Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

den ale groe Bier ...

 
All Fotoen an dëser Serie:
14253 Thumbnail
14254 Thumbnail
14255 Thumbnail
14256 Thumbnail
den ale groe  Bier ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.03.2011
  • Gekuckt:
    32732
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Originaldatum:
    de Sonndeg ;)
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=54189]
Kommentar vum Fotograf:
... den se hei am "Zoo" schonns 2493688x besicht hunn,
den 8320x an de Publikum an och de Kollegen zougebrëllt huet,
ass midd an net méi motivéiert,
en huet keng Loscht méi,
hin an hier ze schwammen,
a seng Grenze gewisen ze kréien,
Konschtstécker ze maachen,
déi virttéicht vum "Zoodirekter"
oder senge Wäerteren mussen acceptéiert an gepréift ginn,
gesot ze kréien, ewéi haart d'Wasser beim schwammen rauschen därf,
ewéi schaarf seng Krallen ze sinn hunn,

Fléit täuscht et e bëssen driwwer ewech an et geséit en him et net of, well e mam klenge Meedchen hei spillt, mä ech mengen den "Bier" ass midd.




Blimchen 29.03.2011 - 17:39
Den Äisbier


ech dénke de Bier ass einfach apatesch.
mir wieren et jo och.
Gut bearbescht. Hues de Spigelungen express dran geloss?
suraki 29.03.2011 - 17:45
merci Blimchen ,
un däin Äisbier, (méin hei e kennt net emol an dem séi Schied !) hun ech direkt missen denken smile)

d'Spigelungen hunn ech express drageloos well ech d'Serie als kleng Reportage wollt weisen,
dengem hei kann e jo keng Konkurrenz maachen closed_eye
Blimchen 29.03.2011 - 21:27
ohhh (roud ginn) smile
Merci dat ass féin.
Okay ma dann ass dat jo gut wanns de dat esou geduecct hues
de_ck 30.03.2011 - 00:07
Ech waar eemol zu Amneville do waar ech leischt 8-9. An seitdeems net mei an engem Zoo, bis vierun 3 Joer. Do waar ech an den Eifelzoo ... dass enner alles Sau wei do d Deieren liewen, ech wär em leiwsten an den Büro vum Direktor gelaaf an hät deen mol gudd zesummengeschlo an duerno an sain Aktenschaaf agespaart. Zu Köln kunnt ech mer et zwuar nik verknaiffen, ma ech hun mer gesoot niemei een Zoo / Aqualand oder dersglaichen.

Lo zur Fotoserie: Dei ass genial, se weisst rischteg dem Aisbier sen Apathie, wei en et midd ass, an verzweifelt. Einfach Top
de_ck 30.03.2011 - 00:09
mh problem beim commenteieren lo waar den comment zweemol do
GarrySchroeder 29.03.2011 - 18:15
#3an 4 sin genial !
suraki 29.03.2011 - 18:18
2X merci Garry, smile
déi dräi éischt, sinn "d'Virspill" vir déi drëtt closed_eye
Zora 29.03.2011 - 18:29
Sperr een Mensch 4 Wochen an een klengt Zemmer an, mat enger klenger Fenster, firdaat all Mensch heen begaffen kann, an loss heen dann eraus, an kuck wei en sech behelt, eng bewegend Reportage, dei een nodenklech meet smile
Maimonides 29.03.2011 - 20:41
Nach méi richteg, Zora,
wier deng Analogie esou:

"Spär ee Mënsch 4 Wochen
an ee klengt Zëmmer an,
mat enger klenger Fënster,
fir dass all Ä i s b i e r hien begaffe kann....",
well dann gesäit hien
och keen vun senger Zort.
Zora 29.03.2011 - 20:46
Zeguer nach besser, du sees etsmile
Jeanny 29.03.2011 - 19:13
eng wonnerbar Serie, an dach esou traureg,
wa keng Leit giffe kucke goen, giffen et keng Zoo a keng agespaarten Deieren.
Richie 29.03.2011 - 20:29
Deen aarme Petz !
Déi läscht ass mäin Fav.
indian 29.03.2011 - 20:36
daat do misst verbueden ginn
Maimonides 29.03.2011 - 20:44
Mat 4 Biller ee ganze Film, Ed:
en Drama.
Top di do.
galileo 29.03.2011 - 20:48
Ech hu seelen hei eng Serie gesinn, déi wierklech gudd ass, als Serie.

