Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wanterlandschaften s-w

 
All Fotoen an dëser Serie:
12422 Thumbnail
12423 Thumbnail
12424 Thumbnail
12425 Thumbnail
Wanterlandschaften s-w
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.01.2011
  • Gekuckt:
    36760
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D700
  • Objektiv:
    Nikkor 50mm 1:1,4 G
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52023]
Kommentar vum Fotograf:
En puer Landschaftsbiller aus dem Dezember, wou nach Schnéi lung.
Dei 2 eischt hun ech enenrwee vun Eschduerf ob Heischend am Niwwel gemaach, dei 2 aaner zu Esch/Sauer.
AalenKnipser 06.01.2011 - 20:23
Gefällt mir gudd!
ApplEric 06.01.2011 - 20:44
Villmols Merci!
Blimchen 06.01.2011 - 21:44
wonnerbar smile
ApplEric 06.01.2011 - 22:27
Merci meng kleng Blimi!
Du wors jo och derbei, häss just dein Fotosapparat gebraucht! closed_eye
Blimchen 06.01.2011 - 22:29
jo schein doof
Mochel 06.01.2011 - 22:25
eng flott Serie den Niwwel brengt daat gewesen eppes mat
ApplEric 06.01.2011 - 22:27
Villmols Merci!
Niwwel ass emmer herrlech! closed_eye
McQueen 06.01.2011 - 22:49
Ganz flott deng Serie...effektiv den Niwwel brengt hei den klengen Extra
Hues du schon probéiert bei denen 2 eischten daat schwarzt mei ze betounen?
ApplEric 07.01.2011 - 12:49
Villmols Merci!
Jo, ech hat schons probeiert bei den 2 eischten mei Schwarz dran ze kreien, mee ech hu fonnt dass de Baam dann ze kontrastreich gëtt an den Niwwel net mei sou erkennbar ass...
Flaicht muss ech mech mol nachemol dru setzen. Merci! closed_eye
gtaddei1 06.01.2011 - 23:45
Flott serie foller wanter Ambiance , e ganze bessi mei textur am Schnei waer net schlecht gewiecht awer trotzdem flott
ApplEric 07.01.2011 - 12:50
Villmols Merci!
Ech wollt d'Fotoen am Ufank net all S-W roplueden, grad well een dann mei Struktur am Schnéi hätt, ma am SW hu mer se besser gefall, zevill Kontrast wollt ech awer lo och net matt rabrengen, well dann d'Atmosphär net mei dei selwescht gewierscht wirr.
Jeanny 07.01.2011 - 06:40
ganz flott Serie, däi éischt gefält mir am beschten
ApplEric 07.01.2011 - 12:51
Villmols Merci! closed_eye
Gaga 07.01.2011 - 13:56
tip top, ech hun mol keng gemach ... schlemm schlemm ...
mais ech wees net wous de dei do gesin hues tescht Eschduerf an Heischend ?!?
As daat kuerz firun Eschduerf ?
ApplEric 07.01.2011 - 19:41
Villmols Merci!

Dat ass wanns de vun Eschduerf ob Heischend fiers, beim Baurenhaff derzwescht wou och lo den neien Pompjeesbau gebaut gett am Feld do.
Gaga 07.01.2011 - 19:52
Neien Pompjeesbau ? hein ?
den "Aale Besch" ?
hmm, do fueren ech 2x den Daag lanscht, as jo am Fong t'Verlängerung vun der Strooss wou ech wunnenbigsmile ... net eremerkannt !
Mengen du muss mier hei mol eng keier t'Geigend weisenbigsmile
ApplEric 07.01.2011 - 22:12
ma wanns de vun Eschduerf ob Heischend fiers, dat ass jo dei Streck wou enenrwee deen grousse Baurenhaff ass. An do dernierft gëtt rem gebaut, souweit ech weess gett en neien Pompjeesbau fier Heischent Eschdreff an Medscheed gebaut, ech hun allt geduercht et wirr do. closed_eye
Gaga 08.01.2011 - 00:05
Den Pompjeesbau get direkt nom läschten Haus riets zu Eschduerf gebaut mengen ech. Mais ech denken ech wees elo wou ...
VeloBen 07.01.2011 - 18:31
Flott Serie. 1 an 3 fannen ech flottesten.

Waat fier eng Blende haas de dann do bei der Foto 2 ? Do wier et besser du hess ob een Objet scharf gestallt. Well esou ass leider alles bessi onscharf.
ApplEric 07.01.2011 - 19:40
Bei der Foto 2 hun ech Blend 3,5 benotzt an ob den Baam fokusseiert, deen och schaarf gin ass, dat hun ech och bei 100% Vergreisserung am Aperture nogekuckt, do kann ech der versecheren dass den Baam Schaarf ass. Kann flait sen dass duerch den Niwwel an bei 900px 72dpi Komprimeirung et onscharf ass, ob mengem Mac ass en zwar och hei schaarf.

Villmols Merci awer, freed mech dass d Serie gefällt. closed_eye
VeloBen 07.01.2011 - 19:52
Uuppps... Pardon haat ech elo iwersin! bigsmile Et ass een net gewinnt daat een objet am Niwel an am Hannergrond scharfgestallt get. Tiptop dann!
ApplEric 07.01.2011 - 22:14
Jo, hun et mei flott fonnt wei fier schaarfzestellen, well den Baam mei intressant ass, an den Bleck duerch den Zonk ob den Baam geleed gett.
Ass ob den eischten Aableck, ech gin et zou, ongewinnt, well en sou drubbleg duerch den Niwwel ass. Mee en ass awer schaarf, gesin d'Foto nämlech den ganzen Zeit, hun se als Desktophannergrond. closed_eye
VeloBen 07.01.2011 - 22:53
Maja.. du hues dir jo wierklech puer Gedanken gemaach an een Superresultat ass dobei erauskoom !
He-Lx 08.01.2011 - 16:35
Esou Opnahmen gefale mer gutt. Mäi Fav ass dat 2. vun lenks.
LG Henri
ApplEric 08.01.2011 - 20:23
Villmols Merci!
Dat liest een gäer dass d'Fotoen gefaalen. closed_eye
gloda 09.01.2011 - 11:13
Nummer 3 ass immens!
ApplEric 09.01.2011 - 12:33
Oh, villmols Merci! closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 398 Gäscht online