Denken net datt et schlemm as, datt den Schwanz net ganz drop as. Kann een jo och en oppent Bild hun (oder wei nennt een dat nach mei?). Faarwen sin och super. Mengen ech dat just oder feelen him puer Zeiwen?
wow! genial! gefällt mer wirklech suppergudd... dei faarwen, den cadrage, d'beliichtung... fannen et flott, daat een dee Gecko zum deel als silouette geseit an zum deel seng schuppen sou gudd ze erkennen sinn. an den hannergrond fannen ech immens...
de fehlende schwanz steiert mech op den eischten bleck mol net. mee et geif mech trotzdem interesseiren, wei et mat schwanz geif ausgesin.
Op den ofgeschniddene Schwanz lo schlëmm ass oder nët, doriwer léisst sech wuel streiden. Perséinlech fannen ech ët nët wiirklech schlëmm, natiirlech wier ët interessant ze wëssen wéi d'Photo mat dem Schwanz ausgesi giff. Dovun ofgesin ass de Cadrage ganz flott, den Hannergronn passt faarwlech excellent, just ass ët schued, fannen ech, dass däi Kolleg nët eng Grëtz méi hell ass. Wier flott wann een awer vlaicht e bëssi méi vu séngem Schuppekleed erkenne kéint.
Ansonsten awer ganz flott Photo.