Daat hei ass der gudder eng - definitiv !
NikonD80 29.03.2011 - 21:00
ech schléissen mech dem galileo un
jorsch 29.03.2011 - 21:17
Ech och!
Jean-Jos 29.03.2011 - 21:21
Staark Ed, ganz staark!

Merci Zora a Maimonides fir äer méi nodenklech Nout zu dëser Foto.
Kilroy1313 29.03.2011 - 21:25
Am schwaarz/wäiss ass dat doten keng erbaulech Serie, wann ët faarweg wier kéint ee sech nach beléien a soën dat wier dach esou schéin.
Ech si komplett dergéint déi wëll Déieren anzespäeren - mä wéi mir all war ech och schons e puermol an den Zoo. De Mënsch ass eben leider voller Widdersprëch ! Ët gi keng 3 Méiglechkeeten: Wann een nët wëllt datt déi Quälerei do weidergeet kann ee selwer jhust nët méi dohinner goën. Mam Zoo ass ët wéi mat Cattenom, eemol datt e gebaut ass, ass ët ze spéit. Mir wëlle mueres eisen Toast an eis Luut, an heiansdo mol exotësch Déiere kucken. Wa mir béid zou maachen léise mir d'Problemer nët; fir eisen Stroum musse mir nach ganz vill Wandmillen opstellen, a wann den Zoo zoumëcht gët den aarme Bier jhust un en aaneren Zoo verkaaft. - Wënsche mir him Courage, well mat der Pensioun sin ech mer nët esou sëcher fir hien !
m-otiv 29.03.2011 - 21:45
Bon, mise à part de ganzen zoo/politico-korekt blabla, fannen ech die 4ert fototeschnesch tiptop...an hei geet et jo em fotografie
suraki 29.03.2011 - 22:26
alleguerten hei en richteg decke Merci gesot, fir déi Méi , déi der iech ginn hutt , e puer Zeilen heihinner ze schreiwen, sidd mer net béis dat ech elo net op all Kommentar aginn, " mä den heiten ale groe Bier ass och midd ! "

fléit géet et bei der Serie hei "och" e bëssen em den Prinzip vun PG a net "nëmmen" em d'Fotografie. (Vito closed_eye )

wann mer de Wäerteren, de Numm Fräischalter giffe gin, wann den Direkter en Administrator wär, wann déi 2493688 Zoobesicher nëmmen einfach Klickser op en User wären, wann ...

naja looss mer einfach net drun denken closed_eye
nach emol merci @ll !!
Garry 29.03.2011 - 23:02
oder wei soht des lescht eent:

oh, ech gin net wielen, waat brengt meng eenzel, mickreg Stemm da schon?
Emmerhin as ett d'Kraaft vun der Mass (die Menge) dei zielt...
________________

oeeeehm...aha...ok............. ?!? bigsmile
He-Lx 02.04.2011 - 14:09
D'Fotoausso vum versichten awer onméiglechen Dialog, deen déi 2 ustriewen fannen ech absolut gelongen.
ChLo 07.04.2011 - 17:16
Super Serie.

Bësonëscht déi Läscht ass Top.
bpereira 07.04.2011 - 17:53
dei läscht photo ass immens. Bravo
suraki 14.04.2011 - 12:11
merci och un iech dräi smile
a nach emol un alleguerten
Keup 14.04.2011 - 13:23
Dei 4t ass top. closed_eye
suraki 14.04.2011 - 16:34
hei och nach emol thx smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 336 Gäscht online