Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Processing Power

 
Processing Power
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.04.2006
  • Gekuckt:
    18068
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1500x537
  • Späicherplaz:
    138 KB
  • Originaldatum:
    2006:04:15 17:26:08
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro  
Extras:
Vill Prozessoren, an daat nämlecht wei daat bild vun virdrun.

Fir anzesetzen: [pg_img=5203]
Kommentar vum Fotograf:
Mjo an hei nach eng ganz Band vun Prozessoren. Et as gewollt datt den 386er schaarf as. Mee wann een wellt kann ech muer nach dei iwerall schaarf eroplueden..

Den 386 DX 25 war deemols een ganz speziellen an raren Prozessor, an deen sou een doheem haat, deen war glecklech. Et war een deieren Serverprozessor. Deemols mat 10 MB Ram war et mäin Beischt :) huet souguer Windows 95 gepackt :) War mäin 2ten Computer.

Op deem Bild sin :
386 DX 25
Pentium I 66, 90, 120 an 200
Pentium I MMX 166 an 200
Celeron 400
Pentium III 733 an 866
Pentium III Mobile 750 an 1000
elmuzo 16.04.2006 - 01:35
Eng historesch Foto. Ech vermessen en 286er, oder ass mäin Bléck troubléiert.
dawnii 16.04.2006 - 16:56
een 286er haat ech nie.. Mäin eischten PC war een Intel 8088 an engem Laptop (15 Kilo schweier!! mat Meiglechkeet fir een integreierten Printer an Plasma Ecran!!). Daat heiten as och alles sou gesammelt aus aalen PCen vun der Aarbescht. Et feelen der nach usech vill, vun 486 (haat mäin Papp een, DX4/100) iwer AMDen an Cyrixen. An e puer vun mengen aalen PCen dei laafen nach all.. Ok den Pentium 100 an den 200MMX (emmer onbewosst op 233 iwertakt..) hun ech och net mei. An dei haat ech irgendwei net sou opereiert wei mäin 386er. Mee den AMD XP 2200+ geet nach (huet mäin Papp) den PIII 866 huet meng Schwester, an den AMD 64 3400+ an 4000+ dei sin all Daag bei mir am Gebrauch.
ApplEric 16.04.2006 - 11:36
Hmm, a wou senn do d'Apple-prozessoren?bigsmile. Also, gefällt mer dei Foto matt den aalen Prozessor-chips. An dei nei Macs hu jo lo Intel, vun dohier ass et an der rei. smile
dawnii 16.04.2006 - 16:58
Op der Aarbescht sin d'Macen nach reischt am kommen.. ech haat just 2 aal Prozessoren och dovun, een Motorola mat 33 MHz an een 233Mhz.. deen leschten war awer leider un enger Platin ugeleid op X Punkten an deen hätt ech net gudd erof kritt.. an d'Platin selwer as net onbedengt schein..
Ausserdem sin op deser Foto och nemmen Intelen, an daat hun ech dann sou gehaal.
ApplEric 16.04.2006 - 20:08
jop, ass trotzdem gudd ginn deng foto, an intel ass jo och kee schrott. Och wann d'apple chipen den Intel emmer iwwerleen waren. (se haate jo och deck reklam deemols dermatt gema) mee dei nei Intel senn och super.
dawnii 16.04.2006 - 23:54
Ech selwer sin ganz perseinlech keen Intel Fan, ech hun heiheem AMD 64 Leeschtung an sin mei wei frou do driwer (as immens am 3D Raytracing).

Bei Apple as just witzeg : lo soen se beemol mat Intel Prozessoren wieren se X % mei schnell wei virdrun, an dei Prozessoren sin just Laptop Prozessoren (Centrino, Dual an Single Core, näischt spezielles, an nach emmer mei lues wei een fetten P4 oder AMD 64). An erstaunlech war awer datt een G4 schon mei schnell wei een P4 sollt sin?? hun ech ni verstaan smile

An ech muss soen : ech hun lo well 2 Intel Macen am grapp gehaat an war bis elo vun der Performance beis enttäuscht.. Et leeft wei een normalen Linux op engem PC mei net.. mat chance däerf ech geschwenn een Mac Quad G5 installeieren.. mol kucken..
icemc 17.04.2006 - 10:58
tja, Mac-Intels sin och weider naischt wéi di nei Intel P4 (ouni Netburst Techn.) single/dual core, an déi sin alleguer am Schiëd vun den Amd X2'en closed_eye
Apple huet sech eben fir Intel entscheed, well déi als Firma vill méi grouss sin, an eben vill Ingenieuren fir Apple bereetstellen konnten...

Deng Foto fannen ech allerdéngs immens gutt, d'iddi an den Opwand sin net schlecht! closed_eye Déi Motivatioun misst ech hun, fir mol erem e puer fotoen ze maachen... sad
dawnii 17.04.2006 - 19:31
Mac Intel as dach mei no um Centrino wei um P4??
Val 16.04.2006 - 12:17
Gute Idee seinen ganzen kram den man so hat, mal zu Fotografieren !
benem 17.04.2006 - 15:47
Hm den Hannergrond as net wierklech waiss, deen muss waiss-waiss senn smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 480 Gäscht online