur nues hun ausleeft ... do sin stempelspueren ze gesin, daat ass daat waat mir virdrun opgefall wor.
m-otiv 14.12.2010 - 18:36
majo dann...do ass naischt gestempelt ginn smile... egaal
TomEwert 14.12.2010 - 19:13
xD ah bon .. strange well do sin verschidden strecher, d selwescht greisst en puer mol ennereneen bigsmile
Pixelman 14.12.2010 - 17:32
Fannen ganz gut gelongen, d'Aen sprangen baal aus dem Bild eraus. Ech denken daat kennt dodueger, dat den Kontrast an der iewechter Partie vum Bild méi grous ass ewéi ennen, daat has du secher esou gewollt ? smile
m-otiv 14.12.2010 - 18:02
Merci villmools...Jo wéi gesoot, hunn probéiert den betrachter sein bléck ze guidéieren Richtung Aen, dann Décolté
Zora 14.12.2010 - 18:23
Also ech hun selwer blo Aaen, an sin begeeschtert closed_eye
m-otiv 14.12.2010 - 18:41
merci Zora...freet mech
Jeanny 15.12.2010 - 06:46
herrlech Vito, eng wonnerbar Aarbecht
suraki 15.12.2010 - 12:42
méi gôut ass hei getraff ! closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 496 Gäscht online