Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

den nächsten Chrëschtmaart ...

 
den nächsten Chrëschtmaart ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.01.2011
  • Gekuckt:
    24233
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    5/1 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    26 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x566
  • Späicherplaz:
    170 KB
  • Originaldatum:
    2011:01:21 17:09:40
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 550D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52480]
Kommentar vum Fotograf:
... kennt bestëmmt.

Gëschter Owend zu Déifferdeng hunn ech kuerz misse stoe bleiwen :)
gtaddei1 21.01.2011 - 17:56
Jo den Depot vun den Buuden ... heut der Deiferdenger Community schon e batz geld kascht ... deiferdeng emzewandelen un eng Minett Morsine
suraki 21.01.2011 - 19:18
merci Gennaro,
d'ass hält en Tëschelager, ech kennen awer den en oder aneren do vun der Gemeng, wells de en vir virun d'Dier ?bigsmile
gtaddei1 21.01.2011 - 19:35
Ma nö ... ech hunn gespasst... Freier sinn d'Aarbechterkanner just de Kléschen sichen gangen an waren iwerglëklech... elo ginnse all Daag de Kléschen sichen an sinn frech wei Lausbouwen... an dann ginnse Langlaaf machen am Gerlache. Mir sinn Schlitt op de Bierg sausen gangen ... D'Haenn gefrour an de Nélchen an d'Feiss
suraki 21.01.2011 - 21:02
d'Zäiten änneren Gennaro closed_eye
Zora 21.01.2011 - 17:57
Nee, daat sin keng Toiletten, bass fir naischt stoen bliwen, fannen dei am sw gud closed_eye
suraki 21.01.2011 - 19:20
merci Zora,
fir néicht ... bass de der sécher ?bigsmile
Zora 21.01.2011 - 19:31
Nö.... An du?smile
suraki 21.01.2011 - 21:00
fir néicht an och net, d'Bild gét jo sou mat closed_eye
Zora 21.01.2011 - 21:03
closed_eye
Poly 21.01.2011 - 17:57
dat sinn déi nei Frittebuden smile
gutt opgeholl
suraki 21.01.2011 - 19:22
extra fir d'CFL Leit dohinnergestallt closed_eye
elmuzo 21.01.2011 - 18:58
ass iergendwéi traureg
awer soss näischt auszesätzen
suraki 21.01.2011 - 19:22
merci elmuzo, da sinn ech zefridden smile
m-otiv 21.01.2011 - 19:24
fannen SW konversioun ganz gutt gelongen
suraki 21.01.2011 - 19:28
merci och hei Vito
m-otiv 21.01.2011 - 19:31
mä hänkt se oder sin di HAisecher kromm?
suraki 21.01.2011 - 20:58
d' Haisercher hänke Vito, dat huet mer och sesou gutt gefall
marker 21.01.2011 - 19:44
...Frittebud hin, Toilettenhaisercher hier, den S/W passt gudd,
an déi zwou Diagonalen vun de Strosseluuchten an der Stross selwer
als "opposé" sin den Tëtonguepelchen um i.. closed_eye
suraki 21.01.2011 - 20:56
merci Marker, deen Tëtonguepelchen frët besonnesch closed_eye
Gogo1964 21.01.2011 - 21:20
Eng wonnerschéi Foto vun deem schéinen Déifferdang. Hunn direkt erkannt wou dat ass an et ass der en immens schéint Bild gelongen.
suraki 21.01.2011 - 21:26
wow, merci Gogo dat freet smile
Maimonides 21.01.2011 - 21:40
Wéi Strandkabinnen,
ouni Sand a Mier,
well se esou
schéin kromm sinn.

Super Foto, Ed.
suraki 21.01.2011 - 21:49
Charel, lo wées ech wat ech gesicht a net fond hunn, ... Strandkabinnen ... merci !
He-Lx 21.01.2011 - 21:47
Et huet sech rentéiert.
LG Henri
suraki 21.01.2011 - 21:49
Henri merci, ... dann sinn ech elo berouegt smile)
He-Lx 21.01.2011 - 21:52
Dat woars de souwisou.
Ech hun nach e peur Biller vum Differdenger Krëschtmoart, ma déi sin fIr de nächste Krëschtdagclosed_eye
suraki 21.01.2011 - 21:55
ech waarden dann drop closed_eye
He-Lx 21.01.2011 - 22:00
We'll see :o)
Schluck 21.01.2011 - 22:38
Super gesinn suraki ... du hues einfach den richtegen Bléck fir sou Sachen
suraki 22.01.2011 - 12:21
merci Schluck, den Apparat stoung op Motivautomatik closed_eye
Schluck 22.01.2011 - 13:27
Hehe ... ass dat den M ? Bei mir funktionéiert den awer nach nët sou gudd. Do gesäit een dass een den Bléck mol kréien/trainéieren .. ech fueren och oft do laanscht mais stoen bliwwen sinn ech och nach net.
wuff 21.01.2011 - 23:54
do sinn ech déi läscht Deeg och en puer mol laanscht gefuer. Super gesinn.
suraki 22.01.2011 - 12:22
déi Fehler, häts net solle laanschtfueren, ganz kuerz stoebleiwenbigsmile
merci wuff ! smile
Jeanny 22.01.2011 - 15:33
Cool, alles am Bléck Edy, eng herrlech a kloer Foto.
suraki 22.01.2011 - 15:35
merci Jeanny , freet mech smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 395 Gäscht online