Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Och wann des terribel...

 
Och wann des terribel...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.01.2011
  • Gekuckt:
    27411
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    351 KB
  • Originaldatum:
    28. Januar 2011
  • Fotoapparat:
    Lumix-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner
2. Kategorie: Allgemeng »» Schnappschëss
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52678]
Kommentar vum Fotograf:
...verrauscht ass,
mengen ech se trotzdem weisen ze dierfen:

1. well et e richtegen Schnappschoss ass (elo oder ni, a keng Zäit fir opzehellen, ...an eng 2. Kéier geet esou wéi sou net)
2. well all Elteren a Grousselteren déi do Situatioun schonn eng Kéier erlieft hunn.
Zora 28.01.2011 - 21:43
Oh wei seiss sin dei 2 do, do hues de Rescht, et därf een net laang iwerleen, soss sin se schon erem eraus gekrabbelt, very sweetclosed_eye
Maimonides 28.01.2011 - 21:52
Merci, Zora.
gtaddei1 28.01.2011 - 21:54
Angekesselt dei 2... spontan an freiwellech... D'Liewen op der Liichter Schëller... Wei flott!
Mir an eisem Liewen hunn den Devoir Néés Esou ze ginn ewei dei 2... an wei mein klengen vun 11.

Mé dei hunn awer nach en haarde Wé virun sech.

Art par hasard.. jo ceci est la vie
Maimonides 28.01.2011 - 22:00
Dës ass op menger Schaff gemaach ginn wou 1 Papp seng Kanner matbruecht hat well hir Mamm krank ass. An déi 2 hate ganz séier een eidele Schaaf entdeckt....
closed_eye
gtaddei1 28.01.2011 - 22:05
Jo et ass wann se bei mech kommen an sie rappen mir mein Pult oof... an et faalen Stecken vum Dësch an um Enn ginn ech hinen och nach é Cadeau.. smile

D'Liewen ouni dei Beischten waer jo kén Liewen!
Maimonides 28.01.2011 - 22:07
Genau esou ass et !!
gtaddei1 28.01.2011 - 22:16
smile
An d'Sucette... alles nach am 1 schten Stadium... Villeicht nach de Kaka... de rescht huet nach vollkommen Zait
Maimonides 29.01.2011 - 17:56
Esou wäit ech weess,
sinn di do 2 genau an der Zäit.
An de "Rescht",
grad esou gutt wéi d' "Zäit",
waarden op hir Definitioun.
gtaddei1 29.01.2011 - 18:44
Genau charel... Wuessen an harmonie
Maimonides 29.01.2011 - 18:46
!
Annick 28.01.2011 - 22:11
Ohh richteg léif di 2. Gudde Schnappschooss, just de richtege Moment erwescht bigsmile
Maimonides 29.01.2011 - 17:56
Merci, Annick.
mischii 28.01.2011 - 22:48
herrlech, d'Kandheet genéissen a glécklech sin!
beweglech sin se jo och nach soss wären se nët do dra komm.
ëmmerhi besser wi wann se schon um Computer bei engem Spill séitzen!
Eise Kanner feelt am Moment sou vill, wou gesi mer se dobaussen eleng zesumme spillen. wou amuséiren si sech nach ouni dass se deiert Spillgezei hun? an nach ganz vill hätt ech do ze soen!!
mee lo mol zum Bild, do stéieren keng technesch, nët sou perfekt Detailler, en einfacht schéint Bild aus dem Liewen, an et beweist , dass kleng Kanner och ouni Spillsaachen ganz schnell eppes fannen fir ze spillen, pardon, op DEnger schaff war et vläicht nët sou gënschteg

Maimonides 29.01.2011 - 18:06
Dass déi Butzen do
dat op menger Schaff
organiséiert hunn,
fannen ech super:
meng Schaff erlaabt dat,
an d'Kanner woussten et.
An ech hunn, herno,
nach opgepasst:
si sollten sech net
hir Fanger quëtschen !

An dat wat's du
iwwer äis Kanner
geschriwwen hues,
dat ënnerschreiwen
ech dir direkt,
Michèle.

A Merci.
jorsch 29.01.2011 - 18:33
Leien di do zwee an der Rakéit fir op de Mount, wou d'Elteren se heiansdo hischécke wéilten an se dann awer kuerz nom Startschoss schonns vermësse géifen? smile
Flotte Schnappschoss, voller Liewen!
Maimonides 29.01.2011 - 18:42
Dat kann een, effektiv, och esou gesinn, jorsch.
"Rêve pour les uns et cauchemar pour les autres".
closed_eye
Merci.
Jeanny 29.01.2011 - 21:19
An däi Schaff hellt dat jo aus, en ass just e bëssche kleng smile
wann se elo heem kommen, gëtt der Mamm hire Schaff ausgeraumt, dann ass däi frou unhappy
Kanner brauche net vill vir ze spillen,
eng herrlech natierlech Foto, an Suckel ass esou gutt smile
Maimonides 29.01.2011 - 21:58
An eisem Alter, Jeanny,
plus/minus
versteet sech dat vum Selwen.
Firwat ?

closed_eye

An e décke Merci.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 438 Gäscht online